Wanterfeeling 2021

Säit e puer Joer schafft d’Gemeng Suessem mat den Artisten vun der Asbl La Buenaventura zesummen, déi den Optrag kritt hunn, sech ëm en den artistesche Volet bei de grousse Gemengemanifestatiounen ze këmmeren. Esou war och de Wanterfeeling 2020 komplett duerchgeplangt, éier d’Editioun kuerzfristeg huet missen wéinst de Covid-19-Mesuren ofgesot ginn.

Am eisem Gespréich gëtt de Sébastien Goderniaux eis e klengen Abléck an d‘Organisatioun fir de Wanterfeeling 2021, dee vum 12. bis de 14. November beim Suessemer Schlass stattfënnt.

 

Sébastien Goderniaux, kënnt Dir eis scho verroden, wat d’Visiteuren um Wanterfeeling erwaarde wäert?

De Wanterfeeling wäert eng Hellewull vun Iwwerraschunge parat hunn, vu Spektakelen, alen Zirkuszelter bis hin zu Video Mapping a villem méi. Dir kënnt Iech ënnert anerem vun Artisten an Akrobaten oder och vu liichtende Bëschwiesen verzaubere loossen. De Wanterfeeling gëtt e visuellt a musikalescht Erliefnes, wou och mam Feier gespillt wäert ginn. Et gëtt also e grousst Fest fir d’ganz Famill am magesche Kader vum Suessemer Schlass.

Wat huet un der Programmatioun, par rapport zum leschte Joer, changéiert?

De Report vum Fest huet eis virun allem méi Zäit ginn eis Iddie weider auszeschaffen. Och eis Participatioun um Summerfeeling am Juli huet eis d’Méiglechkeet ginn, déi eenzel Servicer vun der Gemeng nach besser kennenzeléieren, mee virun allem war et den direkte Kontakt mat de sympatesche Visiteure vum Summerfeeling, deen dozou bäigedroen huet eis Iddie fir de Wanterfeeling ze verbesseren.

Wouranner wäert de groussen Ënnerscheed zum Summerfeeling leien?

Eleng schonn d’Joreszäit mécht eng Differenz. De Wanter steet virun der Dier, et gëtt éischter däischter an dat erméiglecht eis et mat de Luuchten an de Faarwen ze spillen. Doduerch wäert et magesch a mysteriéis ginn. Dëst Fest am wonnerbare Kader vum Suessemer Schlass soll een dofir net verpassen!

 

You don't have permission to register