single-image

Mam Nonbe am Land, an deem d’Sonn opgeet

Esoubal een e Fouss an de Restaurant Nonbe setzt, deen et zanter 2018 um Belval gëtt, ass een um richtege Wee fir seng Geschmaachsknospen ze verwinnen. Et fillt ee sech wéi am Land, an deem d’Sonn opgeet, a kulinaresch schwieft een iwwert de Wolleken.

Vu bausse mécht d’Lokal scho virwëtzeg an et huet ee Loscht, op Entdeckungsrees ze goen. Duerch déi grouss Fënstere gesäit een e puer Dëscher an d’Konture vum groussen, hëlzene Comptoir. D’Plaz wierkt wéi eng Oase vun der Gemittlechkeet, “peaceful” wéi een op Englesch géing soen.

An der Entrée gi mir vum Jean-Paul Choi begréisst, dem Chef vum Haus. An dësem Quartier, deen amgaang ass nach méi lieweg ze ginn, wollte seng Fra an hien hiren Deel dozou bäidroen an e Restaurant opmaachen, dee sech vun deene ronderëm ënnerscheet. An effektiv, den Nonbe setzt nei Akzenter.

Wéi mir zesummen um Dësch sëtzen an d’Sonn sech passend zum Dekor iwwert dem Belval breet mécht, erzielt eis de Jean-Paul vu sengem Liewenswee. Et ass en iwwerraschende Parcours, wäit ewech vun de Klischeeën, déi een dacks mat der japanescher Gastronomie verbënnt. Hie kënnt u sech aus der Finanzwelt, mee hien huet ni seng Wuerzele vergiess, déi vu Säite vu senger Famill aus, an der asiatescher Restauratioun leien. Hien ass iwwregens och Saké Sommelier a war an där Disziplin Vize-Weltmeeschter. Seng Fra huet sech an der Hotelschoul zu Dikrech ausbilde gelooss an zesummen hate si d’Iddi, fir eppes Eenzegaarteges ze schafen.

Hire Restaurant ass “e Liewensprojet”, sou de Jean-Paul, a gëtt och net mam Zil exploitéiert, fir erëm an e puer Joer verkaf ze ginn. Dofir war dat Bescht och grad gutt genuch, an alle Beräicher, ugefaange beim Chefkach, deen och en impressionnante Wee hanneru sech huet.

En decisive Moment fir en ambitiéise Projet

Zanter dass mir am Nonbe sëtzen, laacht eis en imposant Stéck Fleesch un. Et ass natierlech de faméise Wagyu beef, dat héchst vun de Gefiller an deem Domaine. Esou ähnlech wéi et a Saache Finanzen den “Triple A” gëtt, sou gëtt et och beim Wagyu e “rating”. Dat Stéck virun eis huet de Marmoréierungsgrad A5. Méi geet net.

Fir dës exzellent “matière première” virum Zerwéieren an e puer Stonnen nach ze verfeineren, iwwerhëlt den Imamura Norihiro d’Geschécker an der Kichen. Zu Osaka hat hie sech als jonke Stärekach en Numm gemaach, mee huet iergendwann alles hanneru sech gelooss fir säi Gléck an Europa ze probéieren. Zu Paräis koum hien an engem renomméierten Etablissement ënner, an huet um ale Kontinent westlech Produiten entdeckt a sech en neit Wëssen opgebaut, besonnesch duerch de grousse Paräisser Rungis-Maart. Wéi hien um Punkt war, erëm zeréck a Japan ze goen, huet hien de Jean-Paul Choi kennegeléiert, deen him vu sengem Projet verzielt huet. Den Nonbe war zu deem Zäitpunkt net méi wéi 4 Maueren, mee de Kach hat Blutt geleckt an ass mat op de Belval komm.

Hannert de Kachplacke sëtzt beim Imamura Norihiro all Handgrëff, wat een als Client um Comptoir direkt mat suivéiere kann. “Seng Philosophie ass déi vun der Rigueur bei der Aarbecht. Wann hie schafft, wëll hien net gestéiert ginn. Eréischt wann déi lescht Cliente fort ginn, ass hien erëm uspriechbar”, erzielt eis de Jean-Paul.

Vun de Feinheete vum Dressage iwwer d’Qualitéit vun de Produite bis bei d’Finesse vun der Technik ass d’Symphonie vun de Goûte perfekt orchestréiert, an et huet ee richteg Loscht nei Texturen a Geschmaachsrichtungen z’entdecken.

 

“Wann den Design gelongen ass, da fält et net op. Et spiert een en.”

Wat de Kader ubelaangt, sou wollt de Jean-Paul Choi nëmmen dat Bescht an huet e renomméierte japaneschen Architekt engagéiert, de Shuhei Aoyama. . Den Expert war e puer mol am Grand-Duché, ass iwwert de Belval flanéiert, fir d’Ëmgéigend opzesaugen, an huet doropshin drop lass gezeechent. Dem Jean-Paul seng Meenung ass schlussendlech: “D’Resultat ass nach méi schéi wéi um Pabeier”.

D’Holz, d’Steng an de Metal sinn a perfekter Harmonie mateneen. Dir verstitt, dass mir hei wäit ewech si vum japanesche Kitsch, de Geishaen, de Samuraien an den “Hello Kitty”. Um Rez-de-chaussée suergen d’Bar an déi puer Dëscher dofir, dass een an d’Welt vum “izakaya” projezéiert gëtt, e Begrëff, dee fir d’Brasseries Kiche steet. Wann een de Kapp hieft, da mengt een dass eng Wollek iwwert engem schwieft. Et ass eng Mezzanine, déi wéi eng Këscht ausgesäit, an där d’Luucht gefaangen ass. An dësem méi intime Kader mat Nischen a japanesche Stoffer ass een an der Welt vum “kaiseki”, der feiner, fernëstlecher Gastronomie.

Zanter der Ouverture ass den Nonbe e Mekka fir d’Frënn vun dëser Kiche ginn, an entwéckelt sech zum Magnéit fir déi nei Awunner vum Belval. Egal ob uewen oder ënnen, de Service ass iwwerall gutt. De Client soll sech wuel fillen.

Ënner Gastronome gëtt gär gesot, dass e gutt Iessen net nëmmen eng Saach vun de Platen ass, mee dass et eng richteg Experienz ass, mat allem ronderëm. Op Franséisch bedeit Nonbe “bon vivant”. Dëse Restaurant dréit den Numm net aus Zoufall.

You may like