ËWK Februar: Gianmarco

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass den Gianmarco?

Den Gianmarco ass een Illustrateur a Grafikdesigner, deen aus der Géigend vu Metz kënnt an deen et am Joer 2000 fir déi éischte Kéier op Lëtzebuerg verschloen huet. Him huet et esou gutt gefall, dass hien direkt 16 Joer a verschiddene Kommunikatiouns-Agencë geschafft huet, éier hie sech virun e puer Joer selbststänneg gemaach huet. Dëse Schratt erméiglecht et him net nëmme méi perséinlech Liene mat senge Clienten ze hunn, mee och méi Fräiheet a senger Kreativitéit. Den Gianmarco mécht reegelméisseg bei gréissere kollektiven Ausstellunge mat a schafft mat Lëtzebuerger Museker bei der grafescher Realisatioun vun hiren CDen a Vinylen zesummen. Doniewent begleet hien ONGen an Institutiounen (Entrepreneuriat oder Mikro-Finanzen). Säin Universum a säi Stil si ganz perséinlech an onkonventionell.

 

E puer Wierder iwwert d’Illustratioun…

“Bei menger Illustratioun fir de Februar hunn ech ganz bewosst op zwee Theemen zeréckgegraff, déi enk mat dësem Mount verknäppt sinn: d’Stärenzeeche vum Fësch souwéi d’Volleksfest vun der Fuesent. Ech hunn eng ökologesch Approche zu dëse béide Punkte gesicht, fir ze kucken, wéi een Impakt mir als Mënschen op d’Mierer an d’Ozeaner hunn. Sou sinn déi zwee Fësch op der Illustratioun wuel verkleet, dëst awer mat verschiddenen Offäll (Masken, Händchen, Netzer), déi fréier oder spéider an eisem Ökosystem landen. Dat selwecht gëllt fir dee ganze Konfetti aus Mikro-Plastik, dee ronderëm si schwëmmt. Dësen iwwerflëssege Knascht stellt eng reell Gefor fir eis Ëmwelt an Déierevilfalt duer. Et ass wuel eng zynesch Illustratioun, mee et louch mir um Häerz dës traureg Realitéit ze weisen. A vläicht gesäit deen een oder anere säin ökologesche Foussofdrock mat aneren Aen a mir ginn eis zesummen drun, fir dëse souwäit et geet ze limitéieren.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register