Eis Epicerie x Alain Welter

Dem Graffiti-Kënschtler Alain Welter seng Tableaue si Maueren a Fassaden. Wien duerch d’Duerf Koler an der Gemeng Garnech fiert, gesäit seng iwwerdimensional Konschtwierker, déi 2018 am Kader vu senger Bacheloraarbecht ënner dem Titel “Make Koler Kooler” entstane sinn. Si sinn de Beweis dofir, dass Konscht och op ongewinnte Plazen eng Plus-value ka sinn.

Seng Illustratioune sprangen engem direkt an d’A, an all Mauer zielt eng Geschicht. De villgefroten Artist war am Mäerz an der Gemeng Suessem, fir der “Eis Epicerie” zu Zolwer op 2, rue du Knapp säi Stempel opzedrécken an d’Banneliewen no baussen ze kéieren. Mir haten e spontaant Gespréich mat him.

 

De Alain Welter mécht sech prett fir d’Aarbecht

 

Wéi koum et zu dësem Projet ?

Ursprénglech gouf e Kolleg vu mir ugeschwat, deen Architekt ass. Hie konnt et awer net maachen, an dofir krut ech de Projet weider. D’Skizze ware scho virun annerhallwem Joer prett, mee duerch verschidden Ëmstänn krut de Projet Retard.

 

Gëtt et bei esou Projete Virgaben oder huet ee kreativ Fräiheet?

Dat hei ass eng Optragsaarbecht, an et ass eng Epicerie, also soll d’Motiv schonn domat ze dinn hunn. Ech hu gekuckt, wéi d’Gebai vun der Architektur hier opgebaut ass, fir esou vill Saache wéi méiglech ënner ze kréien, déi een an enger Epicerie ze kafe kritt. Zu Koler hat ech eng kéier un enger Mauer geschafft, déi ech a Këschten agedeelt hat. Hei bitt sech esou eng Opdeelung och un, well d’Gebai vill Fënsteren huet. An an enger Epicerie huet ee jo och vill Regaler a Këschten, sou dass dat Sënn mécht. Faarflech hunn ech mech dem Logo ugepasst an nach eng Blo bäigefügt, fir méi Kontrast a Variatioun eranzebréngen.

 

Hues du deng Skizz mat der Virlag ëmmer dobäi?

U sech jo. Mee ech muss se awer net de ganzen Zäit am Grapp halen, zum Beispill wann ech Mustere sprayen. D’Skizz weist mir graff, wat wou hi kënnt. Bei der Epicerie hunn ech awer zum Beispill een Element, dat fir eng vun de Säite virgesi war, op d’Front gemoolt. An ech hunn op enger Säit elauter Elementer benotzt, déi u sech guer net op der Skizz virgesi waren. Bei der Ëmsetzung geschéien ëmmer Saachen, mat deenen ee beim Konzept net gerechent hat.

 

Dem Alain Welter säin Aarbechtsgeschir

 

“Ech hunn e bessert Verständnis fir Proportiounen a Volummen entwéckelt”

 

Léisst een sech wärend dem Sprayen och inspiréieren?

Permanent, an heiansdo hëlt een dat guer net méi wouer. Eréischt nom Aarbechtsprozess gëtt engem bewosst, firwat een eppes op eng bestëmmte Manéier gemaach huet. Et muss een ëmmer op der Plaz selwer kucken, an da kommen engem och Iddien, respektiv no enger Nuecht Schlof. Ganz allgemeng gëtt et vill Saachen, déi mech inspiréieren, net nëmmen aner Kënschtler. Zum Beispill fannen ech, dass Musek oft enk mat der Molerei zesumme schafft. Wann ech Musek héieren oder bestëmmten Textzeilen, da kënnt mir ee Bild dozou an de Kapp. Dat benotzen ech dann, fir et kënschtleresch ëmzesetzen. Meng Inspiratioun kann awer och vun der Aktualitéit kommen, sou dass mir direkt eng konkret Iddi dozou afält.

 

Wann s du deen heite Projet mat denger éischter Aarbecht un enger Mauer vergläichs, wéi huet sech deng Aart a Weis ze schaffe verännert?

Déi éischt Mauer, déi ech zu Koler gemoolt hunn, war an deem heite Stil. Dat sinn zwee Joer hier, a mäi Stil huet sech weiderentwéckelt. Reng illustrativ sinn d’Saache vill méi detailléiert ginn. Ech schaffen och méi effikass. Ech benotzen zum Beispill ewell eng Setzwo mat Tape, sou dass ech riicht Linne kréie wann ech einfach driwwer sprayen. D’Technik ass méi elaboréiert. Hei hat ech och eng Hebebühn, zu Koler hat ech just eng Stee déi ech hu missten hin an hier réckelen. Ech schaffe mëttlerweil vill méi séier, mee duerch déi zwou Woche Reen huet de Projet hei zu Zolwer awer seng Zäit gebraucht.

 

Et ass also “learning by doing” bei dir?

Genee. Meng éischt Mauer zu Koler war nach ganz simpel. Zanter hier weess ech, wat mir méi a wat mir manner läit, a meng Saache gesi méi professionell a propper aus. Ech hunn e bessert Verständnis fir Proportiounen a Volummen entwéckelt, fir ze wësse wéi een d’Schattéierunge setzt asw.

 

Den Alain Welter bei der Aarbecht

 

Gouf et bei dësem Gebai eppes, dat dir Kappzerbrieches gemaach huet?

D’Mauer huet extrem vill Faarf gefriess, an dat war oft zimlech nerveg. Fir eng Fläch, déi normalerweis séier ausgefëllt war, hunn ech also trotzdeem e puer mol missten driwwer fueren.

 

Kann een am viraus net ofschätzen, wéi vill eng Mauer absorbéiert?

Et hänkt vun der Mauer of. Hei gouf et keng Grondéierung, an dann absorbéiert d’Mauer automatesch vill méi. Mee all Projet ass ëmmer eng nei Erfarung. Eng weider Schwieregkeet gouf et den éischten Dag, wéi mir d’Mauer ofgemaach hunn. Op där enger Säit ass eng Pente, an dofir huet d’Nacelle dauernd gepiipst well si net riicht stoung. Ech konnt mech dann heiansdo net weider beweegen. An op enger Plaz stoung e Bam am Wee, wat et schwiereg gemaach huet, ëmmer op den héchste Punkt ze kommen. Am Endeffekt huet awer alles geklappt.

 

 

Op der “Eis Epicerie” hues du dech elo veréiwegt. Wat sinn deng nächst Projeten?

Elo maachen ech emol Vakanz mat Kollegen zu Paräis. Dann hunn ech e klengen Optrag zu Wolz, ier ech, am Abrëll nach, eng Mauer zu Beetebuerg fir d’Jugendhaus maachen, wat e gréissere Projet ass a wou ech bal all Fräiheeten hunn.

 

Geet et zu Koler och nach virun?

Do ass elo e bësse Paus, well ech mäi Summer scho praktesch verplangt hunn. Ech hunn awer nach net wëlles, e Schlussstréch ënnert de Projet ze zéien. Ech hunn e puer Maueren am Kapp, déi ech wéilt maachen, déi ech awer nach ufroe muss.

 

 

Den offizielle Vernissage ass de 5. Abrëll 2019 ëm 19.00 Auer a Präsenz vum Artist.

www.alainwelter.com

 

You don't have permission to register