Matgesfeld – All Dag ass anescht

Interview Leroy Caldarella Weis
Gerant vun de Gemeinschaftsgäert am Matgesfeld zu Bieles

Säit 2017 stinn 28 Gaardeparzellen de Bierger·innen aus der Gemeng zur Verfügung fir Geméis an Uebst unzebauen oder Blummen ze séinen. Natierlech komplett ouni Pestiziden. De Fräiraum ronderëm gëtt zesumme genotzt an och d’Schoul Bieles-Post an d’Maison relais vu Réideng (F) hunn hei hir Parzellen. D’Amis de la fleur Bieles hu sech bis d’lescht Joer ëm de Site gekëmmert, mee duerch de Wuesstem vum Projet an de villen neien Tâchen, déi mat der Zäit dobäi komm sinn, gouf am Dezember 2020 de Leroy Caldarella Weis als Gerant fir d’Matgesfeld agestallt.

Stell dech wgl. kuerz vir…

Ech sinn de Leroy, hu Gaardebau an Däitschland studéiert an hunn d’lescht Joer am Februar meng Etüden ofgeschloss. Eigentlech wollt ech och nach e Veterinär-Studium drunhänken, mee dunn hunn ech déi heite perfekten Aarbechtsplaz fonnt. A bis elo kann ech soen, datt ech déck zefridde sinn, all Dag ass anescht an et ginn dauernd nei Erausfuerderungen.

Deng Missiounen am Matgesfeld

Ech geréieren eigentlech de ganze Site, zousätzlech kënnt an Zukunft den neien Ëmwelt- a Bildungszentrum dobäi. Haaptsächlech garantéieren ech den Accueil hei um Matgesfeld, fir Visiteuren, awer och fir d’Schoulen an d’Maison relais vu Réideng. Mir bidde fir Schoulklassen elo och Atelieren un, z. B. an de Gäert selwer, an der Volière pédagogique mat den Hinger oder am Beienhaus. Dofir gehéiert et och zu mengen Tâchen e Programm mat Aktivitéiten opzestellen, de Lien tëschent all den Intervenanten ze sinn an datt alles openeen ofgestëmmt ass. Dofir gëtt deemnächst e Comité de Suivi an d’Liewe geruff, an deem all d’Partner vertruede sinn: d’Gemeng duerch meng eege Persoun an de Service Écologique, d’Schoul an de Klenggäertnerveräin.

 

Mat de Kanner ronderëm goen, cool Kraider weisen, wéi z. B. Menthe mat Äerdbiersgeroch oder Colakraut, dat ass ëmmer immens spannend fir si.

 

Wat ass den Ënnerscheed tëschent Kollektiv- a Schrebergäert?

Schrebergäert si vill méi streng reglementéiert an déi eenzel Parzelle sinn ëmmer mat engem Zonk richteg vuneneen ofgetrennt. Hei am Matgesfeld ass et e ganz anert Konzept, et ass alles vill méi oppen. Et ginn zwar och eenzel Parzellen, mee och gemeinschaftlecher, op deene jiddwereen d’Méiglechkeet kritt sech an der Gäertnerei z’üben. Doniewent huet de Projet och e sozialen a pedagogesche Volet. Et ginn Aktivitéite fir Schoulkanner, mee mir haten z. B. nach virun e puer Woche jonk Awunner aus dem Flüchtlingsheem vun Zolwer hei, mat deene mir eis zesummen ëm eng Parzell wäerte këmmeren. Et kann ee scho soen, datt am Gaart schaffen en Trend ginn ass, a säit der Corona-Kris ass dëst nach eemol verstäerkt ginn.

 

Wat gëtt an de Gemeinschaftsgäert ugeplanzt?

An de Gemeinschaftsbacke wuessen ënnert anerem Tomaten, Courgetten, Kraider, Äerdbieren, asw. Do an un de Gemeinschaftsparzelle bausse laanscht de Gäert, dierf sech och jiddwereen zerwéieren. A wann der dann nach iwwereg bleiwen, da gi mir d’Saachen un d’Epicerie solidaire, déi et da weiderverschaffen.

 

Fir d’Zukunft wënschs du dir…

…datt et sou weider geet wéi bis elo, datt et all Dag sou spannend bleift an ech dauernd eppes Neies erliewen. Mee dat hunn ech och gären, wann all Dag eng Erausfuerderung ass. Duerch d’Erweiderung mat néng neie Parzellen, dem zukünftegen Ëmwelt- a Bildungszentrum an nach villen anere Projeten, wäert et mir sécher net langweileg ginn.

 

You don't have permission to register