Lancement vum Blog

Nodeems déi lescht Deeg schonn e puer Teaseren an de soziale Medie gelaf sinn, goufen der Press de Méindeg, 25. Mäerz 2019 de Video an déi verschidde Visuelle vun der neier Imagecampagne virgestallt. Mat engem Bléck aus der Loft hieft d’Campagne d’Virzich vun deene véier Uertschaften aus der Gemeng Suessem (Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer) ervir.

An den nächste Wochen a Méint gëtt dem Slogan “Suessem, je t’aime” Liewen agehaucht a gewisen, wat d’Gemeng an hirem Häerz esou eenzegaarteg mécht.

 

De Video vun der Imagecampagne

 

Jidderee fënnt bei eis dat, wat e sicht. Dat gëllt fir déi ganz Kleng a fir déi Jugendlech, déi hei vun de Schoule bis bei d’Fräizäitaktivitéiten den ideale Kader fannen. Dat gëllt fir déi Erwuessen, déi hei berufflech Perspektiven hunn a kulturell verwinnt ginn. Dat gëllt fir déi eeler Generatiounen, déi hei wäit ewech vum Groussstad-Stress sinn, an awer alles no bei Hand hunn, wat si brauchen.

Dat gëllt fir jiddereen, deen d’Natur gären huet. Suessem, dat ass eng Gemeng fir d’Liewen. Seng verschidde Gesiichter kréie vun elo u Kontur an hir Awunner, hir ëffentlech Perséinlechkeeten an d’Leit, déi all Dag op Suessem schaffe kommen, hunn domat eng Plattform. Erlieft Suessem, frësch oder op e Neits, um neie Blog.

 

Entdeckt duerch authentesch a spannend Geschichten déi verstoppte Schätz vun deene véier Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer. Wéi eng gréisser Fester stinn deemnächst un, wéi eng Ausflich loune sech an der Famill oder mat Frënn, wéi eng Handwierker a Geschäfter ginn et an der Gemeng, a wéi eng Erausfuerderunge kommen op Suessem an Zukunft duer? Um Blog gitt Dir et gewuer!

“Suessem, je t’aime” steet fir d’Eenheet an d’Villfalt vun deene véier Uertschaften, déi aus Suessem eng lieweg, modern a gréng Gemeng maachen, wou et sech gutt liewe léisst.

 

Dir fannt eis vun elo un och op Instagram.

You don't have permission to register