ASEMES: eng nei Generatioun belieft de Belval

Mat Asemes hunn den Hugo an de Jean-Baptiste viru bal zwee Joer decidéiert, hier zwou Leidenschafte mateneen ze verbannen: d’Medezin an den Entreprenariat. Hiert Konzept ass opgaangen. Mat vill Motivatioun, Aarbecht an Talent hu si sech als Acteur aus dem Schoulwiesen am universitären Ëmfeld um Belval etabléiert.

E Beruff? Eng Beruffung!

De Jean-Baptiste an den Hugo hunn zu Nanzeg studéiert, wou si och immens aktiv am Veräinsliewen an op sportlechem Plang waren. Am Laf vun de Joren hunn déi zwee Kollege vill Kontakter geknäppt a festgestallt dass Studenten, déi dat éischt Joer Medezin op der Uni Lëtzebuerg hanneru sech bruecht haten, duerno geplot waren, fir an hirem zweete Joer zu Nanzeg Fouss ze faassen. Duerch déi verschidden Temoignagen huet sech erausgestallt, dass d’Wuerzele vum Problem déi selwecht waren.

“Mir haten dat jo alles selwer erlieft a konnten d’Frustratioun vun de Studente verstoen. Fir dat éischt Joer Medezin ze packen, muss een iwwert sech eraus wuessen a villes afferen. Mir waren eis eens, dass mir e Coaching-Service missten ubidden an dat direkt bei der Uni um Belval”, sou den Hugo.

Duerch de Wëllen, eppes zesummen ze beweegen, ass dunn op eemol alles ganz séier gaangen an, ganz am Stil vun enger Start-Up, och zerguttst. D’Zil vum Jean-Baptiste a vum Hugo war et zwar streng geholl net, e “Business” opzebauen, mee si sinn awer op strategeschem Plang mat de selwechte Prinzipien drun erugaangen. Nëmmen esou konnte si e Service ubidden, deen et bis ewell nach net zu Lëtzebuerg gouf, an an engems ënnert dem Stréch rentabel schaffen.

Asemes begleet mëttlerweil och Schüler aus dem Secondaire, déi en éischte Kontakt mam medezinesche Milieu kréie wëllen, wat beweist, dass et ni ze fréi ass, fir seng Beruffung ze fannen.

Et wiisst zesummen, wat zesumme gehéiert

D’Universitéit entwéckelt sech permanent weider an doduerch erlieft de ganze Belval am Moment en Opschwong. “Mir wollten esou no wéi méiglech bei de Studente si fir Zäit ze gewannen a vum agreabele Kader vun der Uni a vum Belval profitéieren, an deem si sech wuel fillen. De Campus bréngt nach aner Virdeeler mat sech: Studentewunnengen, den Universitéits-Restaurant, d’Bibliothéik, den Accès op de Site, dat modernt Ëmfeld, déi familiär Atmosphär…” ënnersträicht de Jean-Baptiste. D’Decisioun, Asemes an der Gemeng Suessem z’implantéieren, war duerch déi strategesch gutt Plaz an d’Proximitéit zur Uni séier gefall.

De Belval ass méi wéi nëmmen e Punkt op der Kaart. Duerch déi permanent Metamorphos ass de Site wéi eng Uertschaft fir sech an zitt Entrepreneuren un, well d’Konzept hannendrun eng Aventure versprécht, bei där alles a Beweegung bleift. Fir déi jonk Generatioun ass et evident, sech hei z’installéieren an aus dem Belval hire ganz eegene Projet ze maachen.

Eng géigesäiteg Dynamik

De Belval huet déi zwee Associéeën net nëmme vu sengem Prinzip hier faszinéiert, mee zesumme mat aneren Entreprise sinn och konkret Partenariater am Quartier entstanen, déi vum Elan profitéieren. Am Fall vu Ketterthill gouf ee sech z.B. eens, fir pädagogesch Visitten z’organiséieren. “D’Dynamik an der Gemeng huet eis och nach aner Diere bei wichtegen Acteuren am Domaine vun der Wëssenschaft an der Medezin am Grand-Duché opgemaach, wéi zum Beispill bei der Croix-Rouge a sengem Reseau HELP”, erkläert den Hugo.

Asemes a seng Grënner hunn et fäerdeg bruecht, fir sech an Zäit vun zwee Joer z’integréieren an hir eegen Nisch ze schafe mam Usproch, Talenter ze fërderen. Och wann d’Medezin ouni Zweiwel “de schéinste Beruff vun der Welt” ass, sou ass et och deen, deen dacks am schwéiersten zougänglech ass. An engem Ëmfeld, an deem der vill op der Streck bleiwen, bitt Asemes den zukënftege Medeziner an hirer Formatioun eng wichteg Stäip un.

You don't have permission to register