5 gutt Grënn fir Suessem an d’Häerz ze schléissen

De Buergermeeschter Georges Engel ënnersträicht ëmmer erëm gär, dass ee säi ganzt Liewen an de véier Uertschafte vun der Gemeng verbrénge kann, wann een dat wëll: zu Suessem an zu Éilereng, wou de ländleche Charakter dominéiert, oder zu Zolwer an zu Bieles, déi fir Innovatioun a Modernitéit stinn. Duerch all d’Servicer, déi ugebuede ginn (Crèche, Schoul, Lycée, CIPA), an déi héich Liewensqualitéit fënnt hei jidderee säi Gléck. An doriwwer eraus gëtt et weider Argumenter, déi iwwerzeegen.

Suessem, eng Gemeng, an där eppes lass ass

D’Gemeng huet de Virdeel, iwwerschaubar, an awer och immens villsäiteg ze sinn. Et brauch ee just en Tour trëppelen ze goen, fir de Patrimoine an d’Architektur ze bewonneren. Sidd Dir éischter sportlech? Da klammt op Äre Mountainbike a gitt am roude Stëbs op Entdeckungsrees, wou Dir laanscht d’Site kommt, wou fréier de Minett ënner fräiem Himmel ofgedroe ginn ass. Dir kënnt op de flotte Circuiten oder de méi technesche Piste fueren, virausgesat, Är Wuede spille mat.

Et gëtt awer nach genuch aner Aktivitéiten, mat deenen Dir Iech d’Zäit an eiser Gemeng verdreiwe kënnt, wann de Sport net Ären Dada ass. Frënn vu gudder Musek fannen hiert Gléck am Artikuss, an am Kultur- a Geschichtshaus “A Gadder” ass een op de Spuere vun der Vergaangenheet mat Muséesflair. Hei ass dat historescht Gediechtnes vun der Gemeng Suessem ënnerbruecht an et gëtt ee méi iwwer d’Liewe vun eise Virfahre gewuer.

Vergiesse mer och net de Wanterfeeling Mëtt November, deen an den zauberhafte Park vum Suessemer Schlass invitéiert. Duerch d’Atmosphär an d’Animatioun gëtt een an eng Mäerchewelt versat, an där een allerlee kulinaresch Spezialitéite schmaache kann.

Suessem, eng gréng Gemeng

De Virdeel ass, dass een an der Gemeng Suessem net nëmmen eppes erliewe kann, mee dass ee genee esou gutt an der Natur entspane kann. D’Gemeng bitt vill Gréngfläche fir Promenaden ze maachen, dorënner en Trëppelcircuit, deen duerch Bieles geet. De Wee vun am Ganzen 9 Kilometer féiert och op den Zolwerknapp, mat senge Ruine vun der Zolwer Buerg. Hei huet een och eng eemoleg Vue op d’Ëmgéigend, e Panorama, deen een esou séier net wäert vergiessen!

De gréngen Touch vun der Gemeng gëtt och däitlech mat de Gemeinschaftsgäert am Matgesfeld zu Bieles, déi den Awunner zur Verfügung gestalt ginn, fir ze kultivéieren. Op dräi Plazen an der Gemeng fënnt een och Hochbeeter a Kraidergäert, wou jidderee Geméis oder Kraider gratis fir den Hausgebrauch plécken däerf. Esou kann ee lokal an der Saison no konsuméieren.

Suessem, eng Gemeng, an där et sech gutt liewe léisst

Dir hutt eppes iwwreg fir d’Stadliewen, mee sidd och frou mat der ländlecher Rou? Dann ass Suessem wéi gemaach fir Iech! Dës dynamesch Communautéit proposéiert de perfekte Mix aus ruralem an urbanem Liewen a bréngt Fräizäit, Aarbecht an Entspanung op een Nenner. Dofir zitt d’Gemeng mat hire véier Uertschaften (Suessem, Bieles, Zolwer an Éilereng) jonk Familljen och u wéi e Magnéit, well si op der Sich no dësem Liewenskader sinn.

D’Gemeng setzt den Accent op Proximitéit a Gemeinschaft, fir sengen Awunner Servicer an Infrastrukturen op héchstem Niveau ze proposéieren. Ee vun de ville Virdeeler an eiser Gemeng ass zum Beispill deen, dass et keng Waardelëscht gëtt, fir eng Plaz an der Maison Relais ze kréien. D’Altersheim (CIPA), dat an engem rouege Kader no bei engem flotte Park ze fannen ass, ass dat eenzegt zu Lëtzebuerg, dat vun enger Gemeng geréiert gëtt.

Suessem, eng solidaresch Gemeng

D’Gemeng engagéiert sech reegelméisseg a soziale Projeten, fir sengen Awunner de beschte Service ze bidden an net op der Plaz stoen ze bleiwen. An dëser Optik ass och “Eis Épicerie” zu Zolwer an d’Liewe geruff ginn. Hei gëtt et iwwer 1.000 Bioartikelen aus lokaler a regionaler Produktioun zu soziale Präisser. D’Wuer ass fir jiddereen accessibel an dréit dozou bäi, der Diskriminatioun an der Stigmatisatioun en Enn ze maachen. D’Épicerie solidaire ass och e Virreider an der Lutte géingt d’Verbëtze vu Liewensmëttel a gëtt Mënschen, déi op der Sich no Aarbecht sinn, eng Chance, de Wee zeréck an d’Beruffsliewen ze fannen.

Suessem vergësst déi Mënschen net, déi op Hëllef ugewise sinn. D’Gemeng Suessem hëlleft ASBL engagéiert sech fir déi humanitär Hëllef an aarme Géigenden op der Welt, andeems op kommunalem an nationalem Plang Projeten ënnerstëtzt ginn. Op Initiativ vun hire Memberen, déi an der Gemeng immens engagéiert sinn, huet d’Associatioun 2018 zum Beispill den Awunner vun der Insel Fogo (Cap-Vert) gehollef. Mat generéisen Donen an Investissementer konnten déi Benevole d’Schoulinfrastrukture dohanne verbesseren an den Accès zu Drénkwaasser garantéieren.

Suessem, eng Gemeng déi no vir kuckt

Suessem wäert op senge 24 Quadratkilometer an den nächste Jore weider kräfteg wuessen. Tëscht 1.000 an 2.000 Logementer wäerte bäikommen, genee wéi nei Sportinfrastrukturen. Och Belval entwéckelt sech weider, ënner anerem mat engem neie Schoulkomplex. Och als wirtschaftleche Pol zitt de Site weider Entreprisen un.

E weidere wichtege Schratt wäert d’Finalisatioun vun der Liaisoun Micheville sinn (déi direkt Verbindung duerch d’A4 ouni mussen iwwer Déifferdeng oder Esch/Uelzecht ze fueren), genee wéi d’Verlängerung vum Tram-Reseau bis an d’Gemeng Suessem, déi fir 2035 viséiert gëtt.

Raschten ass keng Optioun. D’Gemeng dreift wichteg Projete virun a begleet de Wuesstem mat de richtege Mesuren. En Challenge, deen all Dag ugaange gëtt.

You don't have permission to register