Aweiung Gîte Bieles-Réideng

Mat der Aweiung vum neie Gîte Bieles-Réideng, deen direkt niewent dem Zucharrêt Belval-Réideng esouwéi der Hal vun der Spullkëscht läit, ass d’Gemeng Suessem elo offiziell en Deel vum Minett Trail an de sougenannte Kabaisercher.

De Minett zu Fouss oder mam Vëlo entdecken a seng Schéinheet iwwert d’Landesgrenzen eraus bekannt maachen, dat war, ass a bleift dat ambitiéist Zil vum Minett Trail vum ProSud. Iwwer 90 km schlängelt sech dësen ausgeschëlderte Wanderwee duerch déi typesch Landschaft vum Süde vu Lëtzebuerg, vu Kënzeg iwwer Bieles via Diddeleng bis op Beetebuerg. An dotëschent waarden net manner ewéi 11 Kabaisercher, wann een eng wuelverdéngte Paus aleeë wëll.

All Gîte ass anescht, mee wat mir un dësem gutt gefält, ass dee sozialen an inklusive Charakter

Déi Europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 war de perfekten Ulass fir de Bau vun dëse Gîten ze acceleréieren. An och wann aktuell eréischt 6 vun deenen insgesamt 11 Statioune komplett fäerdeg sinn, esou wëssen dës duerch hir Originalitéit an hire Charme ze iwwerzeegen. Wärend een zu Diddeleng z. B. um Waasser an zu Rëmeleng oder Téiteng an alen Industriegebaier iwwernuechte kann, sou waart am Fond-de-Gras en alen Zuchwagon op Iech.

Bei eis zu Bieles steet zanter Kuerzem ee fonkelneien a moderne Bungalow, konzipéiert vum Architektebüro A+T architecture a fir 1,2 Mio € a gutt 14 Méint realiséiert. De Gîte, bei deem d’Faarwe brong a schwaarz dominéieren, erënnert un den ale Bungalow, dee virdrun op där Plaz stoung, a passt mat sengem industrielle Charakter gutt an d’Landschaft.

„All Gîte ass anescht, mee wat mir un dësem besonnesch gutt gefält, ass dee sozialen an inklusive Charakter”, esou d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz bei der Aweiung den 9. Dezember 2022, “et ass ee Bau deen d’Gesellegkeet, de Matenaner an nei Kontakter fërdert“.

12 Schlofplazen op 170m2 Fläch

Effektiv ass de Gîte Bieles-Réideng mat sengen 170m2 Fläch an insgesamt 12 Schlofplazen déi gréisst Kabaischen. Dës 12 Plazen, mat enger wonnerbarer Panoramavue iwwer d’Felder, sinn op 4 Hochbetter, esouwéi zwee Duebelbetter (dovunner eent PMR-gerecht) verdeelt. Natierlech ginn et och Sanitärraim, eng kleng Kichen esouwéi ee geraimegen Openthaltsraum.

Buche kënnt Dir déi éischt Iwwernuechtungen am Bielesser Gîte vu Januar un iwwert de Site www.simpleviu.com. Sämtlech Informatiounen iwwert de Minett Trail, déi eenzel Etappen an déi aner Gîtë fannt Dir ënnert www.minetttrail.lu.

Fannt hei déi ganz komplett Galerie vun der Awéiung

You don't have permission to register