Suessem schmaacht

“Mir wollten am Fong just Gäert an eiser Gemeng, déi broochleien, besser notzen”, erkläert eis den David Hengen vum Service Écologique. Aus dëser einfacher Iddi ass 2016 de Projet Suessem schmaacht entstanen. Eng Erfollegsgeschicht, déi et op mannst op nationalem Plang esou net gëtt.

Net manner wéi 7 Tonne Geméis (+ 335 kg Uebst) goufe lescht Joer vum Suessemer CIGL (Centre d’Initiative et de Gestion Local) op enger ronn zéng Terraine mat insgesamt knapp 15 Ar erausgeholl. Eng Steigerung vun 300 % par Rapport zu 2020 an un der de Florent Bourgey sécherlech net onschëlleg ass.

Zanter datt de forméierte Geméisgäertner dëse Projet leet, hu sech net nëmmen d’Ofleef professionaliséiert, mee virun allem ass och ee ganz groussen Knowhow dobäikomm. Dat weess och den Dany Scholten, Direkter vum Suessemer CIGL, ze schätzen: “De Florent ass ee richtege Glécksgrëff fir eis gewiescht. Ee Mann mat sou vill Wëssen an Erfarung op dëser Plaz ze hunn, huet deem ganze Projet natierlech nach emol een aner Opdriff ginn”.

 

Ee Glécksfall fir Suessem schmaacht sinn och d’Zären um Zolwerknapp. Ufanks 2021 goufen dës komplett gebotzt an deelweis sanéiert, esou datt op dëser Plaz mat den Terrassen an de Plastikszären 400 Quadratmeter fruchtbare Buedem dobäikoumen.

Wann een dem Florent nolauschtert, da ginn e puer Ablécker duer, fir ze mierken, datt de 45 Joer ale Fransous weess, vu wat hie schwätzt. Biologeschen Akerbau, Permakultur (kënnt aus dem Engleschen a bedeit esou vill wéi permanenten Akerbau), saisonalen Ubau, ökologesch divers, bei Suessem schmaacht gëtt näischt méi dem Zoufall iwwerlooss.

“Aktuell baue mir ëm déi 30 ënnerschiddlech Geméiszorten un: ë. a. Brockelcher, Gromperen, Kalbassen, Ënnen, Tomaten oder Zaloten. Mir passen dobäi natierlech op, wat a wéi eng Saison passt an och, wéi eng Geméiszorte sech um Terrain gutt matenaner verdroen”, preziséiert de Florent, ënnert deem senger Leedung net manner wéi 6 Aarbechter tëschent Abrëll an Dezember ausschliisslech an deenen ënnerschiddleche Gäert schaffen. Am Summer si souguer zwee Leit samschdes am Asaz fir eng Nätz-Permanence ze garantéieren.

Niewent dem soziale Volet gëtt bei Suessem schmaacht selbstverständlech och dee lokalen an nohaltegen Aspekt groussgeschriwwen. Alles, wat op deene 15 Ar ugebaut gëtt, gëtt dono an der Gemeng verschafft. Sief dat an deene sëllege Kiche vun de Maison-relaisen, dem CIPA Résidence op der Waassertrap oder och nach der Eis Epicerie / Brasserie.

De Florent steet dobäi a permanentem Austausch mat deenen eenzele Partner. Net nëmme fir d’Qualitéit ze iwwerpréiwen, mee och fir d’Offer eventuell unzepassen. “Op Ufro vun deenen ënnerschiddleche Käch, wäerte mir 2022 méi Zaloten a Wuerzelgeméis liwweren.”

 

 

Am Géigesaz zum Florent ass den Alain Kunsch quasi e Mann vun der éischter Stonn vun dëser Aventure. No engem Gespréich viru gutt fënnef Joer mam David Hengen war fir dee sympatheschen Zolveraner séier kloer, datt hien en Deel vu senge grousse Felder géif Suessem schmaacht zur Verfügung stellen. “E Kolleeg vu mir huet vun engem Dag op deen anere seng Aarbecht verluer. Wann ech op dës Manéier nëmmen engem hëllefe kann, fir erëm Fouss um Aarbechtsmaart ze fannen, sinn ech zefridden. Donieft ass et och schéin, wann ech mir heiansdo eng frësch Zalot plécke kann.”

Op deene knapp 700 Quadratmeter, déi direkt hannert sengem Haus exploitéiert ginn, konnt hie quasi en direct materliewen, wéi rasant sech dëse Projet entwéckelt huet. Lescht Joer goufen net manner wéi 3 Tonnen eleng op sengem Terrain erausgeholl. Fir datt dëst och esou effektiv wéi méiglech geschitt, huet d’Gemeng net nëmmen ee Bewässerungssystem mat Waassertanken, mee och ee Geschierschapp fir déi méi schwéier Maschinnen bei him am Gaart installéiert.

Datt de CIGL och nach vun der Mëscht vum Här Kunsch sengen zwee Ardenner profitéiert, mécht déi ganz Saach aus ekologescher Siicht nach méi ronn. Mee souguer ouni dës ass de Buedem um Fouss vum Zolwerknapp een excellenten, wéi eis de Päerdsfrënd mat engem klengen historeschen Exkurs erkläert: “Mir sinn hei op Rousenuecht an direkter Linn tëscht der Buerg vum Zolwerknapp an dem Suessemer Schlass. Déi fréier Buerghären haten exakt op dëser Plaz hir wonnerbar Rousegäert an dofir och deementspriechend gudde Buedem.”

Den Dany Scholten kuckt als Responsabelen net ouni Houfert op déi rezent Entwécklung, weess awer och, datt de Projet iergendwann u seng Limitte stéisst: “Wat d’Produktioun ugeet, esou si mir aktuell quasi um Maximum. Virun allem och, well mir kee weidert Personal astelle kënnen an et och soss schonns net einfach ass, déi richteg Leit fir dës speziell Missiounen ze fannen. Trotzdeem bleift et selbstverständlech eist Zil, weider innovativ ze sinn an ech si mir sécher, datt <em>Suessem schmaacht</em> nach laang net um Enn ass.”

Fir datt och Dir an Zukunft vu Suessem schmaacht profitéiere kënnt, bitt de CIGL – jee no Disponibilitéit – fäerdeg zesummegestallte Geméiskëschten un. Einfach de CIGL op Facebook followen an Är Këscht reservéieren.

 

Let’s play

De CIGL Suessem stellt a sengen Atelieren zanter Kuerzem zwee Spiller hier, déi an all Gaart oder op all Terrass gutt ausgesinn. Cornhole, d’Spill mat de Sandsäck gëtt et schonns fir 25 €. De Leedergolf kascht opgeriicht 50 €, déi mobil Versioun an enger Këscht 95 €.

Bestellung: ccl@cigl.suessem.lu

You don't have permission to register