Op de Vëlo!

De Gaalgebierg ass ouni Zweiwel déi gréng Long an der Gemeng Suessem. Et verwonnert also net, dass d’Jill ons genau op dëser Plaz Rendezvous ginn huet fir ee klengen Tierche mam Vëlo ze maachen. D’Jill ass awer net nëmme Choreographin a renomméiert Dänzerin – eréischt viru Kuerzem krut hatt de Lëtzebuerger Danzpräis 2019 iwwerreecht – mee och ganz gären op zwee Rieder mam Vëlo ënnerwee. Erlieft zesumme mam Jill déi wonnerbar Natur vum Minett!

Mir huelen den Depart natierlech um Gaalgebierg, fréiere Minièressite, wou eis ee gréissere Panneau direkt déi verschidde Weeër uweist, déi mir hei uewen entdecke kënnen. Verschidden Niveauen, verschidden Distanzen… d’Jill entscheet sech fir knapp 10km um roude Circuit.

An hei kommt dir net nëmme liicht un d’Schweessen, mee dir erlieft och d’Natur an déi domadder verbonne Rou vun enger ganz neier Säit. A wat gëtt et méi Schéines, wéi eng kleng Paus an der Sonn ze maachen, d’Landschaft ze genéissen an eng kleng Stäerkung zou sech ze huelen?

No dësem Tierche komme mir erëm op eisem Point de Depart eraus an éier mir eis wuel verdéngt an d’Sonn leeën, steet nach een allerleschte klengen Effort un… Mat der praktescher Vëlowäschanlag (Jetone kënnt Dir fir 1 € an der Gemeng zu Bieles kafen) ass äre Vëlo am Nu nees propper.

Och déi bësse manner sportlech kommen um Gaalgebierg sécher op hir Käschten, well nieft de Vëlos- an Trëppelweeër gëtt et do uewen nach esou munches z’entdecken. Sief et déi sëllechen amenagéiert Plaze fir ze grillen oder ze picknicken, oder och nach déi risegrouss moderniséiert Spillplaz, wou Kleng a Grouss sech stonnelaang defouléiere kënnen.


Escape, dat ass d’Serie, déi iech
déi gréng Säit vun der Gemeng Suessem weist.

You don't have permission to register