Entdeckt d’Schneekegkeete vun ochocolats!

D’Monique Kunnert huet als groussen Amateur vum Schockela aus hirer Leidenschaft de Beruff gemaach. Fir e séisse Mauffel si mir ëmmer ze kréien, an dofir hu mir d’Monique an hirem Geschäft zu Zolwer besicht !

Fir d’Monique ass dës Aventure ee Wee zeréck zu hiren Originnen. Nodeems si en Deel vun hirer Kandheet an der Suessemer Gemengverbruecht huet, kënnt si elo als Geschäftsfra zeréck an ee Buttek, an dee si sech direkt verléift hat.

An hirem Lokal am Metzerlach dréint sech alles ëm de Schokela, an et ass net egal wéi ee Schokela, deen hei an Zeen gesat gëtt.

De Schokela ass vu Sigoji, enger belscher Marque, déi 2014 vun der Euphrasie Mbamba erschaf gouf. Genau wéi d’Monique war och si, déi ursprénglech aus dem Kamerun kënnt, vun dëse Kakaosboune begeeschtert. Wéi d’Monique dësen Delice fir déi éischte Kéier um Salon du Chocolat zu Bréissel entdeckt hat, war et jiddefalls direkt ëm si geschitt.

Aus enger aussergewéinlecher Matière première entsteet hei ee Schokela, dee Sengesgläiche sicht. Bei dësem Schokela, dee mëttlerweil och vum renomméierte Gault&Millau ausgezeechent gouf, ass näischt dem Zoufall iwwerlooss. Bei der Produktioun an den Ingredienten ass all Schratt wuel iwwerluecht an et brauch ee kee schlecht Gewëssen ze hunn, fir sech ee Stéck ze gënnen.

Et verbitt sech deemno bei ochocolats vun industriellem Schokela ze schwätzen. Hei ass alles mat Léift gemaach an dat mat Bounen aus Kamerun, Madagaskar an och nach Haiti.

Wann Dir elo och eng gutt Schneekegkeet aus Schokela glëscht, da wësst Dir, wou Dir se fannt!

O chocolats
276 rue Metzerlach
Soleuvre
Tél : +352 26 59 06 49
contact@ochocolats.lu
www.ochocolats.lu

 

 

You don't have permission to register