ËWK Dezember: Lisa Junius

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass d’Lisa Junius?

D’Lisa Junius, Joergang 1992, huet vu Klengem u gäre gemoolt. Et war fir d‘Lisa fréi kloer, datt hatt op eng E-Sektioun an dono Konscht géif studéiere goen. No sengem Master op der Konschthéichschoul zu Stroossbuerg am Joer 2016, huet d’Lisa sech selbstänneg gemaach a säin Atelier am 1535° zu Déifferdeng opgemaach. Do entstinn zanterhier Illustratiounen, Wandmolereien an awer och Keramikproduiten, ëmmer mat engem Fokus op d‘Faarf Blo. Dobäi inspiréiert d’Lisa Junius sech u Bicher, Erzielungen a Märercher.

E puer Wierder iwwer d’Illustratioun…

Meng Iddi fir d’Illustratioun baséiert op enger Patronne vun der Natur a vum Wanter, déi, begleet vun enger gewëssener Rou a Kraaft, duerch d’Landschaft trëppelt. Et ass eng märchenhaft Welt, déi am Aklang mat sech selwer ass, an déi eis vläicht déi richteg Richtung ka weisen.

 

 

 

 

 

You don't have permission to register