Esou schmaacht Panama

An der Rubrik ronderëm déi traditionell Kichen aus den Ursprongslänner vun den Awunner aus der Gemeng Suessem, hëlt eis d’Elfida Aguilar Fedee mat op d’Rees a Panama. Si koum mat 18 Joer an de Grand-Duché an huet als Bagage déi kulinaresch Kreativitéit vun der Groussmamm matbruecht, déi hir Originnen an der Provënz Darién bei der kolumbianescher Grenz hat. D’Elfida léisst hir zwou grouss Léiften, Panama a Lëtzebuerg, an engem harmoneschen, salzeg-séisse Mélange matenee verschmëlzen a proposéiert einfach, mee lecker Platen, déi Faarf op den Teller zauberen. D’Rezepter si fir 6 Persoune geduecht.

Fir unzefänke gëtt et eppes als kal Entrée ze schmaachen, dat a ganz Latäinamerika populär an a Peru esouguer den Nationalplat ass. De Ceviche gëtt et a sëlleche Variatiounen a ka praktesch ëmmer zerwéiert ginn, well en esou erfrëschend ass.

Fir dës Variant mat Krevette brauch een:

  • 500 g kleng Krevetten
  • 1 Avocado
  • 1 Mango
  • 8 Zitrounen
  • Naturjughurt
  • Moschtert
  • Mayonnaise
  • 1 mëttelgrouss Ënn
  • 1 Habanero oder Piment
  • Culantro (laange Koriander)
  • Salz

D’Ënn ganz dënn an d’Avocado an d’Mango a kleng Cube schneiden. D’Zitrounen auspressen an d’Krevetten ofwäschen. Duerno all d’Ingrediente matenee vermëschen a jee no Wonsch wierzen (Salz, Koriander, Piment). 30 Minutte laang op d’Säit leeën.

De Rescht Jus ewech schëdden a jee 1 Zoppeläffel Moschtert, Mayonnaise a Jughurt bäimëschen. An engem Cocktailglas op engem Kabes- oder Zaloteblat zerwéieren. Salzeg Kichelcher als Bäilag kënnen de Ceviche nach weider opwerten.


Den Haaptgang ass wéi eng Symphonie vu Goûten, an där déi verschidden Elementer sech géigesäiteg ervirhiewen : d’Kachbanann als “séiss Versuchung”, d’Wuerzelszalot, de Räis mat Kokosnoss an de Bacalhau op Panama-Manéier. Dofir brauch een:

  • 1 kg Bacalhau
  • ½ kg Gromperen
  • 500 g Vollkarräis
  • 2 Kachbanannen
  • 3 Wuerzelen
  • Gefëllten Oliven
  • Olivenueleg
  • 2 Béchsen Kokosmëllech
  • Kokosueleg
  • 300 ml Rhum oder Sherry
  • 100 g Margarine
  • Moschtert
  • Mayonnaise
  • 2 grouss Ënnen
  • 4 Knuewelekszéiwen
  • Aji’en (Chili) an 3 Faarwen
  • 1 richteg schaarfen Aji (Chili)
  • Lorbeerblieder
  • Péiterséileg
  • Culantro (laange Koriander)
  • Oregano
  • Curry
  • 1 Héngerbrittsküb
  • 50 g Korinten
  • 1 Kanéilsbengel
  • Kanéil (Pudder)
  • Brongen Zocker
  • Zocker
  • Salz

D’Wuerzele ganz dënn schielen a jee no Goût Salz, Moschtert a Mayonnaise bäimëschen, ier d’Korinten dobäi kommen. Virum Zerwéieren eng Zäitchen an de Frigo setzen.

De Kokosnossueleg an engem Dëppen 10 Minutte laang opkache loossen. 1 Zoppeläffel Zocker, 2 Zoppeläffele Curry an de Kanéilsbengel dobäi maachen an nach emol 10 Minutte kache loossen. De Kanéilsbengel eraushuelen an de Räis bei mëttlerer Flam bäimëschen an ëmréieren, bis d’Flëssegkeet weider reduzéiert ass. Duerno op klenger Flam 30 Minutte brutschele loossen an dobäi all 10 Minutte virsiichteg réieren, woubäi de Kokosnossueleg ka geholl gi fir weider ze verfeineren. E Lach an d’Mëtt maachen an de schaarfen Aji (Chili) dra leeën. Erëm zoudecken, d’Kachplack ausmaachen an nach 15 Minutten zéie loossen. Um Enn den Aji erëm eraushuelen.

D’Bananne schielen an a Stécker schneiden, déi esou breet wéi zwee Daume sinn. D’Margarine an der Pan schmëlze loossen an d’Banannestécker broden. 2 Zoppeläffele brongen Zocker bäiginn, esoubal d’Bananne gëllebrong sinn, ier nach 1 Zoppeläffel Kanéil (Pudder) an 300 ml Rhum oder Sherry dobäi kommen. Wärend 15 Minutte ëmréieren an duerno waarm zerwéieren.

De Bacalhau wärend op d’mannst 12 Stonnen an d’Waasser leeën. Wann en net gesalzt ass geet et duer, en einfach ofzewäschen. D’Aji’en an d’Ënnen a Lamelle schneiden an zesumme mam Knuewelek an engem Dëppen an enger generéiser Quantitéit Olivenueleg ubroden. Den Héngerbrittsküb, 2 Zoppeläffele Curry, d’Oliven, den Oregano, de Péiterséileg, de Koriander, d’Lorbeerblieder an de Bacalhau dobäi maachen, zesumme mat de Gromperen, déi am Virfeld geschielt, mat enger Rapp kleng gemaach a scho liicht virgekacht goufen. Si mussen nach e bësse fest sinn, well si mam Fësch zesumme fäerdeg gebrode ginn.

Tipp: De Plat kann an enger Paprika zerwéiert ginn, déi 20 Minutte laang mat e bëssen Olivenueleg gebrode gouf.


Zum Schluss gëtt de Panama-Menu ofgerënnt mat enger Dessertszopp. D’Sopa Borracha, wat iwwersat esou vill heescht wéi “beschwipsten Zopp”,ass e Genoss, mee näischt fir schwaach Nerven.

Dofir brauch een:

  • 500 g Biscuitsdeeg
  • 300 g Quetschen
  • 150 g Korinten
  • 2 Zitrounentranchen
  • 500 ml Waasser
  • 400 ml Rhum
  • 400 ml Muskatwäin oder Xérès
  • 12 Neelcheskäpp
  • 3 Kanéilsbengelen
  • 200 g Zocker
  • Gedréchent Friichten
  • Nëss

D’Quetschen an d’Korinten op d’mannst 6 Stonne laang am Rhum a Muskatwäin (oder Xérès) zéie loossen. D’Waasser zesumme mat de Kanéilsbengelen, den Neelcheskäpp an dem Zocker opkache loossen, an duerno d’Flam reduzéiere fir Sirop ze maachen. D’Flëssegkeet duerch d’Passette lafe loossen an op ongeféier 25 Grad ofkille loossen. Duerno mat de Quetschen, de Korinten, der Zitroun an dem Alkohol vermëschen.

De Biscuit a kleng Kübe schneiden an dran zappen. Den Dessert ka mat Nëss, gedréchente Friichten, Meringue asw. zousätzlech opgewäert ginn.

Gudden Appetit!

You don't have permission to register