“Ech bewonneren den Engagement vun eise Sportsveräiner”

An Zäite wou Phänomener wéi den E-Sport ëmmer méi opkommen, ass et de Sport u sech, mat all sengen Erausfuerderungen, senger sozialer Integratioun a sengem positiven Afloss op d’Gesondheet, deen net ze kuerz komme soll. Infrastrukturen, Clibb a Veräiner, spezifesch Evenementer – an der Gemeng Suessem ass déi sportlech Aktivitéit eng Prioritéit. Eppes, wat der Sportschäffin Nathalie Morgenthaler besonnesch um Häerz läit.

Et läit op der Hand, dass mir eis mam Nathalie Morgenthaler am Sportikuss Rendezvous ginn, ee vun de Sporttempelen an der Gemeng. Ronderëm eis jäize Kanner, wärend se an der Sportshal ronderëm huschen, dat Ganzt natierlech ënnert der Opsiicht vun Educateuren. Déi Kleng esou glécklech an Aktioun ze gesi mécht dem Nathalie Morgenthaler vill Freed, virun allem well eng vun hire Prioritéiten de Sport fir all Alter ass. An deem Zesummenhang passt et och, dass ee vun de Projeten, deen d’Sportschäffin deemnächst ëmsetze wëll, d’Installatioun vun engem Fitness-Parcours fir eeler Leit direkt nieft dem CIPA REWA ass.

Eng etlech sportlech Dossiere landen a reegelméissegen Ofstänn um Nathalie Morgenthaler hirem Bureau. D’Directrice vum Centre pour l’Egalité de traitement (CET) léisst sech vum Aarbechtspensum awer net ofschrecken. Dofir ass si schonns ze laang am politesche Geschäft ënnerwee: mat 17 Joer huet si sech der CSJ ugeschloss, mat 19 war si schonns Kandidatin bei de Gemengewalen, éier si mat 23 Joer de Sprong an de Gemengerot gepackt huet. Zanter de leschte Walen am Oktober 2017 ass déi 39 Joer al CSV-Politikerin feste Member am Schäfferot.

Sportinfrastrukturen déi hires gläiche sichen

D’Nathalie Morgenthaler hat sech schonns länger virgeholl aus Suessem eng Gemeng ze maachen, déi sech beweegt, an dat net eréischt zanter dass si de Sportressort iwwerholl huet. Fir sech ze beweege brauch een nun och emol Sportinfrastrukturen, déi deem gewuess sinn. An dësem Punkt sinn déi Suessemer Awunner verwinnt. Nieft dem Sportikuss zu Zolwer sief do an éischter Linn un déi nei Suessemer Hal an der Rue Niederkorn erënnert, déi schonns fir déi éischt Clibb an Athleten op ass, an am Hierscht vun dësem Joer, wa se dann och komplett fäerdeg ass, ageweit wäert ginn.

Een anere gréissere Chantier ass dee vun enger neier Sportshal um Belval, déi hir Dieren normalerweis fir d’Rentrée am September 2020 opmaache wäert. Dës Hal wäert een Deel vum groussen neie Kannercampus sinn an natierlech virun allem vun de Schoulkanner genotzt ginn. Ausserhalb vun de Schoulzäite wäert dës Hal awer och den Awunner aus der Gemeng zur Verfügung stoen.

Donieft sinn och direkt e puer nei Trainingsterraine geplangt oder schonns am Gaange realiséiert ze ginn, sief dat fir d’Fussballsveräiner, den Agility (Reamenagement) oder och nach den Tennis. Dobäi kënnt, dass sämtlech bestoend Infrastrukture reegelméisseg erneiert ginn. Elleng 2019 stinn dofir 1,5 Milliounen € am Budget.

Sportaarte fir all Goût

“Mir hunn net manner wéi 18 Veräiner an deenen et méiglech ass Fussball, Tennis oder Basket ze spillen, Vëlo ze fueren, Karate ze maachen oder och nach ze turnen.” Suessem ass awer net nëmmen eng Gemeng, an där déi traditionell Sportaarte grouss geschriwwe ginn, mee och eng Gemeng, an där een emol méi ongewéinlechen Aktivitéite begéine kann. “Bei der leschter Editioun vun der nationaler Nuit du Sport konnten d’Leit zum Beispill Footgolf ausprobéieren,” erkläert d’Nathalie Morgenthaler.

An Zukunft wäerten an der Suessemer Gemeng zousätzlech Vëlosweeër entstoen, déi net nëmmen de Vëlosfrënn zegutt wäerte kommen, mee och nach en aneren Nëtzen hunn: “D’Iddi ass déi, dass mir mat dëse Vëlosweeër eis véier Uertschaften nach besser matenee vernetzen a soumat och d’Deplacementer vun enger Uertschaft an déi aner méi einfach maachen. Vëlofueren ass souwisou eppes, wat mir ganz staark ënnerstëtzen. Et soll ee wëssen, dass all Awunner, dee sech ee Vëlo keeft, an der Gemeng de Montant – mat enger offizieller Rechnung – matdeelt, en Deel vu senge Suen erëmkritt.”

D’Nathalie Morgenthaler wäert sech och an Zukunft fir déi sëlleche lokal Veräiner a Clibb asetzen a si sou gutt wéi nëmme méiglech ënnerstëtzen: “Ech bewonneren den Engagement vun eise Sportler a Sportsveräiner, souwéi deene ville Benevollen ëmmer erëm. Just mat hirer Hëllef kënne mir eng helle Wull sportlech Aktivitéiten an eiser Gemeng ubidden, bei deene fir all Goût an all Niveau eppes dobäi ass. Donieft dierf een déi elementar Wäerter net vergiessen, déi de Sport vermëttelt: Solidaritéit, de Wëllen iwwert sech eraus ze wuessen an d’Loscht um Effort. Dat alles si wichteg Wäerter am Liewen.”

You don't have permission to register