Den Therapiehond Mozart am Asaz

Op 4 Patten duerch de CIPA REWA

Dass Hënn e positiven Afloss op Senioren hunn, ass duerch verschidde Studië wëssenschaftlech bewisen. Dat gesäit een och all Dag am CIPA Résidence Op der Waassertrap zu Bieles wann de frouen a motivéierten Therapiehond mam Numm Mozart duerch de Gank leeft, de Kontakt zu de Mënsche sicht an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zaubert. Et gëtt geknuddelt a geheemelt.

“De Mozart ass dee Beschten, dee mir hei hunn”. Dat héiert een ëmmer erëm wann een d’Bewunner op de pelzege Mataarbechter op 4 Patten uschwätzt. Et mierkt ee wéi den 3 Joer ale Mozart eng wëllkommen Ofwiesslung am Alldag ass. Hien erfreet d’Leit richteg a mécht d’Häerzer op… an och heiansdo d’Leckerliskëscht, déi deen een oder aneren a sengem Rollator leien huet. Och bei der Madamm Valentin weess de Mozart direkt, wou d’Kichelcher verstoppt sinn.

“Hien ass en Deel vu mengem Liewen, wéi e Familljemember.” (Mme Valentin)

D’Madamm Valentin ass de leschten November an de CIPA REWA geplënnert a betount, dass de Mozart hir immens vill gehollef huet, fir sech un déi nei Situatioun ze gewinnen an sech anzeliewen. Ouni hire “Stippi” oder “Liibling”, wéi si de Mupp léif nennt, wier hir alles méi schwéier gefall.

Den 2. Mee 2018 huet de Mozart säin Job als Therapiehond am CIPA ugetrueden. Seng éischt Referenzpersoun war d’Ergotherapeutin Laura, bei deem hien och doheem wunnt. Hie kënnt all Dag mat him op d’Aarbecht a verbréngt 80% vun der Zäit mat him. Natierlech kritt hien awer och seng Pausen, wou hien sech da beim Laura am Büro ka strecken a raschten. Ënnerstëtzung gëtt et vum Emilie, der responsabeler Infirmière vum éischte Stack. Mëttlerweil hunn nach zwee weider Mataarbechter, an zwar d’Linda vun de Soins an de Jean-Pietro vun der Animatioun, eng Basis-Formatioun gemaach, fir och kënne mam Mozart ze schaffen.

De Mozart schafft vu méindes bis freides am CIPA, ausser hien ass a sengem wuelverdéngte Congé zesumme mam Laura. Hie mécht all Dag 1 bis 2 Aktivitéite mat de Bewunner, sief et Mobilitéits- oder Gediechtnesübungen, Seancen am Gläichgewiichtsatelier oder einfach Visitten. Donieft geet hien och all Moie géint 11 Auer mat Residente spadséieren, wann d’Wieder et erlaabt.

Haut de Moie konnte mir am “Fit a Gesond”-Sall e flotte Mobilitéitstraining materliewen. No enger freedeger Begréissung vu béide Säiten hunn d’Madamm Glesener an d’Madamm Donnersbach bei der éischter Übung e Reef ugehalen, duerch deen de Mozart dann duerchgetrëppelt ass. Dono hu si “Basket” gespillt: fir all Kuerf, dee si getraff hunn, krut de Mozart e weidere Kichelchen op säi Konnt, déi d’Dammen him um Schluss selwer konnte ginn. Als nächst hu si e Stoff-Wierfel geheit, deen de Mupp da siche gaangen ass. Bei der leschter Übung hu si d’Leckerlien an engem sougenannten Intelligenzspill fir Hënn verstoppt, deen de Mozart mat Bravour gemeeschtert huet.

“De Mozart ass esou e schéint Déier, esou e Gudden, ech hat hien direkt an d’Häerz geschloss.” (Mme Donnersbach)

Nom häerzlechen Äddi soen, wärend deem de Mozart och mol gären en naasse Kuss gëtt, bestätegt d’Madamm Donnersbach, dass si vun Ufank un eng speziell Relatioun mam Mupp hat. Hien hätt direkt gespuert, wéi frou si mat him ass, a wier dann och ëmmer bei si komm, fir ze spillen oder sech heemelen ze loossen. “Hie mécht mer all Dag sou vill Freed, sou wéi e Mënsch. Ech wier immens traureg an ech géif kräischen, wann hien net méi do wier”, seet d’Madamm Donnersbach wärend si hie léif knuddelt.

Hënn vermëttele Matgefill, Wäermt, Gebuergenheet a Sécherheet, ouni ze bewäerten oder eng Géigeleeschtung z’erwaarden. Duerch Heemelen a Kuschele gëtt Oxytocin, dat sougenannten “Kuschelhormon”, am Kierper ausgeschott. Dat stäerkt d’Vertrauen a reduzéiert Stress an Angscht, wat d’Personal vum CIPA REWA bestätegt. Zanter dass de Mozart am CIPA am Déngscht ass, falen déi positiv Effekter vum Mupp op. Seng Präsenz ka keng klassesch Therapien ersetzen, mee duerchaus ënnerstëtzen. Et ass erwisen, dass den Ëmgang mat Hënn net just physiologesch Auswierkungen huet, wéi d’Senkung vum Bluttdrock, d’Stabiliséierung vum Kreeslaf an den Ofbau vu Stress, mee och mental a psychologesch Effekter. Deemno fërderen Therapiehënn dat emotionaalt Wuelbefannen an d’Selbstbewosstsinn, a sinn a ville Fäll eng grouss Ënnerstëtzung am Liewen an a Krisesituatiounen. D’Muppe fungéieren ënner anerem och als soziale Katalysator an huelen d’Mënschen aus der Isolatioun.

Aus all deene Grënn war 2015 d’Iddi opkomm, fir esou en “chien d’accompagnement social” am CIPA REWA anzesetzen. No enger Konferenz mat “Handi’chiens“ (Association nationale d’éducation de chiens d’assistance pour personnes en situation de handicap) an enger interner Ëmfro, konnt de Projet gestart ginn. D’ASBL Asa, déi eng Partnerschaft mat “Handi’chiens“ huet (wou de Mozart seng intensiv Formatioun absolvéiert huet), huet den Hond finanzéiert. De CIPA iwwerhëlt d’Ënnerhaltskäschte vum frëndleche Golden Retriever.

Och d’Madamm Marx ënnersträicht, wat de Mozart fir e gudden, braven Hond ass. “Et ass esou flott, wa mir zesumme mat him spadséiere ginn. Hien ass ëmmer esou glécklech, wann hien an der Wiss ass an et ass e Genoss him nozekucken, wann hie sengem Ball noleeft”, erkläert si eis ofschléissend.

“Eppes Besseres wéi de Mozart hätte mir hei net kéinte kréien.” (Mme Marx)

 

 

 


“E Stopp fir e Mupp”

D’ASBL Asa finanzéiert Assistenz- an Therapiehënn zu Lëtzebuerg. Mat hirer Aktioun “E Stopp fir e Mupp“ gi Plastiksstëpp vu Fläsche gesammelt, fir d’Ausbildungen ze bezuelen.

www.asa-asbl.lu

« Handi’chiens »

Déi franséisch Associatioun “Handi’chiens” (Association nationale d’éducation de chiens d’assistance pour personnes en situation de handicap) bilt Assistenz- an Therapiehënn aus. Säit 1989 sinn am ganzen 2.200 Muppen ausgebilt ginn, 2018 waren et der 148.

www.handichiens.org

You don't have permission to register