ËWK Januar: Lucile Matter

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Thema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir. Den Ufank mécht d’Lucile Matter, déi sech de wanterleche Januar erausgesicht hat.

Wien ass d’Lucile Matter?

D’Lucile kënnt vu Metz a schafft als Illustratorin a Grafikdesignerin. Nodeems Zeechne schonns fréi eng Leidenschaft fir si war, gouf et am Laf vun der Zäit ee feste Bestanddeel vun hirem Liewen. No hirem Grafikdesign-Studium huet d’Lucile sech dunn op digital Illustratioune spezialiséiert, woubäi hir sécherlech 2015 och déi berufflech Erfarung an engem kreative lëtzebuergesche Studio gehollef huet.

Mëttlerweil fräischaffend, realiséiert d’Lucile ganz ënnerschiddlech a villsäiteg Projeten. Mat hirem Talent bréngt si et dobäi och ouni Weideres fäerdeg, ee ganz eegent Universum op Mooss z’erschafen. Duerch hir Illustratiounen haucht si Plaze Liewen an eng Geschicht an, woubäi si hir Inspiratioun aus Reesen, dem Zinema oder nach der Musek zitt. Dem Betruechter an deem senger Fantasie léisst d’Lucile awer ëmmer genuch Interpretatiounsspillraum, well dacks sinn et Landschaften, déi ganz eegen Erënnerungen an engem ervirruffen.

E puer Wierder iwwert d’Illustratioun…

D’Lucile proposéiert fir de Mount Januar eng poetesch a wanterlech Illustratioun, op där de Suessemer Schlassgaart a seng Alentoure mat Schnéi bedeckt sinn. Dat Ganzt ass een harmonescht Zesummespill vu Schieter a Kontraster, souwéi méi kalen awer och gëllene Faarwen. D’Illustratioun ass eng Widmung un de Wanter a weist den Zauber vu enger gefruerener Dämmerung.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register