Nei Sports-koordinatioun

E Pilotprojet an der Gemeng Suessem

 

Den 2. Dezember 2022 gouf en neie Pilotprojet an der Gemeng Suessem lancéiert: de Service Sportskoordinatioun. De Sportsministère huet de Pilotprojet ronderëm d‘Sportskoordinateur·trice ausgeschafft, mam Zil d‘Motorik bei Kanner tëscht 0-12 Joer ze fërderen an den Dialog tëschent den Acteuren·tricen ze verbesseren.

„Mir wëlle fir nach méi Chancëgläichheet am Sport suergen. D’Annick Spellini këmmert sech aktuell schonns ëm de ‚Pakt vum Zesummeliewen‘, an deem och de Sport ee vu ville Voleten ass. Si soll deemno an deenen nächsten 3 Joer de Service à l’Égalité des chances et Diversité zu 50 % viruleeden an zu 50 % d’Sportskoordinatioun opbauen“, esou d’Nathalie Morgenthaler, Sportsschäffin.

[Ët gëtt] eng Bestandsopnam gemaach fir ze kucken, wéi et momentan am Sport an eiser Gemeng ausgesäit.

D’Annick Spellini erkläert: „An enger éischter Phas gëtt allgemeng eng Bestandsopnam gemaach, fir ze kucken, wéi et momentan am Sport an eiser Gemeng ausgesäit, wat gutt funktionéiert, wou eventuell nach Sputt zur Verbesserung ass, a wéi d’Sportskoordinatioun am beschte genotzt ka ginn, fir allen Acteuren eng zousätzlech Hëllef bidden ze kënnen.“

You don't have permission to register