“Dik Dik Dak!”

Grouss a Kleng sichen op Ouschtersonnden no der Hellewull Eeër, déi am Suessemer Schlasspark verstoppt goufen. Dobäi gëtt musikalesch Animatioun gebueden an den Animastaff mécht Facepainting. Mir hunn net schlecht gestaunt, wéi mir den Ouschterhues schonn e puer Deeg am viraus beim Park begéint hunn.

 

Salut Ouschterhues! Du bass awer fréi un dëst Joer.

… an net gutt getarnt, wéi ech gemierkt hunn. Normalerweis sinn ëm dës Zäit just Leit aus der Ëmgéigend mat hiren Hënn hei. Déi wénke frëndlech a gi weider, wa si mech iwwerhaapt gesinn.

Du bass méi grouss, wéi ee mengt. Dann ass et schwéier, sech hannert enger Heck oder engem Bam ze verstoppen.

Dat ass meeschtens net néideg. Mee wéi mech d’Kanner vun enger Crèche virdrun erbléckst haten, war ech net op Zack, an duerno hunn ech eng hallef Stonn laang als Knuddelpetzi missten duerhalen. Déi hu kee Matleed mat engem pelzegen Déier an der praller Sonn. Do zielt just de perfekte Selfie.

 

Am Prinzip méchs du de Kanner jo awer gär eng Freed, oder?

Natierlech, mee ech sinn haut eigentlech hei fir a Rou ze schaffen. Ech siche besser Plaze fir d’Eeër ze verstoppen. Dat lescht Joer goufen se nämlech all fonnt.

Dat ergëtt kee Sënn. Du wëlls et de Butze schwéier maachen, fir d’Eeër ze fannen, mee du wëlls si awer an engems frou maachen.

Dir schwätzt grad mat engem zwee Meter groussen Hues. Zielt emol engem dat. Dat ergëtt nämlech och kee Sënn.

Wat faszinéiert dech dann esou um Suessemer Schlass, dass du all Joer grad heihin zeréck kënns?

Éischtens emol gëtt et dat Schlass schonn esoulaang wéi mech. An de leschte 400 Joer hunn ech villes gesi komme a goen, mee ech konnt mech ëmmer drop verloossen dass hei eng Plaz wier, fir d’Eeër hin ze tässelen.

 

400 Joer… du gesäis guer net esou al aus.

D’Kanner hale mech jonk. Ech versti just net, firwat si sech ewell dat ganzt Joer iwwer heihi verlafen. An ëmmer froe si no “Pokémons”. Wësst dir, wat dat ass?

Jo, mee dat ass eng laang Geschicht.

Egal. Soulaang méi Schoko-Huese verkaf gi wéi Schoko-Kleesecher, maachen ech mir keng Suergen.

Wunns du hei an der Géigend?

En Ouschterhues wunnt iwwerall an néierens. Ech hu keng Zäit fir en Haische mat Gaart oder e Penthaus. Et ass vill Aarbecht, déi dausenden Eeër asammelen ze goen. D’Hénger sinn net grad déi gebueren Organisatiounstalenter, dat kann ech iech soen. Verlooss dech op en Hong, an du bass verlooss. An duerno kënnt d’Fierwen. Et ass net einfach, sech ëmmer nees nei Faarfkombinatiounen a Musteren aus de Fanger ze suckelen.

 

Wéi bréngs du et ronn, d’Eeër all vun Hand ze bemolen?

Dat ass e Betribsgeheimnis. Dozou just esouvill: wat am Huesebau geschitt, bleift am Huesebau. De gréissten Challenge ass souwisou, d’Eeër pénktlech fir Ouschteren ze verstoppen. Do muss ech ëmmer meng ganz Huesefamill mobiliséieren. Alles an allem ass et e Full-Time Job fir mech.

Hues du nach ni dru geduecht, de Beruff ze wiesselen? Mat dengem Bekanntheetsgrad kéints du Influencer op Social Media ginn.

Influenza? Gesondheet! Ech stieche meng Läffelen net a Saachen, déi mech näischt uginn. D’Kanner si frou, wa si mech gesinn. Dat geet mir duer. Wann ech optauchen, ass d’Fréijoer do, all Mënsch laacht a vergësst beim Eeërsichen d’Problemer op der Welt.

 

Kann ee soen, dass bei der Ouschtereeërsich de Wee d’Zil ass?

Mat all äre Froe kritt ee jo de Kapp wéi. Ech gi mech elo an de Schied leeën a raschten nach e bësse bis de Weekend. Soss leeft herno alles am Huesente… ehh, Schleekentempo.

 

D’Ouschtereeërsich gëtt organiséiert vum Schäfferot, dem Service des Relations publiques et de la Culture an dem Service Écologique vun der Gemeng Suessem. Rendezvous ass op Ouschtersonnden, dem 21. Abrëll 2019 vun 10.00 bis 12.00 Auer am Suessemer Schlasspark.

Dir fannt den Event och op Facebook.

 

You don't have permission to register