En Hauch Süditalien um Teller

D’Membere vun der Integratiounskommissioun an d’Refugiéeën aus der Suessemer Gemeng presentéiere vun elo un am “kuerz & knapp.” international Rezepter aus de Länner, an deenen hir Originne leien. Doraus entsteet spéider och e Kachbuch.

D’Presidentin vun der Kommissioun Franca Romeo ass eng gebierteg Lëtzebuergerin, mee huet italienesch Wuerzelen duerch hire Papp, deen aus Kalabrie kënnt. Dës südlech Regioun vum Stiwwel huet vill kulinaresch Spezialitéiten opweises. Typesch fir d’Géigend sinn de Cirò Wäin, de Vecchio Amaro del Capo Likör mat kalabresesche Kraider,d’Zoossiss ‘Nduja, de Pecorino Calabrese, d’Bergamotte an allerlee Fëschzorten.

Wann ee seng Invitéeën op en italienesche Menü astëmme wëll, zerwéiert ee fir unzefänken als Antipasti (kal Entrée) ë.a. Oliven, Kéis, Charcuterie, gegrilltent Geméis a Bruschetta.

Fir de Mo ze stäipen, gëtt et als Primo piatto (éischte Gang) Nuddelen am Schäffchen no engem kalabresesche Rezept vun der Groussmamm. Dofir brauch een:

  • 1 kg Tortiglioni Nuddelen
  • 4 Fläschen Cirio Tomatenzooss (+/- 700 g)
  • 500 g Gehacktes
  • Soppressata (Zoossiss)
  • Gekachten Ham
  • Parmesan
  • Provolone (Kéis)
  • 2 Eeër
  • 6 haartgekachten Eeër
  • Olivenueleg
  • 1 Ënn
  • Dënn geschniddene Knuewelek
  • Péiterséileg
  • Basilikum
  • Panéiermiel
  • Zocker
  • Salz
  • Peffer (och schwaarze Peffer)

Fir Fleeschbulletten ze preparéieren, soll ee 500 g Gehacktes, Panéiermiel, 2 Eeër, Péiterséileg, dënn geschniddene Knuewelek, Salz, Peffer, Parmesan an Olivenueleg mat den Hänn vermëschen. Wann et net gutt geet, dann e bësse waarmt Waasser bäiginn (schmaachen!). Kleng Bullen draus maachen an si am Olivenueleg an der Pan broden. Duerno op d’Säit leeën.

Tipp: Et kann een och méi déck Bulle maachen an dës als Entrée zerwéieren.

1 Ënn an engem Dëppen ubroden a 4 Fläschen Tomatenzooss mat Basilikum dobäi schëdden. Wéinst der Seier e bëssen Zocker bäiginn (oder eng Wuerzel). Op d’mannst 2 Stonne bei klenger Flam kachen. Salz bäiginn. D’Zooss soll duerno hallefflësseg sinn. 1 kg Tortiglioni Nuddelen al dente kachen. Zoossiss, Kéis, gekachten Ham an haartgekachten Eeër a kleng Stécker schneiden.

Eng grouss Schossel huelen. En Deel Zooss ënnen dra schëdden. D’Nuddelen drop maachen, déi virdru schonn an der Zooss gedréint goufen. Iwwer d’Nuddele kënnt nach eng Schicht Zooss, ier d’Halschent vun der Zoossiss, dem Kéis, der gekachten Ham, den haartgekachten Eeër an de Fleeschbulletten driwwer kënnt.

Duerno eng Couche Zooss mat Parmesan drop. Da gëtt déi ganz Prozedur nach emol widderholl. Um Enn d’Schossel ongeféier eng hallef Stonn bei 200° an de virgeheizten Uewe setzen, bis uewen drop eng schéi Krust ass.


Passend bei d’Ouschterzäit, déi elo méi no kënnt, kann een als Secondo piatto (zweete Gang) Lammschëller opdëschen.

Dofir brauch een:

  • 1 Lammschëller
  • 6 Tomaten oder ½ Bécks geschielten Tomaten
  • 2 grouss Ënnen
  • Wäisse Wäin
  • Olivenueleg
  • Salbei
  • Rosmarin
  • Salz
  • Peffer

Virdru preparéieren: d’Fleesch wäschen, duerno eng Nuecht laang an ¼ wäissem Wäin mat Salbei, Rosmarin a Peffer marinéieren.

Den Dag drop d’Flëssegkeet ofgéissen an d’Fleesch an enger Pan dréchne loossen. Duerno 2 grouss Ënnen am Olivenueleg broden an d’Stécker Fleesch mat der Flëssegkeet dobäi ginn. Am nächste Schratt komme 6 Tomaten (oder hallef, geschielten Tomaten) mat Salz a Peffer bei de Rescht. Ongeféier 1 Stonn lues kache loossen an, falls néideg, e bësse Waasser bäiginn. Mam Rescht Zooss kann een och ouni Problem en Nuddelsplat verfeineren.


Als Dolce (Dessert) bitt sech en traditionelle kalabreseschen Ouschterkuch un, de Cudduraci. Dofir brauch een:

  • 1 kg Miel
  • 300 g Zocker
  • 200 g Botter
  • 5 Eeër
  • 2 Eegiel
  • Geraaspelt Haut vun 2 Zitrounen
  • 2 Sachete Backpolver
  • Zockerpärelen
  • Salz
  • 1 klengt Glas Anislikör (fakultativ)

Miel, Zocker a Backpolver an enger Schossel vermëschen. Duerno e Lach an d’Mëtt maachen, an dat d’Eeër, d’Zitrounenhaut an d’Salz kommen (an den Anislikör).

Mat enger Forschett klappen. De mëlle Botter a klenge Stécker bäiginn. Dës Mass mat den Hänn beaarbechten, bis si schéi mëll ass. Den Deeg 1,5 cm déck ausrullen. Duerno déi gewënschte Formen ausstiechen, wéi z.B. Häerzer, Trëtzen an Ouschterhuesen. Ee ganzt réit Ee mat Schuel op all Kuch setzen a mat Sträifen Deeg festmaachen. D’Eegiel iwwert dem Deeg verdeelen an d’Zockerpärelen driwwer streeën.

Wärend 20 Minutte bei 180° am Uewe goe loossen. D’Kuche solle bannent enger Woch giess ginn.

Gudden Appetit!

You don't have permission to register