Éier et an d’Kichen un an un de geet, gëtt beim Betty Lorang an Yvan Couvreur fir d’éischt eng Coupe zerwéiert, passend dozou leeft Musek aus hirer wonnerschéiner Jukebox aus dem Joer 1952. Säit 2008 wunnt de Belsch Yvan Couvreur fest zu Lëtzebuerg, nodeems hien a seng Fra Betty 13 Joer laang tëscht Antwerpen a Lëtzebuerg gependelt sinn. Eng 60.000 km pro Joer sinn dobäi ugefall – wat een net alles fir d’Léift mécht. De pensionéierte Geschäftsmann bastelt haut gären am Holz, sief et eng kleng Roulotte fir d’Enkelin oder eng selwergebaute Bicherkëscht fir d‘Betty, déi virun hirem Haus zu Suessem steet a fir munch littérature-française Fan eppes iwwereg huet. Och däitsch Bicher sinn dobäi.

Ma dem Yvan Couvreur war et och wichteg sech ze integréieren. Hien huet Lëtzebuergesch geléiert – seng Fra Betty am Géigenzuch Flamännesch – an hien hëlleft gären do wou e kann, esou och an der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem a spéider am Owend och an der Kichen, beim Frittéiere vun de Krocketten. „Ech sinn zu Lëtzebuerg wonnerbar opgeholl ginn an ech hunn Zäit, da ginn ech gären eppes zeréck. Meng Fra huet mir vun der Integratiounskommissioun erzielt an do hunn ech mech gemellt“, esou de charismatesche Mann vun der belscher Küst.

Fir 12 Crevette-Krockette brauch een:

  • 300 g kleng Crevetten
  • 50 g Botter
  • 50 g Miel
  • 300 ml Vollmëllech
  • 1 Téiläffel Fëschbouillon (Pudder oder am Cube)
  • 2 Zoppeläffel gerappte Kéis (Emmentaler)
  • 1 Zoppeläffel Zitrounejus
  • 1 Ee
  • 50 g Crème fraîche (30% Fett)
  • Panéiermiel
  • Salz a Peffer

Fir d’Krocketten:

De Botter schmëlzen an d’Miel derbäi ginn, e puer Minutte kache loossen. D’Mëllech wiermen, d‘Fëschbouillon dobäifügen a mam Schnéibiesem opschloen. D’Béchamel bei schwaacher Hëtzt kache loossen. Mat Salz a Peffer wierzen.
D’Eegiel an enger Schossel opschloen a a mat der Crème fraîche mëschen. Bei d’Béchamel dobäiginn a weider licht kache loossen. Vun der Plack erofhuelen, de Kéis, d’Crevetten an den Zitrounejus dobäiginn.
D’Mass an enger platter Form verdeelen, Frischhaltefolie driwwer an op mannst 4 Stonnen – am beschten iwwer Nuecht – an de Frigo stellen.
D’Krockette mat der Hand formen, se am Miel rullen, dono an dat Wäisst vum Ee zappen an da panéieren. D’Krocketten an der Friteuse bei 160° frittéieren (oder afréieren).
E belschen Tipp: eng Rodenbach rouge dobäi drénken.

Fir de Magret de Canard Zooss Marsala fir 2 Persounen brauch een:

  • 1 Magret de canard
  • Marsala (Likörswäin)
  • Xérès Esseg
  • Crème fraîche (30% Fett)
  • Salz, Peffer

Zerwéiert mat grénge Bounen an Hasselback Gromperen

Zoubereedung:

Hasselback Gromperen

D’Grompere wäschen, mee net schielen. Dono mat engem schaarfe Messer all 3 bis 5 Millimeter aschneiden, ouni se ganz duerchzeschneiden. (Tipp: Stäbercher de laange Wee laanscht d’Gromper leeën, dat verhënnert, datt dir se ganz duerchschneit)

Mat Olivenueleg bepinselen, Thymian a Rosmarin dobäiginn, salzen, pefferen a fir eng Stonn an de Schäffche stellen (op 180° virwiermen).

D’Boune wäschen an am Salzwaasser fir 10 Minutte kachen, ofschëdden a se ënnert kalem Waasser ofspullen.

Zoubereedung vum Magret de canard:

Mat engem schaarfe Messer d’Fettsäit vum Magret aschneiden, a Gitterform. Dono op béide Säite salzen a pefferen.
An der Pan broden, ugefaange mat der Fettsäit, +-3 Minutten, dono d’Säit wiesselen. No nach eemol 3 Minutte kënnt de Magret fir 7 Minutten an de Schäffchen (op 200 Grad virwiermen).
De Magret aus dem Schäffchen huelen an a Sëlwerpabeier waarm halen. D’Fett ofschëdden an an der Pan d’Zooss mat Xérès Esseg, Marsala an e bësse Crème fraîche zoubereeden. De Magret an dënne Scheiwe mat de Bounen am Botter an den Hasselback Gromperen zerwéieren.

Gudden Appetit!

Post tags:
You don't have permission to register