Déi 3 beschte Plaze fir am Gréngen ze picknicken

All Joer nees iwwerkënnt een am Fréijoer dat selwecht Gefill. Rieds geet vun der Loscht bei schéinem Wieder ee gudde Maufel an der Natur z’iessen. Mee wou kann ee säi stréiene Kuerf am Beschten an eiser Gemeng néier stellen? Hei sinn déi dräi schéinste Plazen an der Gemeng Suessem fir ee gelongene Picknick.

Ee Picknick ass déi beschte Geleeënheet fir den Alldag fir e puer Stonnen hannert sech ze loossen a schéin Amenter mat der Famill, Frënn oder dem Partner ze verbréngen. Instinktiv sicht een dofir eng schéi gréng Plaz, idealerweis an engem klenge Park. Do trëfft et sech gutt, dass eis Gemeng eng sëlleche gréng Flecken ze bidden huet, wou dir ee gemittlechen Abléck verbrénge kënnt.

De Park Backes fir ee Picknick an der Koppel

Vergiesst de Stäre-Restaurant, verbréngt léiwer een Owend zu zwee ënnert de Stären. Am Beschte sicht dir iech dofir een Eck eraus, wou dir ongestéiert sidd an net ze vill Passage ass. Dat Wichtegst ass, dass dir d’Gefill hutt alleng op der Welt ze sinn. Bei enger romantescher Stëmmung spillt natierlech och d’Luucht eng wichteg Roll: plangt äre Rendezvous ronderëm de Sonnenënnergank, an de Kader ass perfekt.

Eng kleng Nappe fir sech gemittlech z’installéieren, eng kuscheleg Decke fir déi méi sensibel, a schonns sidd dir prett. Wat d’Iessen ugeet, sou gräift een am Beschten op Saachen zeréck, déi sech einfach frupse loossen, wéi zum Beispill e puer gutt Bréidercher. Awer natierlech just, wa se mat enger grousser Portioun Léift gemaach sinn.

A wéi et sech fir e romantesche Rendezvous gehéiert, dierfen d’Blumme selbstverständlech net feelen. Hei braucht dir iech och net selwer ëm ee grousse Bouquet Rousen ze këmmeren. E puer gepléckte Blimmercher maache sécherlech genau esou Androck.

Am Park Backes zu Suessem kommt dir mat Sécherheet op är Käschten. Eng charmant gréng Long, gutt verstoppt a mat engem pittoreske Kiosk, dee bei Sonn a Reen ee gudden Ënnerdaach bitt.

 

De Park Brillbaach fir ee Picknick mat Frënn

Huelt är schéinsten Nappe eraus, et ass Zäit fir picknicken ze goen! Et muss dobäi beileiwe keen ausgefalene Menü sinn. Mat der richteger Plaz an deene richtege Frënn gëtt all Picknick zum Erfolleg.
Beim Iesse musst dir och net wäit siche goen. Mam Klassiker aus Kéis, Charcuterie a Wäin, dobäi eng gutt Kuuscht Brout, maacht dir sécher näischt falsch. Villäicht nach eppes klenges Séisses dono, an de Picknick ass perfekt.

All gudde Picknick steet a fält awer natierlech mat deene Leit, déi dobäi sinn. Fir op Nummer sécher ze goen, dass dir iech och wierklech gutt ameséiert, sicht déi richteg Frënn eraus mat deenen dir dës puer Sonnestonne genéisse wëllt.

Wou trefft dir iech? Am Beschten an engem gemittleche gréngen Eck mat direktem Kontakt zur Natur. A fir dat Ganzt ofzerënnen, dierf natierlech eng schéi karéiert Decken net feelen.

Dat alles fannt dir am Park Brillbaach zu Éilereng an donieft och nach ee wonnerbare Petanques-Terrain fir déi eng oder aner Partie Boules ze spillen.

 

Ee Picknick mat der Famill am Park Metzerlach

Et gëtt näischt méi sympathesches wéi ee gemittleche Picknick mat der Famill. Fir een uerdentleche Picknick geet et awer net duer just Bréidercher a senger Killbox matzehuelen. Firwat net einfach eemol e puer séiss Schneekereien apaken? Neen, dir dreemt net: et ass ëmmer Zäit fir ee séisse Snack am Gréngs.

Fir Grouss a Kleng ass ee Picknick eng gutt Ofwiesslung. Kee muss roueg um Dësch sëtzen, jidderee kann opstoen, wann ee wëll a wa gegrimmelt oder gesabbelt gëtt, da mécht dat och näischt aus.
Als séiss Iddi kënnt dir sou munches schonns doheem virbereeden: e puer Eisekuchen, Popcorn, Madeléinen, eng Taart oder e puer Cupcakes. A vergiesst net ee frësch gepresste Jus fir dat Ganzt ofzerënnen!

Elo feele just nach d’Decken an d’Besteck an dir sidd prett fir ee flotte Ament mat äre Léifsten an der Natur.

Firwat de Park Metzerlach sech besonnesch fir ee Picknick ubitt? Ganz einfach: déi Kleng (an och déi méi Grouss) wäert et sécher net laang op hire Plazen halen. Déi eenzegaarteg Kloterelementer lackele jiddereen u fir sech ze defouléieren an ze klammen.

You don't have permission to register