Frësche Wand am Schäfferot

Mat senger 20-järeger politescher Erfarung als Member vum Gemengerot gouf de Mike Lorang am November 2019, als Nofollger vum Marco Goelhausen, als Schäffe vun der Gemeng Suessem vereedegt. Hien ass e Frënd vum konstruktiven Dialog an der oppener Bureausdier, a säin Zil ass et, fir d’Erausfuerderunge vu muer zesummen unzegoen, mat vereente Kräften.

An de Ressorte Mobilitéit, Personal vun der Administratioun an dem Service Technique, Ëffentlech Plazen a Gréngflächen, Gesondheet, Tourismus, Fester, Mäert an ëffentlech Manifestatiounen, Jugend a Jumelage probéiert de Mike Lorang nei Akzenter ze setzen. Am Portrait weist hien awer och seng manner bekannt Säiten, ënner anerem déi vum Reesgeck a Vëlosfreak.

An der Serie “Hi!” kucke mir hanner d’Kulisse vum Schäfferot aus der Gemeng Suessem.

 

 

You don't have permission to register