E Fleckche Gréngs

All Awunner aus der Gemeng Suessem huet d’Méiglechkeet, eng Patenschaft iwwert eng Gréngfläch viru sengem Haus oder senger Wunneng z’iwwerhuelen. A Fro komme Bamscheiwen, Hochbeeter a virun allem kleng Gréngflächen. Dës si vum Service Environnement katalogiséiert a ginn den interesséierte Bierger zougedeelt. D’Gemeng Suessem invitéiert och all d’Parrainen op ee gesellegt Grillfest an d’Matgesfeld op Bieles.

Dir wëllt Parrain vun enger ëffentlecher Gréngfläch ginn? Da mellt Iech beim Service Ecologique vun der Gemeng Suessem op der E-Mail Adress service.ecologique@suessem.lu oder um Telefon 59 30 75 – 659.

 

Wat sinn d’Aufgabe vun engem Parrain?

+ Bei laanger Dréchent d’Gréngflächen an d’Beem regelméisseg nätzen

+ D’Gréngfläche propper halen a wann néideg Onkraut rappen

+ D’Schneide vu verblitte Still a Planzen (keng Beem)

+ De Service Environnement bei Knascht, Beschiedegungen oder kranke Planzen informéieren

+ Dekorativ Konschtgéigestänn kënnen an Ofsprooch mam Service Environnement, an am Respekt vum Code de la Route, opgestallt ginn

 

Wat dierf een als Parrain net maachen?

– Anere Bierger d’Plécke vu Geméis oder Kraider verbidden

– D’Planzen erausrappen an duerch neier ersetzen

– Pestiziden oder Dünger benotzen

– Steng oder Kompost op d’Gréngfläche schëdden

– Eng finanziell Entschiedegung fir d’Waasser an d’Aarbecht fuerderen

3 Froen un den Tom Claude, Responsabele vum Service Environnement vun der Gemeng Suessem

Firwat sollen sech eis Bierger als Parrain engagéieren?

Esou eng Kooperatioun tëscht Gemenge-Servicer a Bierger kann a villerlee Hisiicht ganz fruchtbar sinn. Als Éischt freeë mir eis als Service Environnement natierlech iwwert all Coup de Main, dee mir kréie kënnen. Eis Aufgabe wuesse kontinuéierlech a mir kënnen – och bei Reklamatiounen – leider nët ëmmer sou séier reagéieren, wéi mir eis dat wënschen. Mir wëssen och dacks net, wann eppes net an der Rei ass. Mat dësem Projet fuerdere mir nët nëmmen d’Kommunikatioun tëscht alle Bedeelegten, mee mir responsabiliséieren eis Awunner och a bréngen am Idealfall deen een oder aneren an den “grénge Beräich”.

Déi ëffentlech Gréngfläche sollen awer net wéi privat Gäert ënnerhale ginn…

Et gi verschidde Spillreegelen, un déi jidderee sech hale muss. Et ass och kloer, dass mir net vun eise Bierger verlaangen, kleng Parkanlagen oder Rondpointen z’ënnerhalen. Dat ass och guer net de Sënn vun der Saach. Mir wëllen d’Leit sensibiliséieren a mat abannen. Wat méi Leit matmaachen, wat mir méi eng grouss Ofwiesslung an eise Gréngfläche kënnen hunn.

Wéi wäert déi Kooperatioun genau ausgesinn?

Am Detail kucke mir natierlech zesumme mat deenen eenzelnen Interesséierte vun Îlot zu Îlot, wat méiglech ass a wat sech u Planzen, Blummen oder klengen Dekoratiounen ubitt. Selbstverständlech keeft a finanzéiert d’Gemeng all d’Gréngs, dat an den Îlote verschafft gëtt. Déi zwou Haaptsaisone fir ze planze si Mäerz/Abrëll a September/Oktober, donieft geet et wéi scho gesot an éischter Linn ëm den Entretien.

 

 

 

You don't have permission to register