Nuit du Sport: “Hole in one” mam Footgolf zu Suessem!

Op där enger Säit de Fussball, deen onverkennbar ass, an d’Spill mam Fouss. Op där anerer Säit de Golf, mat senge grénge Parcoursen a senge Prinzipien. Geheit ee béides zesummen, dann entsteet Footgolf, eng Disziplin, déi een den 8. Juni op der Nuit du Sport entdecke kann.

Op den éischte Bléck hunn de populäerste Sport um Planéit an dee mam elitären Image (och wann e sech Méi gëtt, sech no baussen op ze maachen) net vill Beréierungspunkten. An awer gouf virun 10 Joer duerch d’Kombinatioun vu béide mam Footgolf en neie Sport gebuer.

2015 gouf zu Lëtzebuerg de Grondstee fir d’Disziplin geluecht, an si huet hir Fanbasis zanter hier Joer fir Joer vergréissert, sou dass et haut eng 30 aktiv Sportler gëtt. Ënnert hinnen de Sandro Masi, deen alles an d’Weeër geleet hat.

“Ech hat e Reportage iwwer Footgolf op der Tëlee gesinn an hunn duerno all Hiewel a Beweegung gesat, fir mat dräi Kollegen hei an der Géigend kënnen ze spillen. Wéi mir bis déi éischt kéier gespillt haten, wollte mir guer net méi ophalen”.

Wat duerno koum, ass bekannt: de Sandro huet d’Association Luxembourgeoise de Footgolf gegrënnt a gouf President. Um Golf zu Preisch, e puer Kilometer hannert der franséischer Grenz, gi sech d’Spiller zanter hier ëmmer Rendezvous fir de Sport ze praktizéieren, och wann et hiren Dram ass, dat och op Lëtzebuerger Golfterraine kënnen ze maachen.

Footgolf gëtt op engem Parcours vun 9 oder 18 Lächer gespillt, entweder individuell oder als Equippen, an d’Zil ass et, fir de Fussball mat esou mann wéi méiglech Stéiss an d’Lach ze kréien, dat vun der Gréisst hier un de Ball adaptéiert ass. D’Reegele sinn d’selwecht wéi beim Golf.

Eemol probéiert, ni méi opgehalen!

D’Tenue beim Sport ass e wichtegen Detail. Vergiesst d’Schong mat den décke Stollen an déi klassesch Fussballtrikoten, well den Dresscode muss respektéiert ginn: Polo, Bermuda, Beret a Strëmp bis un d’Knéie musse sinn. Wien sech net drun hält, gehéiert einfach net dozou.

“Wann ee scho virdru Fussball gespillt huet, hëlleft dat sécherlech”,

ënnersträicht de Sandro Masi, mee et ass net obligatoresch.

“Et muss ee mat Schmackes kënne kicken, mee och Präzisioun am Fouss hu fir de Ball an d’Lach ze kréien. Et ass donieft och eng Kappsaach well ee sech bis zu 3 Stonne laang muss kënne konzentréieren.”

Fir eng Partie Footgolf ze spillen, muss een awer net Lionel Messi oder Neymar heeschen. De Sport ass op fir jiddereen, deen op d’mannst 18 Joer huet, egal ob Mann oder Fra. Bis sech déi éischt Dammen op de Green trauen, geet de Bléck vun de Spiller elo mol a Richtung London. Do ass dëst Joer d’Europameeschterschaft am Footgolf, an d’Lëtzebuerger wëlle sech an den Top 10 klasséieren.

Hutt Dir Loscht, Footgolf ze probéieren?

Da kommt de Samschden, 8. Juni op den Terrain vum Cercle Athlétique Belvaux beim KUSS. Am Kader vun der Nuit du Sport kënnt Dir Iech mam Sport vertraut maachen an domat, wien weess, vläicht eng nei Leidenschaft fannen.

Wärend der Manifestatioun hutt Dir och d’Méiglechkeet, elauter aner Sportaarten ze testen (Karate, Tauchen, Basket, Dëschtennis) an esouguer eng Randonnée mam Vëlo ze maachen.

Mir gesinn eis den 8. Juni beim KUSS (Rue Jean Anen zu Zolwer) tëscht 17.00 an 22.00 Auer.

You don't have permission to register