Prett fir e “Legosummer” um Summerfeeling

Et gëtt wéineg Kënschtler hei am Land, déi iwwer d’Joren esou intensiv d’Konfrontatioun mam Public gesicht hu wéi de Serge Tonnar an dobäi och nach Gehéier fonnt hunn, an zwar egal ob et an enger Karawann, am Bopebistro oder an der Philharmonie war. Dobäi ass et grad hien, deen de Leit de Spigel virun d’Nues hält an och emol onbequem Themen uschwätzt.Wien de Museker als Kregéiler ofstempelt, huet awer e verzerrte Bléck op säi Wierk. Well egal ob hien am iwwerdroene Sënn mat der Fauscht op den Dësch schléit oder an der Däischtert no engem Sonnestral sicht, et geet ëm Saachen déi hie passionéieren.

“Roserei ass och eng Form vu Léift, well et kann ee just rose si mat engem oder wéinst eppes, wat ee gär huet. Dat wat engem egal ass, mécht een och net rosen. Et schéngt mer awer méi schwéier ze sinn iwwert d’Léift ze schreiwen, wéi iwwert eppes, wat een opreegt, well d’Wierder iwwert d’Léift kriddeleg sinn, a ganz schnell a bedeitungslose Schmalz ofrutsche kënnen.”

 


De Serge Tonnar, deen och als Schauspiller op der Theaterbühn an als Schrëftsteller senger Kreativitéit fräie Laf léisst, sicht ëmmer op en Neits den Challenge. Déi nächst zwee Joer wëll hien nees Weeër goen, iwwer déi nach net vill anerer getrëppelt sinn. Ënner anerem ass am Oktober eng Tournée duerch Kierche geplangt, fir déi extra en Dammechouer zesummegestallt a Stécker nei arrangéiert goufen.

“An der Lescht hunn ech keng Lidder geschriwwen, dofir der awer vill iwwersat. Ech plangen en Album mat Reprise vu Stécker, déi ech gär hunn, an hunn der eng ganz Partie op Lëtzebuergesch iwwersat. Dat gëtt net vill gemaach bei eis, ech si gespaant wéi d’Leit reagéieren. Duerno kënnt dann en Album mat Lëtzebuerger Klassiker aus dem 19. Joerhonnert. En neien Album mat eegene Lidder ass fréistens 2020 geplangt.”

Den aktuelle Repertoire gëtt awer méi wéi genuch hier, fir d’Museksfrënn an allen Ecker vum Land an dëser Festival-Saison virun d’Dir ze lackelen. Donieft mécht d’Formatioun Legotrip aus all Concert en Happening. Am Quartett ronderëm de Rom Christnach, Eric Falchero, Misch Feinen a Serge Tonnar huet jidderee seng Plaz a seng Roll, an d’Harmonie, déi d’Band elo scho jorelaang zesummenhält, weist sech an der Spillfreed, déi sech op de Public iwwerdréit.

“Mir maache fir all Concert eng Setlëscht, déi eng Dramaturgie huet, déi der Plaz ugepasst ass wou mer spillen, grad wéi d’Wiel vun den Instrumenter, méi oder manner akustesch. Live kënnt vu Liewen, an op der Bühn sinn ech dem Liewen am Noosten. All Concert an all Publikum ass anescht, dat Schéinst ass wann de Moment bis kënnt, wou een zesummen do ass, wou eng Harmonie tëscht Band a Publikum entsteet. Wann een esou zesumme vibréiert, verschwënnt jidderengem säin Ego, an et kann ee sech ganz opginn.”

D’Loscht un der Musek ass beim Serge Tonnar nach genee esou grouss wéi deemools als Bouf, wéi hien am Haus vu sengen Elteren, wa Besuch do war, iwwer d’Anlag op Lidder vum Umberto Tozzi gesongen huet. Mëttlerweil sinn et awer seng Lidder, déi vun Anere matgesonge ginn.

De Serge Tonnar a Legotrip trieden de Méinden, 10. Juni 2019 ëm 16.00 Auer um Summerfeeling virun der Kuliss vum Suessemer Schlass op.

You don't have permission to register