Entdeckt d’Kulisse vum Artikuss!

Den Artikuss zu Zolwer gehéiert zu deene flottste Musekshaiser am Süde vum Land. Falls dir nach net do waart, da gëtt et elo héich Zäit fir dat ze änneren.

Ee Concert, dat si gutt a gären zwou, dräi Stonne mat beschter Ënnerhalung. Den Artikuss bréngt alles mat, dass dir Raum an Zäit vergiesst an ee wonnerbaren Ament an engem perfekte Kader verbréngt.

Accapella, Blechbléiser, Rock, Klassik oder och nach Gospel,…an dësem Concertssall mat variabler Gréisst kënnt jiddereen op seng Käschten.

An der Lescht waren et d’Ultimate Eagles, déi en Tëschestopp zu Zolwer ageluecht haten. Déi englesch Band wandelt natierlech op de Spuere vun den onvergiesslechen Eagles, déi mat hirem Klassiker “Hotel California” och haut nach am Radio op an oflafen. D’Michaela wollt sech dëse Concert op kee Fall entgoe loossen. Nieft dem Concert huet hatt awer och dovunner profitéiert fir ee Bléck hannert d’Kulissen ze geheien a selbstverständlech och mam Serge Blasen, dem Häerz an der Séil vum Artikuss, e bëssen ze poteren.

You don't have permission to register