Maison Relais – Sportsprojet

De Kanner an der Schoul- a Fräizäit genuch Méiglechkeeten ze bidden, fir sech kierperlech ze defouléieren an nei Sportaarte kennen ze léieren, ass zanter laangem eng vun deene gréisste sozialen a gesondheetlechen Erausfuerderungen. Viru siwe Joer gouf an deem Kontext de Sportsprojet an eiser Gemeng an d’Liewe geruff.

 

Wann een dem Tunn Defay nolauschtert, da gi just e puer Sekonnen duer fir ze mierken, datt deem 35 Joer alen Educateur säi Projet wierklech um Häerz läit. Dëst ass och net verwonnerlech, well et war hien deen 2014, zesumme mam David Berthlé, dëse Programm lancéiert huet: “Et huet am Fong alles domat ugefaangen, datt den David an ech de Kanner aus der Maison relais dënschdes an donneschdes mëttes Sportsaktivitéiten ugebueden hunn.”

Et ass net nëmmen ee gudden Ausgläich zu hirem Alldag an der Schoul, mee virun allem och immens wichteg fir hir Motorik

Wat ufanks just mat zwou Persoune gedréint huet, déi dëse Projet am Kader vun hirer normaler Tâche assuréiert hunn, ass duerch den Erfolleg an de groussen Zousproch mëttlerweil richteg ugewuess. Zanter dem Schouljoer 2017/18 si mam Tunn an dem Jessica Mausen zwee Leit komplett un de Sportsprojet detachéiert. Fir dës Rentrée koum mam Bob de Temmermann souguer nach een Drëtten dobäi.

“Mir hu séier gemierkt, datt mir mat dëser Offer een Nerv bei de Kanner getraff hunn,” erkläert den Tunn Defay weider, “et ass net nëmmen ee gudden Ausgläich zu hirem Alldag an der Schoul, mee virun allem och immens wichteg fir hir Motorik. Doniewent bidde mir och ëmmer erëm Sportaarten (Danzen, Klammen, asw.) un, déi villäicht net esou geleefeg sinn.”

Déi verschidde Plage vum Sportsprojet sinn dobäi ganz verschidden. Wärend méindes a mëttwochs no der Schoul déi Kanner zum Asaz kommen, déi a kengem Veräin aktiv sinn, riichte sech déi ënnerschiddlech Atelieren dënschdes an donneschdes u jiddwereen. Ganz beléift sinn och d’Aktivitéiten an der Mëttesstonn, bei deene sech pro Trimester eng ronn 30 Kanner wärend gutt 50 Minutte kierperlech defouléiere kënnen.

Déi nei Hal um Kannercampus ass ee richtege Glécksfall fir eis

Méi Personal a méi modern Infrastrukture verschafen natierlech och dem Sportsprojet méi Méiglechkeeten. Dat weess och den Tunn Defay ze schätzen: “Déi nei Hal um Kannercampus ass ee richtege Glécksfall fir eis. Dës erlaabt eis nämlech och moies mat de Kanner ze schaffen. Sief et un der Motorik am Allgemengen oder och am Kader vun eenzelnen Theemebléck. An dat alles niewent dem reguläre Sportunterrecht.”

Op der aner Säit geet de Sportsprojet awer nach wäit iwwert den Terrain eraus. Sou sichen d’Koordinatore permanent den Austausch mat lokalen a regionale Veräiner an Traineren. Als Konkurrenz zu deenen, respektiv der LASEP, wëlle si sech awer op kee Fall gesinn. Vill méi geet et dorëms Synergien ze schafen, regional Tournoien z’organiséieren oder och nach de Kanner Sportaarten an déi jeeweileg Veräiner schmackhaft ze maachen. An deem Kontext sief och erwäänt, datt d’Maison relais een eegene Shuttle-Service huet, deen d’Kanner nomëttes op déi kommunal Sportstraininge féiert.

Trotz senger nach relativ jonker Geschicht, ass de Sportsprojet eng Successstory a seng Entwécklung nach laang net um Enn. Dëst kënne sécherlech och déi knapp 200 Kanner ënnerschreiwen, déi all Woch vun dëser Offer profitéieren.

 

** Ee gesonde Geescht an engem gesonde Kierper

 

You don't have permission to register