Interview – Erausfuerderunge fir d’Gemeng Suessem

De Georges Engel ass aus der Gemeng Suessem quasi net méi ewech ze denken.
Zanter 2005 setzt hie sech als Buergermeeschter mat vollem Asaz fir d’Wuel vun de Bierger an d’Entwécklung vun der Gemeng an.

Als Plaz fir dësen Interview hu mir bewosst den neie Sportikuss ausgewielt: de fréiere Basketspiller fillt sech um Terrain doheem.

An enger entspaanter Atmosphär ass de Georges Engel op all d’Erausfuerderungen agaangen, déi d’Gemeng Suessem an Zukunft erwaarden: Wuesstem, Ekonomie, Ëmwelt, Kultur… kee wichtegen Dossier gouf ausgelooss.

An obwuel de Buergermeeschter ee gutt gefëllten Agenda huet, huet hie sech et net huele gelooss zum Ofschloss nach e puer Kierf ze geheien. Et besteet keen Zweiwel: och no 15 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng Suessem bleift de Georges Engel en dynamesche Gemengepapp, dee mat upéckt.

You don't have permission to register