Friuli Venezia Giulia, e Genoss

Net nëmmen d’Léift geet duerch de Mo, mee dacks entdeckt een och engem Mënsch seng Liewensgeschicht, wann hien eppes op den Teller zaubert. D’Francesca Zarotti-Tinor, Member vun der Suessemer Integratiounskommissioun, huet hir Wuerzelen am Nordoste vun Italien an dat schmaacht een. Och wa si am Alter vun zwee Joer op Lëtzebuerg komm ass, sou huet si d’Regioun Friuli Venezia Giulia a besonnesch d’Gemeng Barcis nawell ëmmer am Häerz gedroen.

Nach haut weist si houfreg, wou hiert Gebuertshaus am Val Pentina stoung. Et kritt ee Loscht, déi pittoresk Landschaften tëscht Bierger a Mier an dëser autonomer Géigend un der Grenz zu Éisträich z’entdecken. Mat engem Menü fir 4 Persounen, deen typesch fir d’Regioun ass, mécht d’Francesca eng kulinaresch Rees mat eis, bei där een aus dem Schwäermen net méi eraus kënnt.

De Star vum éischten Deel vun der Preparatioun ass de “Formaggio salato“, eng regional Spezialitéit aus de Bierger vum Frioul, deen op traditionell Manéier hiergestallt gëtt. Duerch säin héije Salzgehalt hält sech de Kéis méi laang, wat fir d’Mënschen an dëser Regioun fréier e wichtegen, prakteschen Notzen hat. Haut ass de salzege Kéis e Genoss fir d’Frënn vun enger authentescher, regionaler Kichen. Dofir brauch een:

  • 3 Eeër
  • 4 Tranchen Formaggio salato oder Schofskéis (+/- 200 g)
  • Ciabatta
  • 1 Hallem Rosmarin
  • Knuewelek

De salzege Kéis oder de Schofskéis an enger Pan mat Beschichtung schaarf ubroden an duerno d’Eeër bäiginn, andeems mat enger hëlzener Spachtel ëmgeréiert gëtt. Niewendrun Tranchen Ciabatta mat engem Schotz Olivenueleg, dem Rosmarin an e bësse Knuewelek schaarf ubroden. Gutt waarm zerwéieren.


Fir den Haaptplat brauch een:

  • 4 Huesefileten
  • 4 – 6 Stécker Huesefleesch
  • 150 g Parmesan
  • 200 g Bio Polenta
  • 4 Courgetten
  • 2 Muerten
  • 25 cl Geméisfong
  • 25 cl wäisse Wäin
  • Olivenueleg
  • Waasser
  • 1 Strauss Rosmarin
  • 1 Strauss Péiterséileg
  • 2 Salbeiblieder
  • 4 Knuewelekszéiwen
  • 1 Schallott
  • 1 Zelleri
  • 1 Ënn
  • Peffer
  • Salz

3-4 Zoppeläffelen Olivenueleg an engem Dëppe waarm maachen, d’Stécker Huesefleesch gëllebrong broden an duerno d’Fileten. D’Ënn an 2 Knuewelekszéiwen, déi a kleng Stécker geschnidde goufen, bäiginn a mat der Spachtel vermëschen. Den Zelleri an d’Muerten a Lamelle schneiden an an d’Dëppe maachen. No e puer Minutte mat wäissem Wäin ofläschen a salzen a pefferen. De Rosmarin an de Salbei dobäi maachen, an no 10 Minutten de Geméisfong. 45 Minutte laang op klenger Flam brutschele loossen an heiansdo ëmréieren.

D’Courgetten, déi geschielte Schallott an 2 Knuewelekszéiwen a kleng Kübe schneiden. D’Courgette mat 2 Zoppeläffelen Olivenueleg an enger Pan schaarf ubroden, bis se gëllebrong sinn. D’Schallott an de Knuewelek bäiginn an e puer Minutte mat der hëlzener Spachtel ëmréieren, duerno de Péiterséileg, d’Salz an de Peffer dobäi maachen. E puer Minutte brutschele loossen an dann de Parmesan an d’Pan maachen. Den Deckel drop maachen a bei klenger Flam waarden, bis de Parmesan iwwert de Courgettë geschmolt ass.

70 cl Waasser an enger Kasseroll un d’Kache bréngen, salzen an d’Polenta dra maachen. Währenddeem e puer Minutte laang mat der Spachtel ëmréieren. Esoubal d’Waasser absorbéiert ass, d’Temperatur erofsetzen an 10 Minutte laang goe loossen.


Fir den Dessert brauch een:

  • 4 gutt zeideg Pijen
  • Prosecco

D’Pijen a kleng Stécker schneiden, an eng Schossel maachen an de Prosecco bäiginn. Vermëschen, ofdecken an 2 Stonne laang an de Frigo setzen. Gutt kill zerwéieren.

Gudden Appetit!

You don't have permission to register