ËWK November: Mik Muhlen

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass de Mik Muhlen?

De Mik Muhlen ass e Lëtzebuerger Illustrator an Designer. No senge Studien un der Arts University Bournemouth, kuerz der AUB a Groussbritannien, huet hie sech 2007 als Designer selbstänneg gemaach. Zanter 2009 schafft hien ënnert dem Pseudonym omniscientbeing u ganz ënnerschiddleche Projeten, vu grafeschen Illustratiounen iwwer motion design bis hin zur Wandmolerei a villem méi. Dobäi léisst de Mik sech vu mysteschen an okulten Theemen an der Pop-Kultur beaflossen.

 

E puer Wierder iwwer d’Illustratioun…

A menger Illustratioun vum Mount November wollt ech eng Atmosphär schafen, an där eng Brise iwwert d’Hierschtlandschaft zitt. D’Blieder fale vun de Beem wärend de Wand de Knascht an der Loft ewechbléist fir d’Natur z’erfrëschen an d’Loft ze rengegen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register