Franséisch Wuerzelen a Wäiner

„All Wäin erzielt d’Geschicht vu senger Regioun.“ Dovunner ass d’Valérie Mainberger iwwerzeegt a schëtt eng Schlippche vin jaune an een elegant Kristall Wäiglas, wat scho prett um Dësch steet. D’Drauwenzort, aus där de vin jaune gemaach gëtt, wiisst just an der franséischer Regioun Jura an huet ee ganz spezielle, bal lakritzaartege Goût. A genau dee mécht dem Valérie säin haitegt Rezept zu eppes ganz Besonneschem.

D’Valérie preparéiert eis nämlech ee Poulet au vin jaune et aux morilles, een traditionellt franséicht Feierdagsrezept, wat déi exzellent Kichen an déi delikat Wäiner aus sengem Heemechtsland Frankräich an Zeen setzt.

Viru fënnef Joer ass d‘Valérie vu Metz op Bieles geplënnert, wou hatt elo mat sengem Partner Guillaume Perrier an hirem Mupp Elliott zesummewunnt. Mee wat huet hatt deemools op Bieles gezunn? D’Äntwert kënnt wéi aus der Pistoul geschoss: „D‘Leit!“. D’Attraktivitéit vun der Gemeng Suessem läit fir d’Valérie ouni Zweiwel an der Frëndlechkeet, der Oppenheet an der Multikulturalitéit vun hire Bewunner*innen. Esou war et him dann och immens wichteg, sech an dat soziaalt Liewe vun der Gemeng anzebréngen an dofir engagéiert hatt sech säit ville Joren als Member vun der Integratiounskommissioun, déi Leit vun allméiglechen Nationalitéiten a Kulture zesummebréngt. An dësem Kontext ginn Events wéi gemeinsam Trëppeltier, Cafés des langues oder de Colorissimo-Muart organiséiert, bei deenen een ëmmer nei Leit aus aller Welt kenneléieren an d’Gemeng nei entdecke kann.

Och berufflech ass d’Valérie gären ënner Leit. Als Gerante vun der Parfumerie April zu Esch-Uelzecht verkeeft hatt net just Parfum, mee gëtt zesumme mat sengem Team Make-up-Tipps a maquilléiert seng Cliente*ë och sur place. Um éischte Stack kann ee sech och am hauseegenen Institut de beauté an enger häerzlecher Ambiance masséieren oder mat anere Soine verwinne loossen. Säin Job erlaabt et him also Positivitéit ze verbreeden an d’Leit dreemen a sech wuelfillen ze loossen. Virun allem wärend der Pandemie ass hinnen opgefall, datt vill Cliente*ën och mol een oppent Ouer brauchen, a genau dat fanne si hei beim Valérie.

 

An hirer Fräizäit kachen d’Valérie an de Guillaume oft a gär zesummen a probéiere vill nei franséisch mee och international Rezepter aus. De Poulet au vin jaune et aux morilles ass op jiddwer Fall een immens besonnescht Rezept, wat ganz einfach nozekachen ass. A wien nach ni d’Champignonszort Morchele geschmaacht huet, dee ka sech op eng ganz lecker Erfarung gefaasst maachen.

 

Poulet au vin jaune et aux morilles:

Fir 4 Persounen:

  • 1 Poulet vun 1,3 kg
  • 25 cl vin jaune (Alternativ: Ee gudde Lëtzebuerger Musel-Wäisswäin)
  • 50 cl Crème Fraîche
  • 20 gr Botter
  • 400 gr frësch Morchelen
  • Salz a Peffer

Preparatioun 30 Minutten

Kachzäit 40 Minutten

 

Preparatioun vum Poulet au vin jaune et aux morilles:

Wa méiglech, ee Poulet de Bress oder ee Chapon besuergen. De Poulet a véier schneiden. Dës Stécker da mat Salz a Peffer wierzen, se an ee Sautoir leeën a se am Botter ubroden.

Wann d’Stécker liicht ugebräunt sinn, degraisséieren, d’Morchelen dobäimaachen, 4-5 Minutte kächele loossen an da mam vin jaune ofläschen. Mam zouenen Deckel 4-5 Minutte weider kächele loossen.

Duerno d’Crème Fraîche bei de Poulet schëdden an 30-40 Minutte bei niddereger Hëtzt ouni Deckel kachen.

Virum Zerwéieren eng Drëps vin jaune iwwert de Poulet schëdden. Als Bäilag passen ideal ee Püree oder gekachte Gromperen.

Gudden Appetit!

You don't have permission to register