Geselleg genéisse wéi an Eritrea

Entdeckt déi traditionell Kichen aus aller Welt zesumme mat der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem. Dës kéier steet den Dejen Abraham hannert de Kachdëppen am Centre d’accueil fir Refugiéeën zu Zolwer. Hien ass zanter November 2017 hei am Land, well hien a senger Heemecht Eritrea keng Perspektiven hat. De Militärdéngscht ass am nordafrikanesche Land um Roude Mier Flicht, ënnert deels brutale Konditiounen, a kann op onbestëmmten Zäit verlängert ginn. Och dem Dejen seng Fra an dräi Kanner si viru kuerzem nokomm.

D’Iessenskultur an Eritrea spigelt d’Solidaritéit an den Zesummenhalt tëscht Mënschen erëm. Mat Frënn an Noperen deelen d’Eritreeër gär sou dacks wéi méiglech flott Momenter … an natierlech och de Kascht. Wéi als Beweis dofir, kritt den Dejen wärend dem Shooting vu sengem Kolleg Filmon Habte eng Hand mat ugepak. Och hien ass aus Eritrea. Op den éischte Bléck géing een net mengen, dass sech hannert dëser einfacher Manéier ze kachen esou vill Geschmaach a Variatioun verstoppt.

Fir unzefänke preparéiert een déi gewënschte Quantitéit Räis, fir de Plat ze begleeden. Als Bäilag dierf och dat typescht Brout net feelen. Dofir brauch een:

  • 1 kg Miel
  • 1 Kaffisläffel Hief
  • 1 Kaffisläffel Salz
  • 2 Liter Waasser
  • 20 g Botter (fir anzefetten)

All d’Ingredienten an eng grouss Schossel ginn an zu enger homogener Mass verréieren. D’Schossel duerno mat engem Duch ofdecken an 30-40 Minutten op enger temperéierter Plaz roue loossen. Den Uewen op 280 Grad virwiermen. Eng uewefest Schossel mat Botter afetten, mat e bësse Miel apudderen an d’Broutmass dramaachen. 10 Minutte laang am Uewe goe loossen. D’Brout nom Bake lues aus der Form huelen an e proppert Duch driwwer leeë fir dass dat gebaakte Brout net ze dréche gëtt.


E weidert wichtegt Element an der Symphonie vun de Goûten an Texturen ass d’Injera. Dëst glutefräit Fladebrout ass e Grondnahrungsmëttel an d’Basis vu ganz villen typesche Rezepter am Nordoste vun Afrika. Et ass Bäilag, Ënnerlag a Besteck an engems. D’Basis ass d’Teff-Miel, dat hei am Land a verschiddene Bio-Butteker ze kréien ass, vun der Mark Moulin d’Amhara zum Beispill. Dofir brauch een:

  • 1 Sachet dréchen Hief
  • 500 g Teff-Miel
  • 815 ml Waasser

1 Sachet dréchen Hief an eng Schossel kippen a mat 2 Zoppeläffele waarmem Waasser verréieren. 375 g Teff-Miel a 500 ml Waasser dobäi ginn a gutt mëschen. Déi glat Deegmass 24 bis 48 Stonne roue loossen.

An der nächster Etapp 125 g Teff-Miel an eng Zaloteschossel maachen an 150 ml kachend Waasser drop schëdden, gutt duerchmëschen a 5 Minutten zéie loossen. Déi gegäerten Deegmass vun der éischter Etapp zesumme mat 165 ml Waasser an dem Deeg vun der zweeter Etapp zu enger glater Mass knieden, an duerno 1 Stonn roue loossen.

Mat enger virgehëtzter Crêpière oder an enger Pan dënn Paangecher maachen, déi 5 Minutte laang ofgedeckt bake gelooss ginn.


Fir eng weider Bäilag brauch een:

  • 4 Ënnen
  • 1 Kapp wäisse Kabes
  • 1 Paprika
  • 4 Gromperen
  • Peffer
  • Salz
  • 250 ml Waasser

4 Ënnen haken an an enger grousser Pan mat engem Läffel Botter uschweessen. De Kabeskapp an 1 Paprika kleng schneiden a mat den Ënne kuerz ubrode loossen. 4 Gromperen a Véierel schneiden an dobäi mëschen, dat Ganzt gutt mat Peffer a Salz wierzen, 250 ml Waasser bäiginn an 30 Minutte kache loossen.


