Iwwer Bierg an Dall an der Gemeng Suessem

Dass Suessem eng gréng Gemeng ass, gouf hei scho méi wéi ee Mol bewisen. Nodeems mir en Tour mam Drotiesel ronderëm de Parc um Gaalgebierg gemaach hunn, gëtt eis d’Jill déi Kéier Rendezvous, fir en Trëppeltour vun e puer Kilometer ze maachen, deen zu Bieles ufänkt.

Egal ob een eppes mat der Famill ënnerhuelen, an der Natur Energie tanken oder ganz einfach d’Ëmgéigend erfuersche wëll, sou ass dësen Autopedestre iwwer 9,3 Kilometer e Wee, dee munches ze bidden huet.

Den Depart ass bei der Suessemer Gemeng zu Bieles (60 rue de la Poste), an duerno geet et duerch de Bësch an iwwer Trëppelweeër. Genee dat Richtegt, fir den Alldag eng Zäitche laang auszeblenden an an der frëscher Loft de Kapp fräi ze kréien.

Mam Rucksak um Réck an enger Erfrëschung am Grapp geet et Richtung Pakebierg, duerno laanscht de Sendetuerm fir d’Steigung vum Lötschef an Ugrëff ze huelen. No enger wuel verdéngter Paus geet et op den Zolwerknapp, eng vun den héchste Plazen am Süde vum Land, wat eng weider ustrengend Etapp ass. Wann een awer bis uewen ukomm ass, gëtt ee mat engem eemolege Panorama belount, bei deem munch een net méi aus dem Staunen eraus kënnt. Op de leschte Kilometere kënnt ee laanscht de Centre d’accueil fir Refugiéeën (fréiert Altersheim) an de KUSS, fir um nationale Wanderwee “Sentier du Sud” beim Gaalgebierg unzekommen. Nom Tour laanscht de “Centre de récréation” geet een erëm erof a Bieles, fir d’Randonnée um Enn bei der Gemeng ofzeschléissen.

 

Et kéint een natierlech nach e klengen Tierche vun ongeféier 2 Kilometer drun hänken, fir bei ochocolats eran ze sprangen. Wann dir frou mat Schockela sidd, da féiert kee Wee dolaanscht. An no der Wanderung hutt dir Iech eng Schneekegkeet verdéngt.

Et gëtt nach vill aner Weeër an der Gemeng z’entdecken. Hei kënnt Dir Iech inspiréieren.

 


Escape ass d’Serie ronderëm d’Natur an der Gemeng Suessem,
déi “gréng” Aktivitéiten a Plazen an de Mëttelpunkt réckelt.

You don't have permission to register