“All Dag ass anescht”

Am Kader vum Internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Fuerschung, hu mir eis mat dräi Fuerscherinnen aus eiser Gemeng iwwert d’Fraen an der Fuerschung an hiren Alldag ënnerhalen. D’Prof. Dr. Claudine Kirsch vum Department of Humanities vun der Uni Lëtzebuerg, d’Dr. Rashi Halder vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) vun der Uni Lëtzebuerg an d‘Fuerscherin Carole Blond-Hanten vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) si sech allen dräi eens, dass dësen Dag nach ëmmer wichteg ass.

Hei zu Lëtzebuerg ass am Beräich vun de Fraen an der Fuerschung nach Loft no uewen, ewéi de Rapport SHE Figures vun 2018 weist. Lëtzebuerg läit op der 36. Plaz ënnert 41 Länner am Klassement, wat d’Proportioun vun de Fraen an der Fuerschung ubelaangt. Zousätzlech kann ee beobachten, dass vill Féierungspositiounen, och an deene Fuerschungsberäicher, an deene méi Frae wéi Männer schaffen, nach ëmmer haaptsächlech vu Männer besat sinn.

 

D’Dr. Rashi Halder erkläert: “Eng Studie vu Microsoft huet gewisen, dass Meedercher ab engem Alter vu 15, 16 Joer dovunner ausginn, dass d’Fuerschung méi fir Männer wier. Eis Responsabilitéit ass et elo dës Virstellung ze briechen.”

D‘Carole Blond-Hanten schléisst sech dorunner un: “Et ass wierklech wichteg de Meedercher déi verschidden Disziplinnen opzemaachen. Natierlech ware se net zou, mee et ass méi schwéier, wann ee keng Virbiller an deene verschiddene Beräicher huet. Dëst muss thematiséiert ginn. Wou sti mir elo, wou wëlle mir hin, a wat musse mir maache fir dohinner ze kommen an et dann natierlech och duerchzéien?”

D‘Prof. Dr. Claudine Kirsch ergänzt: ”D’Konditiounen sollte geännert ginn a Richtung Gendergläichheet. Wann ee kleng Kanner huet, ginn engem seng Chancë fir ze fuerschen an ze publizéieren erof, well engem déi Zäit feelt. Chancë fir e Congé scientifique wou een am Ausland fuerscht, ginn och méi kleng. Publikatiounen sinn awer wichteg fir Féierungspositiounen. ”

Stereotyppe ginn et der eng Rëtsch, wat d’Fuerschung ubelaangt. Wéi zum Beispill, wann een un e-ng Fuerscher-in denkt, huet ee séier d’Bild vun enger Persoun mat enger wäisser Schipp, engem Schutzbrëll an Händschen am Labo virun Aen. Allerdéngs ass d’Fuerschung ganz vilfälteg. Esou ginn et verschidden Disziplinnen, ewéi beispillsweis STEM (Naturwëssenschaften, Technologie, Ingenieurswiesen a Mathematik), Sozialwëssenschaften, Educatiounswëssenschaften, Sproochewëssenschaften, asw.. Et ginn nach vill Beräicher, déi erfuerscht kënnen a solle ginn.

Et gëtt elo keen typeschen Dag. All Dag ass anescht, an ech fannen, dass dat bei mengem Beruff esou wansinneg spannend ass.

D’Prof. Dr. Claudine Kirsch an d‘Fuerscherin Carole Blond-Hanten droe keng wäiss Schipp a sinn och net am Labo fir hir Fuerschung. Hire “Labo” ass den Terrain, an dee variéiert jee no Projet an Thematik. Am Beräich vun der Fuerschung iwwert d’Méisproochegkeet an der Education sinn d’Deeg och ganz verschidden, ewéi d’Prof. Dr. Kirsch eis matdeelt: “Et ginn Deeg, wou ech 6 Stonne Schoul halen, wou ech meng Bachelor- a meng Masterstudenten hunn, an tëschenduerch kënnt en Doktorand fir en Tutorat. Et ginn nëmmen där Deeg. Ech versichen de Bacheloren, déi fir Enseignant léieren, Methoden a Strategie mat op de Wee ze ginn, wéi si de Kanner hir mëndlech a schrëftlech Sproochen entwéckele kënnen. Bei de Masteren, do geet et éischter ëm d’Theema vun der Zweesproochegkeet a vun der Méisproochegkeet. A bei den Doktoranden, do hänkt et e bësse vun hirem Beräich of.”

 

“Da ginn et Deeg, wou ech nëmmen Daten analyséieren oder nëmmen un engem Artikel schreiwen, well mir eng wichteg Deadline hunn. Da ginn et awer och nach déi mega cool Deeg, wou ech dann am Feld sinn, bei Kanner an Erwuessenen a Crèchen oder Schoulen, a wou mir Date fir eis Fuerschungsprojeten erhiewen. Et gëtt elo keen typeschen Dag. All Dag ass anescht, an ech fannen, dass dat bei mengem Beruff esou wansinneg spannend ass. Déi zwee Fuerschungsprojeten, déi ech maachen, sinn och komplett verschidden, well deen ee iwwer Covid mat de Kanner ass – de COVID-KIDS ass elo och toppaktuell – an dat anert ass e Projet iwwer 4 Joer, de COMPARE, wou et ëm Kollaboratioun mat Elteren an ëm Literarcy (Erfahrung mat Schrëftkultur) bei klenge Kanner an dem SEA (Service d’Éducation et d’Accueil) geet”, erkläert d’Prof. Dr. Claudine Kirsch.

