Jiddwereen am Sall huet seng Äerm an der Luucht, béit sech eng Kéier no lénks an eng Kéier no riets an otemt dobäi déif an an aus. En onerwaart Bild, wat een net oft am Kader vun enger Table ronde gesäit. Dëst ass awer e gudden Androck wéi lieweg den Owend war, deen ënnert dem Motto „Trau dech!“ stoung. Eis Chancëgläichheets- an Diversitéitskommissioun huet un der Logik vu #YesWomenCan ugeknäppt an eng flott interaktiv Gespréichsronn organiséiert, déi d’Publikum inspiréiere sollt sech och ze trauen. Direkt zéng Temoignage vu staarke Frae konnten eis Awunner·inne bäiwunnen a sech vun hinnen inspiréiere loossen hirer Passioun nozegoen:

— D’Chantal Blasen huet hir figurativ Molerei ausgestallt a viru kuerzem gouf se beoptraagt eng Mauer vun 9 op 2m an enger Gemeng ze bemolen.
— D’Carmen Zeimet, abstrakt Molerin, erkläert eis, dass all hier Wierker e Stéck vun hir enthalen, an dass se nach genee weess wat se beim Mole vun dem jeeweilegen Tableau empfonnt huet.
— D’Françoise Walisch, Fotografin, huet eis un hirem Wee zur Fotografie drun deelhuele gelooss.
— D’Mona Kralj, Yoga-Léierin, huet direkt dem ganze Sall zwou kleng Übunge fir den Alldag bäibruecht.
— D’Daphné Boehles huet erzielt, wéi hir ofgerode gouf Bibliothecairin ze ginn, an datt Pole Dance e richtege Sport ass, bei deem Bodypositivity groussgeschriwwe gëtt.
— D’Monique Kunnert, Entreprenesch, kuckt houfreg op 3 Joer Existenz vun hirem O’Chocolat Buttek zeréck.
— D’Claire Royer huet eis vun hirem Wee aus der Finanzwelt an d’Welt vun der Keramik bericht.
— D’Béatrice Lippert léisst hir Passioun zum Theater an dem Schreiwe vun Theaterstécker Revue passéieren.
— D’Jessie Lang huet sech getraut sech selbstänneg an der Fotografie ze maachen a gëtt als Beispill de Ruanda-Fotosprojet, dee se viru Kuerzem konnt maachen.
— D’Anja Di Bartolomeo schreift schonn säitdeem se Kand ass an distinguéiert tëschent Kannerbicher schreiwen, wat eng Passioun ass, an dem Schreiwe fir Erwuessener, wat éischter aus engem Drang eraus eppes maachen ze musse kënnt.

 

Fazit vum Owend: „Traut Iech!“

 

You don't have permission to register