“Jidderee soll säi Gefier fräi wiele kënnen”

E Gespréich mam Ressortschäffen Marco Goelhausen am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch

Wéi gesäit d’Mobilitéit an enger perfekter Welt fir Iech aus?  

Meng Idealvirstellung vu Mobilitéit ass déi, dass mir den Auto just nach dann huelen, wann et absolut noutwenneg an onemgänglech ass. Et dierf een natierlech net de Feeler maache fir den Auto ze verdäiwelen, mee et ass och sécherlech keng Léisung, wann eng véierkäppeg Famill véier Autoen huet, vun deenen der dräi 22 Stonnen den Dag am Garage oder virun der Hausdier stinn. Mir als Gemeng Suessem probéiere jiddefalls déi verschiddenst Alternativen ze favoriséieren, sief et déi douce Mobilitéit, den ëffentlechen Transport oder d’Elektromobilitéit.

 

Den ëffentlechen Transport stoung an der Lescht öfters an der Kritik wéinst de massiven a repetitive Retarden.

D’Verspéidungen am ëffentlechen Transport sinn nët vun der Hand ze weisen an eppes, wou ech d’Onzefriddenheet vun de Leit och komplett novollzéie kann. Et dierf net sinn, dass ee mat Retarden oder schlëmmste falls Ausfäll “bestrooft” gëtt, wann ee wëll op de Bus oder Zuch zeréckgräifen. Mir als Gemengeverantwortlech maachen d’Ae virun der Problematik jiddefalls net zou a probéieren op all deene Plazen Drock ze maachen, wou mir nëmme kënnen. Leider sinn eis an deem Dossier awer deelweis d’Hänn gebonnen, mee mir wäerten um Ball bleiwen.

 

D’Gemeng Suessem ass net eréischt an der Lescht am Beräich Mobilitéit aktiv ginn. Wéi erkläert Dir iech dee besonnesche Bezuch zu deem Thema?

An eiser Gemeng gëtt d’Thema Mobilitéit effektiv schonns säit laangem grouss geschriwwen. Dat huet menger Meenung no net nëmme mat der geografescher Lag oder de politesche Verantwortlechen, mee virun allem och mat der Beschafenheet vun eiser Gemeng ze dinn. Mir si vun der Fläch hir eng relativ grouss Gemeng. Dobäi kënnt, dass den Terrain nivelléiert ass an et vill kleng Koppe gëtt. Mir hunn dofir misse Léisunge sichen an der Bevëlkerung konkret Alternative bidden.

 

Wéi gesinn déi Alternativen um Terrain aus?

Mir hunn eng ganz Rei Projeten, déi mir schonns säit Jore kontinuéierlech a konsequent ausbauen. Ech denken do un de Foussgängerleitsystem, de Ruffbus, un eist Vël’OK-Netz, wat vu Joer zu Joer méi grouss an elo och elektresch ënnerstëtzt gëtt, oder och nach de séchere Schoulwee, bei deem mir an Zukunft och de Vëlo mat abanne wëllen. Donieft sinn och geséchert Vëlos-Boxen op strategesche Punkten an der Gemeng geplangt.

Eppes wourop Dir sécherlech houfreg sidd, ass de Masterplang Mobilitéit 2030, deen dësen Hierscht der Ëffentlechkeet presentéiert gëtt.

D’Gemeng Suessem ass tatsächlech déi éischt Gemeng zu Lëtzebuerg, déi esou ee Masterplang ausgeschafft huet. D’Zil dovunner ass et, eng nohalteg Mobilitéit ze fërderen an de Plang regelméisseg ze préiwen, ob en den aktuellen Erausfuerderungen nach gewuess ass. Bei deem partizipative Mobilitéits-Check an dem dozou gehéierende Workshop sinn ënnert anerem zwee Sloganen zeréck behale ginn, déi mir ganz passend erschéngen: “Et geet och anescht ewéi mam Auto” a “Verpflichtend Plange fir muer”. Dat sinn zwee allgemeng gülteg Usätz, mat deenen ee scho ganz vill erreeche kann. Et dierf een dat Ganzt awer net ze autoritär ugoen, mee de Grondgedanke vun der fräier Wiel vum Verkéiersmëttel muss iwwert allem stoen.

 

Ee weidere wichtege Punkt an dem Masterplang sinn déi kuerz Weeër…

…souwéi d’Redecouverte vun der Proximitéit. Déi Punkte klénge villäicht ganz banal, mee se si ganz essentiell. An deem Kontext musse mir als Gemengeverantwortlech och déi Infrastrukture schafen, dass d’Awunner Loscht kréie fir op enger kuerzer Distanz de Vëlo ze huelen oder zu Fouss ze goen. Hei sief den neie Wee ernimmt, deen de Chemin Rouge mam Geessewee, iwwert de Pakebierg, duerch d’Rue de la Gare mam Scheierhaff verbënnt.

 

Zum Ofschloss nach e puer Wieder iwwert dee reeboufaarwege Stroossendeel an der Rue Jean Anen um Scheierhaff. Wat huet et domat op sech?

Dat Ganzt ass am Fong geholl “just” eng aner Form vu Verkéiersberouegung, awer eng kreativ, positiv an opfalend. Mir haten déi Iddi schonns länger am Kapp an op dëser Plaz, an direkter Distanz zu enger Schoul, enger Maison Relais an dem KUSS huet et am Meeschte Sënn gemaach. Den enorm positive Feedback, virun allem an de soziale Medien, dee mir bis elo kruten, freet mech an huet gewisen, dass mir domat 100% richteg louchen. Et hunn eis och schonns vill Leit ugeschwat, ob mir dat net och op aner Plaze realiséiere kéinten. Leider ass dëst nët iwwerall méiglech, well et sech oft ëm Staatsstroossen handelt. Et wäerten an Zukunft awer sécherlech weider Mesuren, virun allem virun de Schoulen, realiséiert ginn.

 

You don't have permission to register