D’Gemeinschaftsgäert – Déi gréng Séil vun der Gemeng

D’Villercher sangen an dat gutt Wieder ass um Rendezvous. Bei herrlechen Temperaturen hu mir eis op de Wee Richtung Suessemer Gemeinschaftsgaart gemaach, dee just e Kazesprong vum Schlass ewech läit. Um Programm stinn ënner anerem Gruewen, Séinen, Nätzen an och nach d’Hénger Fidderen. Bei sou enger Offer ass et kloer, dass mir bei eisen éischte Schrëtt als Gäertner Spaass haten.

Bei eiser Arrivée géint 10.00 Auer am Gemeinschaftsgaart huet sech schonns ee klenge Grupp forméiert, dee prett ass am Gaart aktiv ze ginn. Et sinn ongeféier eng Dosen Awunner, déi sech um Ufank vun all Weekend hei erëm fannen, fir no deem Gaart ze kucken, deen am Laf vun de leschte Méint zu hirem eegene ginn ass. “Dat war d’Zil bei der ganzer Saach”, erkläert eis de Buergermeeschter Georges Engel, “de Gemeinschaftsgaart kënnt och dofir esou gutt un, well vill Awunner entweder net déi néideg Plaz oder och villäicht net dat néidegt Wëssen hunn, fir ee Gaart uerdentlech unzeleeën. Mäi grousse Wonsch ass jiddefalls deen, dass d’Leit sech dës Plaz zu eege maachen an houfreg dorop sinn en ze ënnerhalen.”

D’Gaby Bierlair war vun Ufank un dobäi a géif de Rendezvous samschdes moies fir näischt op der Welt verpassen. D’Gaby, déi d’Léift fir de Gaart vun hirer Mamm verierft krut, ass mat Leif a Séil dobäi. Bei hir läit de gréngen Daum also an der Famill. Wéi d’Gaby am September 2017 vun dësem Projet héieren huet, war si direkt begeeschtert: “Ech wollt natierlech eng Hand mat upaken an op der aner Säit mäi Wësse weider ginn. Et kann een och op engem klengen Terrain ganz vill maachen, notamment wat Geméis an Uebst ugeet.”

D’Gaby ass awer net déi eenzeg Suessemerin, déi hiert d’Häerz un dëse Gaart verluer huet. De Grupp mat den Hobby-Gäertner ass séier gewuess an d’Parzell ass vu Woch zu Woch méi grouss ginn. Et ass ee schéine Succès fir dës kleng gréng Oder, wou net nëmmen de Spaass un der Gaardenaarbecht, mee virun allem och dat Soziaalt an dat gutt Zesummeliewen am Mëttelpunkt stinn.

Duerch de Gaart vereent   

De Jos Mathieu an den David Hengen, allebéid am Service Écologique vun der Gemeng Suessem aktiv, betounen, dass dëse Gaart an éischter Linn een agreabele Liewensraum ass, wou nei Kontakter geknäppt ginn a Frëndschafte fir d’Liewen entstinn. Et ass eng Plaz, wou sech ausgetosch a gedeelt gëtt a wou de Begrëff “Kollektiv” sengem Numm gerecht gëtt. “Hei ka jidderee seng perséinlech Meenung abréngen an d’Entscheedunge ginn ëmmer zesumme geholl. Elo deslescht hu mer am Grupp entscheet, dass d’Gromperen dëst Joer mat enger Stréi-Kultur gesat ginn,” erkläert de Jos Mathieu.

Tëscht den Äerdbieren, Straicher a grénge Bounen ass och eng kleng Zär entstanen. Och dëst war ee Wonsch vum Kollektiv. Genee wéi den Héngerstall, dee virun allem bei de ville Kanner gutt ukënnt, déi am Gaart ënnerwee sinn an dës Déiere gäre méi genee ënnert d’Lupp huelen. “Mir wiesselen eis of fir no den Hénger ze kucken,” erzielt eis d’Gaby, déi just e puer Honnert Meter vum Gaart ewech wunnt. Well d’Gaby esou no bäi wunnt, kënnt si direkt e puer Mol d’Woch an de Gaart, sief et fir just ze kucken, ob alles an der Rei ass oder och fir e bëssen Uebst oder Geméis ze plécken, wann et néideg ass. “Dat ass dach dat Schéinst bei der Saach: dat ze plécken, wat ee selwer gesat huet,” erkläert d’Gaby, “an et mécht mir eng besonnesch Freed, wann ech gesinn, wéi begeeschtert eis klengste Gäertner dobäi sinn. Et ass wichteg, dass d’Kanner mierken, dass een net onbedéngt an de Buttek goe muss fir Ierbessen oder Menthe ze kafen.”

Der Natur dee Respekt entgéint bréngen, deen si verdéngt

An der Gemeng huet awer och d’Uertschaft Bieles säin eegene Gemeinschaftsgaart an dat am sougenannte Matgesfeld. Dëse fonctionnéiert awer liicht anescht. “Op dëser Plaz huet jidderee seng eege Parzell op der ee selbstverständlech planzen dierf, wat ee wëll,” erkläert den David Hengen, “natierlech ginn et awer och Reegelen, un déi ee sech hale muss. Et dierf een z. B. op kee Fall Pestizide benotzen, déi an eiser Gemeng och schonns säit e puer Joer komplett verbuede sinn. Mir motivéieren d’Leit hir Gäert ganz am Sënn vu der Permakultur, enger nohalteger an dauerhafter Landwirtschaft am Respekt vu Mënsch an Natur, ze ënnerhalen.”

Wa momentan och zu Bieles am Matgesfeld keng Parzelle méi fräi sinn, sou ass am Suessemer Gemeinschaftsgaart  ëmmer Plaz fir motivéiert Hobby-Gäertner. Dir musst iech och net extra umellen, mee einfach samschdes tëscht 10.00 an 12.00 Auer laanscht kommen a matmaachen. Fir méi Informatiounen ze kréien, kënnt dir är Froe gären un de Service Écologique riichten (service.ecologique@suessem.lu oder 59 30 75 653).

Keng Angscht, Éilereng an Zolwer wäerte bei dëser flotter Entwécklung net vergiess ginn. De Service Écologique vun der Gemeng huet Wëlles, och an dësen zwou Uertschaften ee Gemeinschaftsgaart an d’Liewen ze ruffen. “Mir wëssen nach net genau ënner wéi enger Form dës Gäert entstoe wäerten. Dat kënne Blummegäert sinn oder villäicht Gäert mat Heelkraider. Mir si jiddefalls oppe fir alles an diskutéieren dat am Beschten zesumme mat den Awunner op der Plaz,” sou de Jos Mathieu ofschléissend.

You don't have permission to register