D’Fuerschung an de Sozialwësseschafte gesäit net esou typesch aus, wéi dat Bild, wat ee vläicht am Kapp huet.

Fir d’Carole Blond-Hanten, déi an de Sozialwëssenschaften u Projete schafft, wéi dem erfollegräichen Gender Game, dat mat de Stereotyppen ëm d’Fuerschung an Gender opkläre wëll an en FNR Award krut, pendelt sech d’Aarbecht och um Büro an um Terrain aus. D’Carole erzielt: “D’Fuerschung an de Sozialwësseschafte gesäit net esou typesch aus, wéi dat Bild, wat ee vläicht am Kapp huet. Bei eis am LISER, mee och an anere Fuerschungszentre schaffe mir ganz vill um Büro, mee awer och um Terrain.”

“Ech perséinlech schaffe mat qualitative Methodologien, wou een Interviewe mat den Acteure vum Terrain mécht. Dës Interviewe maachen ech net all selwer, mee eng Rei dovunner, dat heescht ech hu schonns de Kontakt mat der Gesellschaft, wa mir beispillsweis eng Enquête iwwert d’Associatiounen hei zu Lëtzebuerg maachen, oder iwwert de Sozialdialog. An deem Fall, gi mir bei d’Leit, bei d’Acteuren, a mir stellen hinne Froen. D’selwecht ass, wa mir europäesch Projeten hunn, wou mir dann national Experte fir verschidde Froe sinn. An deem Fall musse mir dann d’Leit um Terrain befroe goen. Déi Donnéeë ginn da gesammelt. Beim Qualitative gi se transcribéiert, codéiert, kategoriséiert an analyséiert, an duerno heescht et da seng Donnéeën och ze publizéieren. Engersäits fir de wëssenschaftlechen akademeschen Niveau, an anerersäits awer natierlech och fird’Gesellschaft”, sou d’Carole Blond-Hanten ofschléissend.

Éier ech mëttes dann an de Labo ginn, muss ech den Dag virdrunner d’Experimenter plangen.

D’Dr. Rashi Halder fuerscht an der Neurowëssenschaft an ass Sequencing Platform Manager am LCSB. Hei ass si zwar och am Labo, mee et gehéiert awer nach vill méi zu hirem Alldag dozou: “Ech reservéiere mir meeschtens mueres fir meng administrativ Aarbechten ze maachen. Hei sinn ech dann um Büro a kucke meng Mailen, tausche mech mat der Administratioun oder dem Finanzdepartement aus, respektiv koordinéieren, wéini déi verschidde Fuerscher d’Sequencing Platform benotze kënnen. Éier ech mëttes dann an de Labo ginn, muss ech den Dag virdrunner d’Experimenter plangen. Hei muss ech kucken, ob ech nach zousätzlecht Material brauch, ech muss d’Bänk reservéieren an uginn, wéi laang ech se brauche wäert. Heiansdo musse verschidden Experimenter an enger bestëmmter Zäitspan duerchgefouert ginn, an do muss ee jiddweree mat Zäiten informéieren, wéini ee wat fir een Instrument brauche wäert. Owes kucken ech dann nach eng Kéier meng Mailen, schreiwe Verschiddenes a maache Kalkulatioune fir Subventiounsprojeten oder fir Leit, déi Prouwe verschécken.”

Message fir déi Jonk, a speziell fir d’Meedercher, déi wëllen an d’Fuerschung goen

Déi dräi Fuerscherinnen aus der Gemeng Suessem si sech eens an hirem Message un déi nächst Generatiounen. Hei eng kleng Lëscht mat den Tuyauen, déi d’Prof. Dr. Claudine Kirsch, d’Dr. Rashi Halder an d’Carole Blond-Hanten deene Jonke wëlle mat op de Wee ginn:

  • Et ass haart Aarbecht, mee an all Beruff ass dëst u sech de Fall.
  • Et brauch een eng gutt Ausdauer a vill Nerven, an heiansdo awer och einfach e Fonke Gléck.
  • Et ass immens vill Kompetitioun an der Fuerschung.
  • Et soll ee Freed u senger Aarbecht hunn.

Niewent de méi erausfuerderende Säite vun der Fuerschung, huet de Beruff awer och seng flott Säiten:

  • Et huet ee relativ vill Flexibilitéit am Beruff.
  • Et gëtt vill Ofwiesslung an der Fuerschung.
  • Et reest ee vill fir op Konferenzen asw..
  • Et huet een interessant Echange mat anere Fuerscher-innen.
  • Et schafft een an engem immens multikulturellen Ëmfeld.
  • Et kann ee seng Resultater a Studie publizéieren.
  • Et kritt een Unerkennung, sief et doduerch, dass d’Publikatioune gelies ginn, sief et ënnert senge Fachkolleegen, sief et duerch Präisser.

Déi dräi Fuerscherinne maachen hir Aarbecht mat Passioun an hoffen, dass besonnesch méi Meedercher de Wee an d’Fuerschung fanne wäerten.

 

You don't have permission to register