Arhs, neie Start um Belval

Wann Dir regelméisseg um Belval ënnerwee sidd, dann hutt Dir dat neit, grousst, gliesent Gebai sécherlech schonns gesinn. Op der Fassade si mëttlerweil véier riseg Buschtawen ze liesen: arηs, ausgeschwat “aris”. D’Firma vum Jourdan Serderidis ass mëttlerweil säit e puer Wochen op Betribstemperatur.

2003 gegrënnt, ass dës IT-Firma, déi doranner spezialiséiert ass, gréisser a komplex informatesch Projeten a Systemer bei risegen Entreprisen ze géréieren, eng richteg Success-Story. Komme mir nach eemol op deen dach ongewéinlechen Numm vun der Firma zeréck. De Jourdan Serderidis, Belsch mat griicheschen Originen, huet deen net ouni Hannergedanken ausgewielt.

An der griichescher Mythologie ass den Arηs net nëmmen ee Bouf vum Zeus, mee och de Gott vum Krich. Dëser Figur ginn ënner anerem Intelligenz, Strategie, Wäitsiicht a Féierungsqualitéiten zougesprach. Mat dësem mytheschen Numm konnt d’Firma vum Jourdan Serderidis nëmmen een Erfolleg ginn.

Ugefaange mat 5 Leit, schaffe mëttlerweil eng ronn 1.400 Mataarbechter an 11 Departementer fir dës Entreprise. Fir esou villen Employéeën ee perfekte Kader ze bidden, muss och dat neit Gebai deenen héchsten Uspréch gerecht ginn.

“Belval, ee moderne Site, dee perfekt bei eis passt”

Fir de Jourdan Serderidis ass et onheemlech wichteg, dass seng Employéeë gäre schaffe kommen, well et ass schliisslech op hirer Aarbechtsplaz, wou si déi meeschten Zäit am Dag verbréngen. Um Belval,, „engem Site, dee permanent a Bewegung ass“, hu si hier perfekt Plaz fonnt.

D’Resultat: ee fonkelneie Siège direkt um Square Mile, deen net manner wéi 400 Mataarbechter eng neit berufflecht Doheem bitt.

You don't have permission to register