“Um Terrain bei de Leit fillen ech mech am wuelsten”

E Gespréich mam Steve Gierenz, säit dësem Summer Schäffen an ë.a. verantwortlech fir d’Ressorte Maison Relais a Senioren.
Wéi bass du an d’Politik komm?

Dat war 2010 an ech ka mech nach ganz genau erënneren, dass ech zu Las Vegas souz, wéi ech eng SMS vum Georges (Engel) krut an hie mech gefrot huet, ob ech mir virstelle kéint an der LSAP méi aktiv ze ginn. Fir mech war d’LSAP schonns déi richteg Richtung an ech bereien dëse Schrëtt sécherlech net, och wann ech heiansdo um Iessdësch e puer Spréch vu mengem Papp ze héiere kréien (laacht).

 

2017 fir déi éischte Kéier an de Gemengerot gewielt, bass du knapps dräi Joer dono dëse Summer als Schäffe vereedegt ginn…

…an ech muss zouginn, dass souguer mir dat e bëssen ze séier gaangen ass, well d’Aarbecht an d’Verantwortung am Schäfferot dach eng ganz aner wéi déi am Gemengerot sinn. An awer sinn ech ee Mënsch, dee frou ass, wann et am Liewe virugeet an dee sech gären neien Erausfuerderunge stellt. No e puer Méint am kale Waasser fillen ech mech mëttlerweil ganz wuel, woubäi déi méi erfueren Huesen am Schäfferot mech och gutt ënnerstëtzt hunn. Dobäi kënnt, dass meng Ressorten ee gudde Mix aus Mënsch an Technik sinn.

 

Educateur vu Formatioun, läit de Ressort vun der Maison Relais dir sécherlech besonnesch um Häerz.

Ech mengen, dass dat schonns beim Simone (Asselborn-Bintz) keen Zoufall war, dass hat dee Ressort ënnert sech hat an et besteet keng Ursaach fir net an der selwechter Dynamik virunzeschaffen. Eis Maisons Relaise sinn nämlech beileiwe kee Suergekand. Se si gutt organiséiert, mir hu keng Waardelëscht, et ass eng kollegial Ambiance a mir hu vill Demande vu Leit, déi gäre wëlle bei eis schaffe kommen.

 

Méi Awunner bedeiten och méi Kannerbetreiung. Wéi eng Iwwerleeunge ginn et am Zesummenhang mat der Entwécklung?

Ech perséinlech war schonns ganz frou, dass de Kannercampus, fir dee mir massiv rekrutéiert hunn, elo prett fir d’Rentrée war. Donieft ginn et jo och schonns konkret Gedanke fir weider Strukturen zu Zolwer bei der Schoul 2000, zu Éilereng oder zu Suessem. An och d’Iddi vun enger Maison Relais oder enger Crèche am Bësch wëlle mir gäre weider verfollegen.

 

Diametral zu de Kanner hues du och d’Senioren als Ressort. Wéi eng Schwéierpunkte wëlls du op deem Terrain setzen?

Et ass mir e wichtegt Uleies, dass eis Bierger och am Alter kënnen an hiren eegene véier Mauere wunne bleiwen. Mir wäerten dofir bestoend Strukturen ausbauen an neier schafen, an deenen eeler Leit betreit ginn, ouni dass si direkt an de CIPA plënnere mussen. Weiderhi wäerte mir eist Bescht ginn, fir d’Seniore verstäerkt an eist soziaalt Gemengen- a Veräinsliewen anzebannen.

 

Theeme wéi Naturschutz, Energie oder Kanalisatioun si villäicht manner gräifbar, dofir awer net manner wichteg. Wéi hues du dech an dës Dossieren ageschafft?

Wat den Ëmweltschutz betrëfft, sou sinn ech frou, dass mir ee Service Écologique hunn, deen eng sëllege Projete mat Häerzblutt virundreift. Ech denken do ë.a. un d’Matgesfeld, wou den 1. Dezember ee Gerant agestallt gouf, oder och un déi participativ Photovoltaikanlag um Kannercampus, bei där sech eis Bierger akafe kënnen. A puncto Kanalisatioun, ass et natierlech ëmmer schwiereg den Awunner gréisser Chantieren ze verkafen, mee mir probéieren de Leit den Nëtze vun den Aarbechten z’erklären a féieren dës och nëmmen duerch, falls et absolut noutwenneg ass.

 

Wéi eng gréisser Changementer hues du an deem knappen hallwe Joer an denger neier Funktioun festgestallt?

Vu dass ech ganz vill Leit aus dem Beräich kennen, war et ufanks sécherlech e bësse speziell Personalschäffe vu der Maison Relais an dem CIPA ze sinn. Well ech mech um tëschemënschlechen Terrain awer am wuelste spieren, huet dat sech séier geluecht. Insgesamt probéieren ech natierlech mir trei ze bleiwen. Virun e puer Woche sot nach ee Bekannten zu mir “elo, wou s du Schäffe bass, wäers du sécher vill um Tour musse sinn”. Dat kann ech esou net bestätegen. Ech war nach ëmmer vill um Terrain ënnerwee an dat wäert sech och net änneren. Entweder du bass gären à l’écoute vun de Leit oder net. Dat kann een net léieren.

 

Bleift nieft alle berufflechen a politesche Verflichtungen och nach Zäit fir Hobbyen?

Nieft menger Tätegkeet als President vum Zolwer Dëschtennis an der lokaler LASEP Sektioun, probéieren ech op mannst eemol d’Woch an d’Sauna ze goen. Dee Rendezvous probéieren ech wierklech anzehalen, well d’Hëtzt an d’Rou mir enorm vill Kraaft ginn a mech zugläich awer och erëm erofbréngen.

You don't have permission to register