Den Héichpunkt vun der Preparatioun ass den traditionelle Poulet aus Eritrea, bekannt ënnert dem Numm Doro Wat, dee bei wichtegen Evenementer a Fester praktesch ëmmer opgedëscht gëtt. Fir dësen Haaptplat brauch een:

  • 1 Poulet “fermier”
  • 6 lues gekachten Eeër
  • 2 Tomaten
  • 70 g Tomatekonzentrat
  • 1 Zitroun
  • 6 Schallotten
  • 2 Ënnen
  • 6 Knuewelekszéiwe
  • 1 klengt Stéck Ingwer (geschielt)
  • 1 Zoppeläffel ethiopesche Piment (Berberé oder Awazé)
  • Kororima (ethiopesche Kardamom)
  • Peffer
  • Salz
  • 5 cl Hydromel (Met)
  • 500 ml Waasser

De Poulet “fermier” a Stécker schneiden, Ënnereie wéi Mo an Häerz kënne mat dra verschafft ginn, wa se virdru richteg propper gemaach goufen.

Fir d’Marinad 300 ml Waasser, e Grapp voll Salz an de Jus an d’Haut vun 1 Zitroun an eng grouss Zaloteschossel maachen. D’Stécker Poulet bäiginn a gutt mat der Marinade vermëschen, duerno 10 Minutten zéie loossen. Dobäi heiansdo ëmréieren, fir dass de Poulet d’Marinad vun alle Säiten ophuele kann a méi Aroma kritt. Duerno kuerz am frësche Waasser ofschwenken an d’Fett ofschneiden.

5 Schallotten, 2 Ënnen a 6 Knuewelekszéiwe kleng hacken a mat e bësse Botter kuerz an engem Dëppen ubroden, bis se glaseg sinn. Uschléissend mat 150 ml  Waasser ofläschen an dat Ganzt op klenger Flam kache loossen, bis alles brongelzeg ass. Duerno 1 Zoppeläffel ethiopesche Piment bäimëschen a 5 Minutte kache loossen. 100 g Botter bäiginn an zéie loossen, andeems vun Zäit zu Zäit ëmgeréiert gëtt. 2 Tomaten a kleng Kübe schneiden, nodeems d’Haut ofgezu gouf, an si mat 70 g Tomatekonzentrat an enger gehackter Schallott am Dëppe vermëschen. 15 Minutte bei klenger Flam brutsche loossen, dann 5 cl Hydromel bäiginn.

6 Knuewelekszéiwe kleng hacken an zesumme mat 1 klenge Stéck Ingwer, 2 Kororima, Salz, Peffer an dem Poulet an d’Dëppe maachen, 30 Minutte bei klenger Flam kache loossen an heiansdo ëmréieren. Wann Dir d’Liewer vum Poulet mat verschaffe wëllt, da kënnt dës duerno bei de Rescht vun Preparatioun a soll virdru gegrillt ginn.

6 lues gekachten Eeër schielen, mat der Forschett upicken, an d’Dëppe maachen a gläichzäiteg d’Kachplack ausmaachen. Ofkille loosse bis den Dag drop, fir dass de Plat säi Geschmaach entfale kann. Virum Zerwéieren erëm op klenger Flam opwiermen.


Fir de Genoss ouni Fleesch ass och gesuergt. Mam Mesir Wat (och nach Tsebi Mesir genannt) kënnt eng afrikanesch Spezialitéit op den Teller, déi zousätzlech Faarf a Genoss an d’Spill bréngt. Dofir brauch een:

  • 1 Liter Geméisbritt
  • 500 g rout Lënsen
  • 2 giel Ënnen
  • 2 Knuewelekszéiwe
  • 1 Stéck frëschen Ingwer (geschielt)
  • 2 Kaffisläffele Kurkuma
  • Kaffisläffel Cayennepolver
  • 2 Zoppeläffele Paprikapolver
  • 60 ml Olivenueleg
  • 15 ml Waasser

1 Liter Geméisbritt preparéieren. 2 giel Ënnen, 2 Knuewelekszéiwen, 1 Stéck frëschen Ingwer an en Zoppeläffel Waasser an engem Mixer püréieren.

60 ml Olivenueleg an enger Pan waarm maachen an dann 2 Kaffisläffele Kurkuma, 1 Kaffisläffel Cayennepolver an 2 Zoppeläffele Paprikapolver bäiginn a séier vermëschen. Den Ënnen-Knuewelek-Ingwer-Püree bäiginn a wärend 5 Minutte gutt ëmréieren.

500 g rout Lënsen ofwäschen an zesumme mam Bouillon an en Dëppe maachen. 20 Minutte laang mam Deckel drop kache loossen. Wann d’Waasser net ganz absorbéiert ass, da weider kache loossen. Wann d’Lënse bis ganz mëll sinn, ofdrëpse loossen a mat an d’Pan ginn, gutt mëschen a kuerz bei stännegem Réieren ophëtze loossen.

Gudden Appetit !

You don't have permission to register