Ëmmer der Nues no

A punkto Fräizäit a Sport huet d’Gemeng Suessem net nëmme senge Matbierger eppes ze bidden, mee och dem Mënsch säi beschte Kolleg op véier Patte profitéiert vum ville Gréngs, dat sech wéi en Teppech iwwer déi véier Uertschafte leet. Mir ware mat dräi Muppe spadséieren, déi all hiren eegene Kapp hunn, a si hunn eis bei dëser opreegender Promenad hir Liiblingsplazen an der Gemeng gewisen.

De Parc Belval mam Elvis

Ech heeschen Elvis. Ech sinn e sympatheschen a witzege Beagle mat Charme, deen am Fréijoer säin 10te Gebuertsdag feiert! Ech kann aus mer eraus goen a meng spilleresch Säit weisen, mee ech hu britesch Wuerzelen a behalen an all Situatioun eng gewëssen Eleganz. Fir dass mer eis gutt verstinn: ech sinn éischter e rouege Gesell an “en Tour maache goen” heescht fir mech éischter, dass ech eppes fir meng Verdauung maachen wéi dass ech total opdréien.

De Parc Belval ass op eng gewëss Manéier mäin Doheem! Well mäi Papp hei um Site schafft, profitéieren ech dacks dovu fir hie mat virun d’Dir ze huele fir e bësse frësch Loft schnapen ze goen. Hei gëtt et alles wat ech brauch, fir glécklech ze sinn: laang Stroossen an enger idyllescher Landschaft, säftegt Gras fir sech drop auszetoben, déi gutt Minettsloft déi mir an d’Schnëss bléist.

Ech ginn et zou: ech hunn näischt léiwer, wéi geheemelt a gekrault ze ginn. Wat dat ugeet, ass op d’Studenten hei am Quartier Verlooss, well fir si sinn ech eppes wéi e Petzi. D’Pensionären hirersäits si meeschtens verzaubert vu mengem Hondsbléck. Sou oder sou, ech kommen ëmmer zu mengem.

 


 

Mam Momo op den Zolwerknapp

Mäin Numm ass Momo. Ech sinn een australesche Schéiferhond a spillen a menger Fräizäit am Léifste mat Frisbeeën. Mir gëtt nogesot, dass ech iwwerduerchschnëttlech intelligent a beweeglech sinn. Dat ass och net verwonnerlech, wann ee weess, dass ech normalerweis ee ganzen Trapp Schof fest am Grëff hunn. Mat mir ass jiddefalls ëmmer eng lass, virun allem dann, wa mäi Meeschter mir meng Liiblingsscheif geheit.

Wou trainéieren ech am Léifsten? Ma dat ass um Zolwerknapp! Dës wonnerbar gréng Kopp am Häerz vun Zolwer ass net nëmme landeswäit bekannt, mee och eng perfekt Spillwiss fir esou Powerhënn wéi mech. Awer opgepasst! Den Zolwerknapp ass eng speziell a mysteriéis Plaz, räich u Legenden a Seechen, wou ee sech séier a Gedanken a laang vergaangenen Zäiten erëm fënnt.

Dir hutt et sécher schonns gemierkt. Den Zolwerknapp passt perfekt bei mäi stiermeschen an dapere Charakter. Ee legendäre Bësch, eng räichhalteg Vegetatioun an eng lieweg Fauna maachen aus dëser Plaz ee feste Rendezvous fir all d’Frënn vun der Natur a vun den Hënn.


 

De Wee tëscht dem Belval a Réideng mam Ialta

Ech sinn d’Ialta! Jonke Baaschtert, krut ech direkt vun e puer Rassen nëmmen dat Bescht mat, sou dass ech en ideale Familljenhond sinn. Trei, loyal a virun allem léif, ginn ech ganz oft mat engem bestëmmten Hond aus der Fieder vum Matt Groening verglach. Mee nieft mengem Glach mam “Santa’s little helper”, probéieren ech an éischter Linn mengem Meeschter dee beschten Hond ze sinn.

Och wann ech gären a mengem gemittleche Kierfche leien, sou sinn ech ëmmer direkt prett, wann et heescht en Tour mat mengem Meeschter Lafen ze goen. Dobäi hu mir eng kloer Liiblingsplaz: dee laange Wee tëscht dem Belval a Réideng. Just e Kazesprong vun der Rue de l’Usine ewech, bitt dëse Circuit alles fir sou richteg d’Patten ofzelafen. A wann nach e bëssen Zäit bleift an déi richteg Geleeënheet sech bitt, da briechen ech och nach gären e puer Vitesserekorder an engem schéinen oppene Feld, Haaptsaach ëmmer der Nues no!

You don't have permission to register