Laboratoire d’Études Queer

Als nei LGBTIQ+ Freedom Zone, huet d’Gemeng Suessem zesumme mam Laboratoire Queer, sur le Genre et les Féminismes, LEQGF, d‘Rentrée, an domat och den offiziellen Optakt vun den Aktivitéite vun der Associatioun mat enger Konferenzrei gefeiert. De LEQGF ass eng nei Associatioun aus eiser Gemeng, déi sech mat LGBTIQ+ Sujete befaasst.

Den Optakt gouf den 3. September 2021 am Festsall mat der Konferenz vun der Prof. Dr.-Ing. Corinna Bath vun der Technische Universität Braunschweig iwwer Gender-Studien an Genderkonzepter gemaach. De 4. September konnten eis Awunner·inne méi iwwer Queer an Trans-Studien an der Konferenz vum Dr. Adrian de Silva vun der Uni Lëtzebuerg gewuer ginn. Zum Ofschloss huet eng Table ronde iwwer Gender-Studien an der Praxis stattfonnt. Hei waren d’Invitéeën d‘Madamm Nicole Jemming, Chargée vum Service à l’Égalité des chances vun Esch/Uelzecht, an d‘Madamm Annabelle Laborier-Saffran, Chargée vum Service à l’Égalité des chances vun Diddeleng.

No dësem gelongene Start freet sech d’Gemeng Suessem schonn op weider zukünfteg Collaboratioune mam Laboratoire Queer, sur le Genre et les Féminismes. En Vue d‘Artikele 6 an 10 aus der Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie locale an esou och d’Objektiver aus eisem Aktiounsplang fir d’Chancëgläichheet an d’Diversitéit z’erfëllen, ënnerstëtzt de Service à l’Égalité des chances et Diversité dem LEQGF säin Zil d’Studien am Beräich Queer, Gender a Feminismus ze promovéieren. Weider Informatioune kënnt Dir um Site Leqgf.lu noliesen.

You don't have permission to register