Feeling summer with Summerfeeling!

E puer Deeg virum offizielle Summerufank war et den 8., 9. an 10. Juni eng Freed, fir am Park vum Suessemer Schlass ze flanéieren. Bei der zweeter Editioun vum Summerfeeling gouf et fir jiddereen eppes z’entdecken: de Marché Solidaire, eng sëlleche Blummen a Planzen, Gaardendeko, Iessstänn, Animatioun a Concerten. Mir huelen Iech nach emol mat op Entdeckungsrees.

Mir ware knapps ukomm, schonn ass eis de Mond opstoe bliwwe vis-à-vis vun der imposanter Kuliss vum Schlass. Anescht wéi an engem Mäerchen huet een hei awer keng Prinzessin a kee Prënz begéint, mä elauter virwëtzeg Leit, déi begeeschtert den Austausch mat den Exposante gesicht hunn.

Eisen éischte Stopp war direkt vir bei der Entrée dat grousst Zelt vum Marché Solidaire, eng Schatzkëscht fir all d’Frënn vum Prinzip vun der Nohaltegkeet. D’Panopli u Wuere goung vu Fair Trade Produkter fir op d’Schmier iwwer “de Léiwe Kaffi” vun der Eis Epicerie bis bei lokalen an artisanale Likör a Béier vun Eau de Jouvence.

Wéi wa mir de Grapp net scho voll genuch gehat hätten no dëser Etapp, goung et weider. Besonnesch elo an dëser Joreszäit, an där een duerch d’Wieder virun d’Dir gelackelt gëtt, ass eise Bléck direkt op en Hutt vu Sustained.lu gefall, deen aus recycléierte Kaffissäck gemaach gouf. Och déi artisanal Seefen, déi ugebuede goufen, hunn eis wéi e Magnéit ugezunn, genee wéi e Këssen a Form vun enger Eil, en Terrarium, asw.

Nach éier mir bei d’Gäert gaange sinn, hu mir en Tëschestopp beim Stand vun der ASBL D’Gemeng Suessem hëlleft gemaach, déi an aarme Géigenden am Numm vun der humanitärer Hëllef kommunal an national Initiative fërdert.

Eng festlech a frëndlech Ambiance!

Zeréck un der frëscher Loft, si mir op e Grupp Kanner gestouss, dee sech richteg gutt ameséiert huet. Kee Wonner, well et gouf och fir si vill z’entdecken an z’erliewen: Face painting, Molerei, Zirkusatelier… si sinn net ze kuerz komm an haten hire ganz eegene Summerfeeling.

Beim Weidertrëppelen ass eise Bléck an all Richtunge gaangen. All eenzelen Exposant huet seng Kreativitéit a seng Wuer um gëllene Plateau zerwéiert, a well mir e Faible fir alles hunn, wat mat Gaart, Blummen, Planzen an Deko ze dinn huet, ware mir iwwerwältegt vun der grousser Auswiel. An op all Stand krut ee fachmännesche Rot vum Expert. Mir konnte bei wäitem net iwwerall zouschloen, mä mir hunn eis op diverse Stänn mat Artikele fir de Gaart an d’Terrass agedeckt.

E puer Gebeessdëppecher méi spéit hu mir eise Shoppingtour kuerz ënnerbrach, fir d’Ambiance ze genéissen. De Klang vun der Musek huet eis lues awer sécher méi no bei d’Bühn gezunn, a mir waren a gudder Gesellschaft beim Public, deen den Takt mat den Hänn a mat de Féiss uginn huet. Mat der Gittar am Grapp huet de Serge Tonnar fir d’Museksfrënn viru sech déi richteg Lidder ugestëmmt, fir d’Stëmmung unzekuerbelen.

Wéi mir bis fäerdeg gesongen a gewibbelt haten, huet de Mo och scho gegrommelt. De Stand vu Mr & Mrs Mufflehuet eis ugelaacht. Hiert Konzept ass originell, dat ass dat Mannst wat ee ka soen, an d’Gauffre mat allerlee Schneekegkeeten dran huet och wierklech gutt geschmaacht. Fir de Genoss ofzerënnen, si mir dunn nach laanscht d’Stänn mam Kéis, der Charcuterie aus der Corse an den Olive spadséiert. Déi wäerte mir beim nächsten Apero zerwéieren.

Um Wee bei den Auto hu mir un all déi Saache geduecht, déi mir am schéine Gréngs beim Suessemer Schlass erlieft haten. D’Batterie waren eidel no deem Dag, mä d’Mall vum Auto war voll mat gudden Affären a Spezialitéiten. Bei der nächster Editioun vum Summerfeeling 2020 si mir sécher erëm mat dobäi!

 

 

You don't have permission to register