Geierftent Talent

D’Kichen ass déi Plaz am Haus, wou Famill a Frënn zesummekommen a wou een déi schéinste Momenter zesumme verbrénge kann. Dat weess de Luc Reis scho säit senger Kandheet.

Als Bouf huet hie vill Stonne bei de Grousselteren zu Zolwer verbruecht, wou hie sengem Grousspapp, dem Edouard Toussing, beim Kachen iwwert d’Schëller gekuckt huet. Dobäi huet hien déi verschiddenst Rezepter, vun der selwer gemaachtener Mayonnaise bis hin zu der Rieslingspaschtéit, an och eng ganz Rëtsch Geheimtipps geléiert, déi hie bis haut begleeden.

Den Ed. Toussing, Papp vun 13 Kanner, war Kach aus Leidenschaft. Nodeems hien nom Krich vum Kranfuerer an d’Kiche vun der Arbed versat gouf, war seng Karriär lancéiert. Dunn dierft hien esouguer am Arbeds-Gebai um Rousegäertchen an der Stad fir d’Direktioun kachen, éier hien op Paräis gaang ass, wou e säi Kënnen an engem Stäre-Restaurant ënner Beweis stelle konnt. Dono koum hien zeréck op Lëtzebuerg, wou hien nach an deem engen oder anere Restaurant seng Erfarunge gesammelt huet, bis en sech entscheed huet, säin Talent mat de Leit ze deelen, andeems hien zu Zolwer Kachcoursë ginn huet.

Mat 72 Joer huet hie sech du bäibruecht, wéi een e Computer benotzt an huet ugefaangen all déi Rezepter, déi en am Kapp hat, ofzetippen. Dobäi sinn iwwer d’Joren e puer Kachbicher entstanen, déi e ganze Koup Rezepter fir all Geleeënheet beinhalten, vun de lëtzebuerger Spezialitéite bis hin zu der internationaler Kichen. Eent vun deene Bicher – déi mëttlerweil all vergraff sinn – benotzt de Luc Reis och haut nach am Alldag.

Wann hie säi Schiertech undeet, ass hien absolut a sengem Element. Seng Freed um Kachen ass net z‘iwwersinn a säin Talent ka wuel jiddweree bestätegen, dee seng Kreatioune geschmaacht huet. Mee trotz dëser Leidenschaft fir déi gutt Kichen huet sech de Luc géint eng Karriär als professionnelle Kach entscheed. Dofir huet hien a sengem berufflechen Alldag awer reegelméisseg mat Gastronomie ze dinn. Als Managing Director bei enger Busentreprise organiséiert hien ënner anerem kulinaresch Rondfaarten, fir de Leit ze weisen, wat Lëtzebuerg u gudder Kichen ze bidden huet.

Haut preparéiert hien eng „Escalope de Saumon au Champagne“. Dëst ass nämlech dat éischt Rezept, dat hien eleng kache konnt an dat och jiddweree ganz einfach nokache kann.

Escalope de Saumon au Champagne:

Fir 6 Persounen:

  • 1 Ënn
  • 1 Porrett
  • 1/3 Zelleri
  • 2 Muerten
  • 1 Zitroun
  • 1200g frësche Saumonfilet
  • 5-6 Eegiel
  • Salz
  • Peffer
  • 2 Lorberblieder
  • 2 Neelcheskäpp
  • ½ Fläsch Schampes
  • 12 schéin a Form geschnidde Gromperen
  • 100g Botter

Preparatioun vum Court-bouillon:

1 Ënn an dënn Scheiwe schneiden. Dee wäissen Deel vun enger Porrett, 1/3 vun engem Zelleri an 2 Muerten a reng Julienne schneiden. 1 Zitroun kanneléieren an an dënn Scheiwe schneiden. D’Muerte kann een och kanneléieren an dann a Scheiwe schneiden. D’Geméis mat engem hallwe Liter Waasser mat Salz, Peffer, 2 Lorberblieder an 2 Neelcheskäpp opschëdden. 20 Minutte kache loossen. D’Zitrounescheiwen an d’Hallschent vum Schampes dobäiginn.

De Saumon anan dënn Schnitzele schneiden an draleeën. 5-10 Minutte bei 180°C am Schäffchen zéie loossen.

Mam Eegiel, Salz, Peffer aus der Millen an dem Rescht vum Schampes eng Sauce Hollandaise virbereeden. Mam geschmoltene Botter ofschléissen. De Saumon am Court-bouillon an d’Zooss à part zerwéieren.

 

Gudden Appetit!

Post tags:
You don't have permission to register