Op de Spuere vun der Fauna a Flora

Genau deen Ablack, wou d’Libell sech um Bord vum Weier néier léisst, dréckt de Jean-Marie Haas op den Ausléiser vu sengem Fotoapparat. Den Hobby-Ornitholog hëlt sech och gären déi néideg Zäit fir dëst Insekt mat sengen eenzegaartege Flilleken ze beobachten. Mir hunn eis mam President vun der lokaler „natur&ëmwelt“Sektioun Rendezvous ginn, fir bei engem gemittlechen Tour an der Natur iwwert d´Ziler an d´Missioune vu sengem Veräin ze schwätzen. Virun allem an der Gemeng Suessem, wou d´Fauna an d´Flora a permanentem Wandel sinn.

Dir hutt sécher schonns eemol eppes vun der a.s.b.l. „natur&ëmwelt“ héieren. Déi sëlleche lokal Ënnerveräiner, déi duerch dat ganzt Land verspreet sinn, verbënnt een iwwergeuerdent Zil: den Erhalt vun der Biodiversitéit, an dat enger natierlecher an ofwiesslungsräicher Natur. Dëser Missioun ginn net manner wéi 11.000 Memberen no, an dat andeems si sensibiliséieren, Rotschléi ginn, a konkret Moossnamen ergräifen. Dës kënne wëssenschaftlecher oder politescher Natur sinn, a sinn emol méi grouss an emol méi kleng ugeluecht.

Zu deene méi reegelméissegen Aktivitéiten zielt d´Ophänken an den Entretien vu Villerchershaisercher, sief dat am ëffentleche Raum oder och bei Privatleit. Dës Haisercher sinn net nëmme fir Sangvillercher geduecht, mee och fir Eilen oder Fliedermais, erkläert de Jean-Marie Haas. „Bei dësen Aktioune kucke mir meeschtens, dass Schoulklassen oder Scouten eis begleeden. Op deem Wee bréngen mir deene Jonken d’Natur op eng praktesch Aart a Weis méi no.“

D’Aarbecht mat de Villercher hält awer net mat den Haisercher op. An deene méi kale Wanterperioden hëllefen d’Memberen, dass d’Villercher eppes z’iessen hunn. Bei der Vullebestandsopnam vun der ornithologescher Zentral vun „Natur&Ëmwelt“bedeelege sech lokal Feldornithologe vun der Sektioun.

Wat d’Fauna ugeet, sou péckt déi lokal Sektioun och gäre bei Bam- oder Heckplanzaktiounen eng Hand mat un. Donieft huet se sech och ëm den Entretien vu Kappweiden gekëmmert, dëse ganz spezielle Beem, deenen hier Morphologie vum Mënsch verännert gouf an déi et de Villercher besonnesch ugedoen hunn. An der Tëschenzäit ginn dës manuell Aarbechten regelméisseg vum interkommunalen Syndicat fir d’Konservatioun vun der Natur (Sicona) duerchgefouert.

 

 

Zwee wichteg Pilieren: Berodung a Sensibiliséierung

„Eis Membere setze sech fir en aktiivt a konstruktiivt Erhale vun der Natur an der Gemeng Suessem an,“fiert de Jean-Marie Haas virun. Dëst geschitt ënner anerem duerch d’Präsenz vun zwee Benevollen an der Ëmweltkommissioun oder och nach duerch déi exzellent Relatioune mam lokale Fierschter.

 

De PAG vun der Gemeng, d´Erhale vun de Gréngflächen, d´Restauréierung vun de Baachen, asw. : déi Fräiwëlleg schreiwen och des Ëfteren, wann néideg, konstruktiv Avisen a Rotschléi zu ganz verschiddenen Themen. Eenzeler dorënner sinn och méi sensibel, wéi zum Beispill d’Positioun zum geplangte Contournement, deen direkt duerch eng Natura 2000 Zone féiere soll. D’Zil vu sou Interventiounen ass et awer net de Leit op de Geescht ze goen, wäit dovunner ewech: et geet an éischter Linn dorëms d’Biodiversitéit z’erhalen, déi haaptsächlech duerch eng Iwwerbauung vu ville klenge Gréngzonen innerhalb vun eisen nach liewenswäerten Uertschaften ëmmer méi verschwënnt.

 

No un der Natur, bedeelege sech d’Membere vun „natur&ëmwelt Gemeng Suessem“ och reegelméisseg u Botzaktiounen an der Natur, am Bësch oder laanscht d´Baachen. „Donieft organiséiere mir och vereenzelt Randonnéeën, déi fir jidderee sinn a bei deenen och ëmmer ee Guide dobäi ass. Eis Experte kënnen op déi Manéier interessant Erklärungen iwwert d’Fauna an d´Flora an eiser onmëttelbarer Ëmgéigend ginn an och op Froe vun de Leit äntweren“, präziséiert de Jean-Marie Haas.

 

 

„D´Awunner aus eiser Gemeng kënne sech glécklech schätzen, dass si vu sou villen natierleche Sitte profitéiere kënnen, déi sécherlech all schützenswäert sinn“

 

Zu dëse Sitte gehéiert notamment ee Sentier historique mat Relikten aus der Zäit vu Feier an Eisen an op deem ee wonnerbare Vuë vum „Gaalgebierg“a vum „Pakebierg“erof huet. Zu Zolwer sinn et de „Lëtschef“an den eenzegaartegen„Zolwerknapp“,dee mat senge 422m zu den héchste Punkten am Süde vum Land zielt. Op Éilerenger Säit kann een der „Brillbaach“nogoen a beim ale Crassier  gesitt Dir mat Chance dat eent oder anert seelent Déier.

Tëscht Zolwer a Suessem, op der Héischt vun der Kräizung vun der Collectrice, si rezent Weieren ugeluecht ginn, wou sech a kierzester Zäit eng grouss Aartevilfalt ugesidelt huet. Des Weideren dierf een och net de Suessemer Schlasspark mat sengen imposante Beem vergiessen. Dat selwecht gëllt fir den „Uerschterhaff“, wou d’Weiden ënnert nationalen Denkmalschutz gestallt goufen a mam Milan en impressionante mee leider och bedrote Gräifvull heemech ass.

Wann ee sech a Richtung Käerjeng opmécht, sou bidde sech virun allem flott Spadséiergäng duerch d’Naturreservater „Dreckswiss“an „Héierchen“(Site Natura 2000) un.

Duerch e rezenten Zouwuess un aktive Comitésmemberen ass d’Lokalsektioun recht zouversiichtlech fir hir Objektiver och an Zukunft z’erreechen.

Gidd Member bei „natur&ëmwelt“!
Mellt Iech op landesniveau bei „natur&ëmwelt“(Valerie Klein ; Tél. 29 04 04 329 // v.klein@naturemwelt.lu) oder bei der lokaler Sektioun „natur&ëmwelt Gemeng Suessem“(Jean-Marie Haas // jm.haas@pt.lu)

You don't have permission to register