Goaaaaal!

Kaum ee Sport rifft esou vill Leidenschaft an Äifer ënnert sengen Unhänger ervir wéi de Futtball. Vum klenge Schoulhaff bis an de grousse Maracanã, säit Jorzéngte verbënnt dat ronnt Lieder d’Mënsche ronderëm d’Welt. Duerch hier laang an eenzegaarteg Geschicht hunn déi dräi Veräiner aus der Suessemer Gemeng de Grondsteen vun enger sportlech fairer Rivalitéit geluecht. Mir hunn déi dräi Presidente getraff.

Déi gutt al Zäit

Am Joer 1908, déi grouss FIFA hat deen Ablack eréischt fënnef Joer um Bockel, gouf fir déi éischte Kéier offiziell Futtball an der Gemeng Suessem gespillt. De Football vun deemools hat awer nach ee ganz anere Charakter wéi hautesdaags a war virun allem méi roueg a formell. “Eise Club ass ouni Zweiwel ee vun deenen eelsten zu Lëtzebuerg”, erkläert den Tom Weis, President vum FC The Belval Belvaux, houfreg. Den CS Suessem sengersäits huet 1947 esou richteg lass geluecht, zwee Joer nom Enn vum Krich an no zwee mësslongene Versich de Veräin z’etabléieren an de Joren 1919 an 1930. Spillt den CS Suessem hautesdaags op engem moderne syntheeteschen Terrain, sou huet d’Wiss fréier misse mat de Kéi gedeelt ginn. Dee Jéngsten a soumat och Challenger am Bond vun deenen dräi Clibb ass den FC Éilereng, deen 1959 ënner kräfteger Mathëllef vum lokale Paschtouer an d’Liewe geruff gouf.

Eng gesond Konkurrenz

Mat ronn 750 lizenzéierte Spiller a méi wéi honnert Benevolle sinn déi dräi Clibb aus der Gemeng gutt opgestallt. Wat d’Zukunft betrëfft, sou hunn déi dräi Presidenten natierlech sportlech Ambitiounen, sief dat en Opstig an déi 1. Divisioun oder souguer an d’Éirepromotioun. Dobäi erënnert ee sech gären un d’Wierder vum Albert Camus, déi de Geescht vun dëser populärer Sportaart sou gutt op de Punkt bréngen: “Et gëtt keng Plaz op der Welt, wou de Mënsch méi glécklech ass wéi an engem Futtballstadion.”

Och wann all Club äusserst loyal Supporter an eng eenzegaarteg Identitéit huet, sou steet nieft der sportlecher Konkurrenz ëmmer ee fairt a mënschlecht Mateneen am Mëttelpunkt: “Natierlech geet et um Terrain dowidder,” erkläert den Tom Weis, President vum FC The Belval Belvaux, “mee wann ofgepaff ass, kënne sech d’Presidenten, d’Spiller an natierlech och d’Supporter erëm an den Aarm huelen.” Dass deem wierklech esou ass, mierkt een och un der gudder Atmosphär an der Buvette, dës puer Quadratmeter an de Veräinsfaarwen, wou net nëmmen eng helle Wull Fotoen hänken a Coupe stinn, mee wou virun allem och, mat enger Béier am Grapp, nom Training oder nom Match nach eng gutt Zäitche gepotert an diskutéiert gëtt. Dat ënnersträicht och d’Carole Bragança, Presidentin vum CS Suessem, där hir dräi Kanner vum Futtballféiwer gepak goufen an déi opgehalen huet d’Stonnen am Déngscht vum CS Suessem ze zielen: “Bei Tournoie si mir vu moies bis owes am Asaz. Dobäi hëlt d’Buvette eng ganz essentiell Plaz an, well hei Spiller, Supporter a Benevolle beienee kommen.”

Bei dës familiär a mënschlech Atmosphär kënnt de Wëllen dobäi fir sämtlech Nationalitéiten a Kulture beim Futtball ze verbannen: “Mir si staark un eis Identitéit, un eis Sprooch an d’Wäerter vun eisem Land geknäppt, awer och mat Iwwerzeegung multikulturell. Et ass fir eis eng richteg Stäerkt, wann um Terrain déi ënnerschiddlechst Nationalitéiten zesumme fir eng Equipe spillen,” erzielt de Marco Stocchi, “verwinnten” President vum FC Éilereng, wéi hie selwer gäre seet. Wann een eng méiglech Fusioun vun deenen dräi Veräiner uschwätzt, da ginn d’Ouere gespëtzt: “Mir hunn an der Vergaangenheet schonns e puer Mol iwwert déi Iddi diskutéiert, mee bis elo gëtt et näischt Konkretes an där Hisiicht,” erkläert d’Carole Bragança. Dat bedeit allerdéngs net, dass déi dräi Veräiner sech net verstinn oder net elo schonns een deem aneren, wann néideg, eng Hand upéckt.

Mat gudder Hand gefouert

Och wann de Sport an de Spektakel d’Finanze vun deenen dräi Clibb bestëmmen, sou steet eng gesond Gestioun souwéi de Confort vu sämtleche Lizenzéierten zu Bieles, Éilereng a Suessem op éischter Plaz. ”Mir si jidderengem schëlleg, de Club wéi eng Entreprise ze féieren. Als President iwwerhëlt een dobäi d’Roll vun engem Koordinator. Ech probéieren déi eenzel Delegatiounen ze managen, déi hirersäits alleguerte vun engem Comitésmember ugefouert ginn, dee sengersäits dat ganzt Joer iwwer eng Rei Missiounen huet,” erkläert den Tom Weis. Et kann een déi vill Fräiwëlleger, ob an der éischter Rei oder méi am Hannergrond, just bewonneren, well si sinn et, déi mat hirer perfekter Organisatioun d’Clibb um Liewen halen.

You don't have permission to register