Café Chaplin: Gesellegkeet an Traditioun

Et hat een eis gewarnt, dass een am Café Chaplin zu Éilereng direkt vun der waarmhäerzeger a sympathescher Natur vun den Éilerenger Awunner ageholl géif ginn. Mir hunn d’Proprietärin Stefania Zaccardelli getraff. D’Stefania schafft schonn 12 Joer laang am Chaplin an huet an där Zäit villes erlieft. Als éischt als Serveuse, dono als Responsabel an elo offiziell un der Spëtzt. Eng Roll, an där si sech direkt gesinn huet an och wëlles huet nach eng ganz Rei Joren auszefëllen. Beim Stefania senger Frëndlechkeet a sengem Zerwiss fillt ee sech direkt wéi doheem.

De Chaplin ass zu Éilereng – awer och doriwwer eraus – eng Institutioun. Hei treffe sech net nëmme Stammclienten, déi mat der Zäit richteg Frënn gi sinn, mee och Leit, déi einfach an enger authentescher Atmosphär ee Patt drénke wëllen. Schonn iwwer 100 Joer laang mécht dëst traditiounsräicht Lokal den Eck tëscht der Escher an der Monnerecher Strooss. An och wann d’Stefania den Interieur komplett am Stil vun engem gemittleche Chalet frësch gemaach huet, sou verléiert de Café näischt vu sengem urspréngleche Charme.

Zanter Kuerzem kann de Chaplin nach mat engem weidere Plus punkten: der griichescher Kiche vum Tsatsos. Zesumme mat engem Kolleeg huet hie sech an d’Aventure vum “Souvlaki” gestierzt a proposéiert den hongerege Gäscht eng exzellent griichesch-mediterran Kiche mat Pitaen a Gegrilltem.

A villäicht gesäit ee sech op enger vun de villen Theme-Soiréeë freides owes, wa bei gudder Ambiance bis wäit no Mëtternuecht am Chaplin gedanzt a gefeiert gëtt.

You don't have permission to register