Birdie, Bogey, Eagle – Disc Golf

Ufank Juli ass de Park um Belval ëm zwou weider Attraktioune méi räich ginn. Engersäits gouf en Teqball-Dësch installéiert. Dësen ass deem aus dem Dëschtennis änlech. Duerch seng ofgeronnte Form animéiert dësen Dësch awer éischter dozou fir e Fussball an Dëschtennismanéier hin an hier ze schéissen, mam klengen awer entscheedenden Ënnerscheed: de Ball gëtt mam Fouss geschoss an eng Rackett brauch et net. Anerersäits stinn néng giel Kierwercher mat groem Metallnetz duerch de Park verstreet. Dëst si keng Villerchershaisercher, mee en Deel vun der neister Disc Golf Anlag zu Lëtzebuerg. Disc Golf ass eng relativ jonk Sportaart, déi hir Urspréng an den 1970er Joren an den USA huet, a bei der et dorëms geet eng Scheif mat esou mann ewéi méiglech Wërf an e metallene Kuerf ze schéissen. Mat dëser neier Anlag ginn et grad emol dräi Parcoursen zu Lëtzebuerg, dee Gréissten, mat néng Lächer, steet am Park um Belval.

Besonnesch ass virun allem, datt ganz Famille kënnen zesummen trainéieren, wat an anere Sportaarten net méiglech ass

Déi nei Installatioun ass perfekt fir de jonken an eenzegen Disc Golf Veräin zu Lëtzebuerg, den Disc Golf Club Luxembourg, dee säin Ursprong am Joer 2020 huet an haut schonn op eng Communautéit vu ronn 25 Leit ziele kann. “Et ass eng Sportaart fir jiddwereen a wou all Alterskategorie kann zesumme spillen”, erkläert de Claude Bouvy, Comitésmember vum Disc Golf Club Luxembourg. “Besonnesch ass virun allem, datt ganz Famille kënnen zesummen trainéieren, wat an anere Sportaarten net méiglech ass”, esou de Claude Bouvy weider. Och ass d’Anlag am Park um Belval PMR-gerecht an accessibel fir jiddwereen.

 

De Spuenier Rodrigo Sánchez huet et 2016 op Lëtzebuerg gezunn, véier Joer nodeems hien zu Madrid den Disc Golf fir sech entdeckt huet. Haut ass hie reegelméisseg fir de Lëtzebuerger Club op Turnéieren am Ausland ënnerwee an direkt e puer Mol an der Woch am Park um Belval unzetreffen. Den neie Parcours an der Suessemer Gemeng ass e perfekten Trainingsterrain fir hien, ee wéi et e virdrun nach net zu Lëtzebuerg gouf. Wien him nokuckt, wäert fir d’éischt emol iwwerrascht ginn, mat wéi enger Vitess d’Disc Golf Scheiwe queesch duerch de Park fléien, natierlech ëmmer am Sënn vun der Sécherheet vun de Leit. “Den Disc Golf Kodex gesäit vir, datt net dierf geschoss ginn, wa Leit an der Géigend sinn. Doniewent sinn d’Lächer esou ausgeluecht, datt se kaum bis guer net iwwert d’Weeër ginn”, erkläert de sympathesche Spuenier, dee sech och ëmmer freet, wa Passanten hien interesséiert froen, wat hie fir eng Sportaart ausüübt. Impressionnant ass och ze gesinn, wéi vill Scheiwen d’Spiller bei sech droen. De Wand, den Obstakel an d’Richtung sinn entscheedend fir de Choix vun der Scheif. “Mat der Zäit kritt een e Gefill fir d’Scheiwen”, esou de Claude Bouvy, dee mat iwwert 80 Scheiwen eng richteg Sammlung huet. Knapp 20 Stéck dovunner benotzt hie reegelméisseg fir ze spillen. Beim Rodrigo Sánchez sinn et der manner. “Dat läit wuel dorun, datt ech der dauernd verléieren”, erkläert hie laachend.

Fir interesséiert Persoune gëllt: Training ass samschdes moies um 10.00 Auer am Park um Belval a jiddwereen ass wëllkomm. Probéiere sollt een et op alle Fall, et lount sech!

You don't have permission to register