RedRock Climbing Center: Onendlech wäit an héich eraus

Wann an dësem Fall vu “Red Rock” (ltz.: roudem Fiels) riets geet, da geet et net a Richtung Red Rock Canyon an der verloossener Mojave-Wüst am US-Bundesstaat Nevada, mee an de roude Süde vu Lëtzebuerg an de Red Rock Climbing Center, vun deem een houfreg ka soen, dass hie “made in Suessem” ass. Nieft der Faarf verbënnt béid Plazen nach eppes. Si sinn alle béid eng “place to be” fir Kloterer.

Onendlech wäit an héich eraus

An den 80er Jore koum en neien Trend am Klammen op. Déi rustikal Fräizäitaktivitéit krut duerch gutt trainéiert a brong gebrannten Athleten en opgefrëschten Image. Dës cool Zäitgenossen, déi éischter engem André Agassi wéi engem George Mallory geglach hunn, hunn an den Zäitalter vum Bodybuilding, de Stretch-Collanten an de Marcele gepasst. Dobäi koum, dass den Zäitgeescht dee vum Fun-Sport a vun der Juegd nom Adrenalin war, dee sech net op d’Eruewerung vun de Koppe limitéiert huet. “An den 80er huet op eemol en anere Wand geblosen an der Welt vum Klammen. Wéi et bis en Indoor-Sport war, gouf et séier populär an huet sech en eegenen Numm gemaach, sou dass et fir déi nei Generatioun vu Kloterer vill méi war wéi just eng Ersatz-Aktivitéit, wann d’Wieder schlecht war”, erkläert den Thomas Froidure, Matgrënner vum Zenter.

Ee “Monolithe”

Och wann et kee Yosemite oder El Capitan ass, sou erhieft sech de RedRock Climbing Center mat senger Form a senger groer Faarf wéi ee Monolithe vum Kubrick aus dem Buedem. Säit senger Aweiung am September 2018, begréisst dës imposant Kloterhal Sportler aus der ganzer Regioun. “Et ass déi gréisste Kloterhal am Land”, seet den Thomas net ouni Houfert. Deen imposante Bau mat enger Héicht vu 15 Meter ass net nëmmen déi ideal Spillwiss fir Kloterer vun no a wäit, mee entsprécht souguer den olympeschen Normen. Dofir ass et och net verwonnerlech, dass een an der Hal Sportler vun all Alter an all Niveau gesäit. Ob semiprofessionell Athleten, déi sech op ee Championat virbereeden, erfueren Hobby-Kloterer oder och Ufänger, am RedRock Climbing Center hänkt jiddereen iergendwann an de Seeler. “Mir sinn eng Equipe vu positiv Verréckten, déi hir Leidenschaft zu 500% liewen.

Dobäi passe mir awer ëmmer dorop op, dass déi familiär a relax Atmosphär, déi d’Klammen u sech huet, net verluer ginn. Team Building fir eng Entreprise, Gebuertsdeeg, Schoulklassen asw., bei eis ass jidderee wëllkomm!”, präziséiert den Thomas weider. Dobäi fënnt een an dëser kënschtlecher Bierglandschaft zu Zolwer déi selwecht Eegeschaften erëm wéi op de Spëtze vun engem Denali oder Mount Everest: Konzentratioun, Ustrengung, awer och ee Kierpergefill a –bewosstsäin, wat sämtlech Kloterer verbënnt.

Mens sana in corpore sano

An Zäite vun ëmmer méi Stress an och Réckwéi, ass d’Klammen een idealen Zäitverdreif fir zur Rou ze kommen a sech intensiv mat sech selwer ze beschäftegen. “Klammen ass mat dat gesondsten, wat ee fir de Kierper maache kann. Verschiddener fänke souguer just un, well den Dokter hinnen et geroden huet. Et schafft ee bal ausschliisslech mam eegene Kierpergewiicht, et forcéiert een näischt a soumat riskéiert een och keng Verletzungen.” Dobäi kënnt nach eng uerdentlech Portioun Konzentratioun fir deen nächsten Handgrëff och sécher net donieft ze setzen. Alles an allem also déi ideal Sportaart fir ee gesonde Geescht an engem gesonde Kierper.

Eng staark Allianz

De RedRock Climbing Center ass awer virun allem eng Geschicht vun e puer gudde Frënn: “Éier mir dës gréisser Aventure zesummen ugaange sinn, hat sech virun allem de Gilbert schonns eng länger Zäit vill Gedanken iwwert dat genaut Konzept gemaach”, erkläert den Thomas. Wéi hir Iddi ëmmer méi konkret ginn ass, hu si sech dunn och getraut un extern Partner erunzetrieden. “2014 hu mir der Suessemer Gemeng eis Iddi virgestallt an déi Responsabel ware vun Ufank u komplett begeeschtert. Dat war fir eis ee risege Glécksgrëff, well ouni dës Ënnerstëtzung géif et de RedRock Climbing Center ënnert dëser Form haut sécher net ginn. An dëser Gemeng gëtt et ouni Zweiwel ee staarke Wëlle fir Projeten eng Chance ze ginn an an dësem Fall ka wierklech jiddereen dovunner profitéieren. Nieft dem Gilbert an dem Thomas si mam Luc, Serge a Mariola dräi weider wichteg Piliere bei dëse Projet dobäi komm. “Mir sinn eng agespillten Equipe, déi sech exzellent ergänzt”, fiert den Thomas virun, “De Gilbert an ech këmmeren eis haaptsächlech ëm den Encadrement an de Buttek, de Luc ass verantwortlech fir dee ganze Volet vum Marketing an de Serge kuckt dass den “Daily Business” assuréiert ass. D’Mariola sengersäits kuckt nom Bar an dem Restaurant.”

Mat sengen imposanten Dimensiounen huet de RedRock Climbing Center et an engem knappe Joer gepackt, sech op déi national an international Landkaart ze setzen.

Méi Informatiounen: www.redrock-climbingcenter.lu

You don't have permission to register