Ech probéieren all Ufro gerecht ze ginn

Zanter eppes méi wéi engem Joer steet d’Simone Asselborn-Bintz un der Spëtzt vun eiser Gemeng. E gudden Zäitpunkt fir mat der “jonker” Buergermeeschtesch eemol de Point vu verschiddenen Dossieren ze maachen. Doniewent verréit si, wat sech alles fir si geännert huet a woumat si sech schwéier deet.

Nei als Buergermeeschtesch war fir mech…

…jiddwerfalls mäin Zäitmanagement. Wärend ee sech als Schäffe virun allem op seng eege Ressorte konzentréiere kann, muss du als Buergermeeschter an all Dossier doheem sinn a vun allem Bescheed wëssen. Dat bedeit an éischter Linn liesen, liesen, liesen an awer och en oppent Ouer fir all Dossier (Expertise ze hunn). Dofir sinn ech besonnesch frou, datt ech e Mann hunn, dee mir de Réck fräi hält an och, datt meng zwee Bouwe schonns erwuesse sinn. Anerefalls kéint ech mech net esou engagéieren. Ongewinnt war fir mech am Ufank och, datt ech bei enken Decisioune wierklech dat lescht Wuert hunn. Als Teamplayer fält engem dat net ëmmer esou einfach.

D’Corona-Pandemie…

…geet un d’Substanz, virun allem well kommunal Politik an éischter Linn duerch en enken Austausch mat de Bierger·inne gemaach gëtt. A menge 14 Méint am Amt, war ech leider mat kenger anerer Situatioun wéi der aktueller konfrontéiert. Trotz allem sinn ech ganz houfreg, wéi eis Gemeng dës aussergewéinlech Kris gemeeschtert huet. D’Solidaritéit war immens grouss, sief dat ënnert eisen Awunner·innen, eise Veräiner oder och nach dem Gemengepersonal.

Ech hätt ni geduecht…

…wéi vill Leit een effektiv als Buergermeeschter sollicitéieren. Ob op der Strooss, via Telefon oder iwwert déi sozial Medien… d’Ufroe komme souzesoe vun iwwerall a sinn dobäi och ganz ënnerschiddlech. Do geet et vu méiglechen Ustellungen op der Gemeng, iwwert Sträit ënnert Nopere bis hin zu Diskussioune bei Baugeneemegungen oder Problemer bei Stroosseninfrastrukturen oder wéinst Kaméidi. Ech probéieren natierlech all Ufro gerecht ze ginn an de Bierger·innen esou gutt et nëmme geet ze hëllefen. Am Endeffekt ass dat och d’Kärgeschäft vun engem Buergermeeschter.

D’Schoul- an d’SEA-Infrastrukturen bleiwen eng vun eisen ieweschte Prioritéiten

Esch2022…

…kënnt mat risege Schrëtt op eis zou a mir sinn an eiser Gemeng gutt opgestallt fir datt dat Joer ee Succès gëtt. Eis sëllege Projete vum ‘loop’ leien am Zäitplang an eis Bierger·inne kënne sech op eng divers kulturell Offer freeën, déi sech zum ganz groussen Deel am ëffentleche Raum wäert ofspillen. Doniewent sinn ech och ganz frou, datt mir am Kader vum Kulturjoer verschidde Raimlechkeete vum Suessemer Schlass dierfen notzen.

D’Schoul- an d’SEA-Infrastrukturen…

…bleiwen eng vun eisen ieweschte Prioritéiten. Mir feieren net vun ongeféier dëst Joer den 20. Gebuertsdag vun eise Maison-relaisen. Eis Gemeng war vun Ufank u Virreider op deem Terrain a mir ginn net midd ze betounen, datt mir och no all deene Joren nach ëmmer keng Waardelëschten an eise Strukturen hunn. Eis Gemeng wiisst natierlech weider a fir datt dëst och an Zukunft esou bleift, investéiere mir kuerz- (SEA Zolwer Schoul 2000) a mëttelfristeg (SEA Éilereng, Suessem) an nei Infrastrukturen. Weiderhi ginn eis Schoulgebaier och op de leschte Stand gesat a mat modernen Infrastrukturen ausgestatt.

Den (abordabele) Wunnengsbau…

…ass a bleift eng vun deene gréissten Erausfuerderunge vun eiser Zäit. Och fir eis ass et eng Gratwanderung tëschent net ze groussen oder héije Quartieren ze bauen an awer genuch Leit d’Méiglechkeet ze ginn, fir bezuelbare Wunnraum ze kafen oder ze lounen. Zesumme mat eisem Service Logement – oder duerch d’Zesummenaarbecht mat der SNHBM oder dem Fonds de Logement – setze mir alles dorunner fir eise Parc Locatif permanent ze vergréisseren. Sou hu mir och rezent erëm zwou Wunnengen zu Éilereng kaf.

D’Metzerlacher Kierch…

…ass zënter engem gudden hallwe Joer a Gemengenhand a mir wäerten am nächste Budget Sue virgesi fir dëst Gebai engem gréissere Public zougänglech ze maachen. Dono sollen op dëser Plaz net nëmme weltlech Zeremonië méiglech sinn, mee och eng kulturell Programmatioun ass virgesinn.

Schwéier doen ech mech allgemeng mam Ëmgang an dem Toun an de soziale Medien.

Tourismus…

…ass eppes, wat mir an eiser Gemeng leider nach net genuch hunn. Niewent dem Bieleser Gaalgebierg, hu mir awer mam Pavillon ronderëm déi historesch Source Bel-Val, dem Knobelmusée, dem Gîte um Minett-Trail oder och nach dem Urban Time Travel um Belval, direkt e puer Projeten am Bau oder an der Planung, déi eis Gemeng – och iwwert eis kommunal Grenzen eraus – a villerlee Hisiicht nach méi attraktiv wäerte maachen.

Nei Commercen…

…huele mir ëmmer mat oppenen Äerm an eiser Gemeng op. An deem Kader sinn ech besonnesch frou, datt an der Escher Strooss zu Bieles deemnächst net nëmmen e Bäcker, mee och e Metzler wäert seng Dieren opmaachen. Dat selwecht gëllt fir deen neie Projet am Zentrum vun Éilereng, wou mir och probéiere wäerten de lokale Commerce ze beliewen an esou d’Weeër fir eis Awunner·inne méiglechst kuerz ze halen.

Schwéier doen ech mech…

…allgemeng mam Ëmgang an dem Toun an de soziale Medien. Als Gemeng, an och als Politiker, krit een der op deene Plazen dacks op d’Noss an et gëtt seelen ee gëllene Mëttelwee. Egal wéi een et mécht, ass et dono falsch. Do geet leider och ee gewësse Grad un Authentizitéit verluer.

You don't have permission to register